Scroll Top

Faktencheck: Google huet Palästina wärend dem Gaza-Krich net aus senge Kaarten erausgeholl

Faktencheck: Google huet Palästina wärend dem Gaza-Krich net aus senge Kaarten erausgeholl - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Google huet op en Neits eng Desinformatioun am Internet widderluecht, dass et Palästina aus senge Kaarte vun der Gazasträif an dem Westjordanland erausgeholl hätt, wéi de Krich tëscht Israel an der militaristescher Palästinenser-Organisatioun Hamas ugefaangen huet.

Dës Behaaptung war am Juni 2024 nees opgedaucht, wéi et zu enger globaler Beweegung koum, fir de Palästinenser en eegene Staat ze ginn.

Zënter dem 7. Oktober ass e Krich tëscht Israel an der palästinensescher Organisatioun amgaangen, deen duerch d’Attack vun der Hamas de 7. Oktober 2023 ausgeléist gi war.

Google huet Palästina vun der Landkaart geholl“, steet am Kommentar zu engem Video, deen den 12. Juni 2024 an enger Facebook-Grupp mat méi wéi 328.000 Membere verëffentlecht gouf.

De Clip, deen iwwer 14.000 Views hat, schéngt eng Opnam vun engem Ecran bei enger Google-Sich no “Palästina” ze weisen.

Eng Kaart an de Resultater ass op Israel, de Libanon a Jordanien zentréiert, a gestréchelt Linne markéieren déi palästinensesch Gebidder vun der Gaza-Sträif a vum Westjordanland.

Laut Google markéieren déi gestréchelt Linnen ëmstridde Grenzen (archivéierte Link).

RTL © AFP

Änlech gefälscht Bäiträg goufen och op Facebook (hei an hei) a vun Notzer op de Philippinnen, a Kenia an a Saudiarabien gedeelt.

D’Behaaptung, déi vun der AFP schonn am Juli 2020 opgedeckt gi war, war nees opgedaucht, wéi wéinst dem Gaza-Krich eng global Beweegung entstane war, dass d’Palästinenser hiren eegene Staat sollte kréien.

D’Majoritéit vun den UN-Memberstaaten huet déi palästinensesch Eegestaatlechkeet mëttlerweil unerkannt – dozou gehéieren déi meescht Länner aus dem Noen Osten, aus Afrika, Latäinamerika an Asien, awer net d’Vereenegt Staate vun Amerika, Kanada, d’Majoritéit vun de westeuropäesche Länner, Australien, Japan oder Südkorea.

De Krich gouf duerch déi Attack, wéi et der bis ewell just wéineg gouf, vun der militanter Palästinenser-Grupp Hamas op Südisrael de 7. Oktober 2023 ausgeléist, bei där enger AFP-Zielung no, déi op israeeleschen Zuele berout, 1.195 Mënschen ëmbruecht goufen. Déi meescht Leit dovu waren Zivilisten.

Déi israeelesch Revancheoffensiv huet op d’mannst 38.200 Mënschen an der Gaza-Sträif d’Liewe kascht, virun allem Zivilisten, sou de Gesondheetsministère vum Gebitt, dat vun der Hamas regéiert gëtt.

Keng Verännerung

E Spriecher vu Google huet der AFP den 9. Juli 2024 an enger E-Mail matgedeelt, dass d’Duerstellung vu Palästina op Google Maps net verännert gi wär.

Am Video sote si, dass eng Sich no Palästina op Google Maps eng Kaart vum Gebitt mat Beschrëftunge fir d’Westjordanland an d’Gaza-Sträif gewisen hätt, awer well et keen eenheetleche Konsens tëscht den internationale Gremien iwwer d’Gebidder vu Palästina gëtt, kéint Google d’Grenzen zu dësem Zäitpunkt net zouverlässeg uweisen a kennzeechnen.

Am Video sote si och, dass Google zoustänneg wier, fir déi ëmstridde Gebidder op senge Kaarten objektiv unzeweisen. Google géif dat maachen, andeem et Donnéeë vu globale kartographeschen Agencë consultéiert an all ëmstridde Grenzen als gestréchelt gro Linnen uweist.

D’Christine Leuenberger, Dozentin op der Cornell University, déi sech op d’Geschicht a Soziologie vun der Kartographie vun Israel an de palästinensesche Gebidder spezialiséiert huet, huet der AFP den 21. Juli 2020 an enger E-Mail matgedeelt, dass “d’Wuert Palästina nimools op dëse Landkaarte gewiescht wär – héchstens de Begrëff Westjordanland a Gaza”.

“Op de Landkaarte gëtt den Numm ‘Palästina’ normalerweis mat dem historesche Palästina virun der Grënnung vum israeelesche Staat a Verbindung bruecht a gëtt net an de Mainstream-Noriichte vum Weste benotzt”, sot si.

“Normalerweis ginn d’palästinensesch Gebidder duerch eng gestréchelt Demarkatiounslinn gekennzeechent, déi ëmstridde Gebidder concernéiert an d’Gebidder (vu Gaza a Westjordanland) ginn net ernimmt. Alternativ ginn d’Gebidder mat esou gestréchelte Demarkatiounslinnen duergestallt an och mat ‘Westjordanland’ a ‘Gaza’ beschrëft.”

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.