Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Gouf a Malaysia en Dokter higeriicht, well e Covid-Vaccin déidlech Suitten hat?

Faktencheck: Gouf a Malaysia en Dokter higeriicht, well e Covid-Vaccin déidlech Suitten hat? - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

E Video, dee weltwäit op de sozialen Netzwierker zirkuléiert, weist déi amerikanesch Doktesch Betsy Eads, déi fälschlecherweis behaapt, Malaysia hätt en Dokter wéinst “Doutmaache vun engem Patient” mat engem Covid-19-Impfstoff higeriicht.

“Nürnberg huet (op der ganzer Welt) nees ugefaangen”, heescht et op Malaysesch an engem Facebook-Bäitrag vum 15. November 2022.

Dora gëtt behaapt, e malayseschen Dokter wär “zum Doud verurteelt gi” wéinst “virsätzlechem Mord duerch d’Sprëtze vun der Covid-19-Biowaff”.

De Video weist déi US-amerikanesch Doktesch Betsy Eads, déi virdru scho Falschmeldungen iwwer de Covid-19-Impfstoff verbreet huet, am Podcast vum Conservative Business Journal.

“Ech hu matkritt, dass a Malaysia den éischten Dokter no dem Nürnberger Kodex ëmbruecht gouf, well hien engem Patient e Biowaffen-Impfstoff gesprëtzt huet, deen doru gestuerwen ass”, seet si.

RTL Screenshot of the misleading post, taken on January 10, 2023

Den Nürnberger Kodex ass e Ensembel vun eethesche Grondsätz fir mënschlech Experimenter, wéi z.B. fräiwëlleg Awëllegung a Vermeidung vun onnéidegem Leed.

De Kodex ass no den Nürnberger Prozesser géint NS-Krichsverbriecher entstanen, dorënner Dokteren, déi wéinst hirer Roll beim Duerchféiere vu medezineschen Experimenter u Prisonéier an de Konzentratiounslageren ugeklot goufen.

D’AFP huet eng Rei vu Falschinformatiounen iwwer den Nürnberger Kodex opgedeckt, dozou gehéieren och Falschmeldungen, dass Impfstoffer géint d’Prinzippie vum Kodex verstousse géifen.

De Video gouf iwwer 8.000 Mol an änleche Bäiträg op TelegramTikTok an der russescher Plattform VK opgeruff an op Facebook ass de Video a ville Länner am Ëmlaf, ë.a. Australien, Südafrika, déi Vereenegt Staate vun Amerika an d’Vereente Kinnekräich.

Keng Hiriichtunge säit 2018

Malaysia huet am Oktober 2018 d’Ofschafung vun der Doudesstrof ugekënnegt, wéi e Moratoire fir Hiriichtunge verhaange gouf.

Am Juni 2022 huet d’Regierung matgedeelt, si hätt sech bereet erkläert, déi obligatoresch Doudesstrof ofzeschafen, déi fir eelef Strofdote wéi Mord, Entféierung, Besëtz vu Schosswaffen an Drogenhandel verhaange gi kann.

Déi malaysesch Justizministesch Azalina Othman Said huet am Dezember 2022 ugekënnegt, dass d’Regierung am Februar 2023 e Gesetz fir d’Ofschafe vun der Doudesstrof virleeë wäert.

“De Moratoire fir verurteelt Persounen, déi d’Doudesstrof misste kréien, bleift weiderhin a Kraaft, bis alleguer d’Ännerunge vum Gesetz ëmgesat sinn”, sot si an engem Communiqué.

E Vertrieder vun Amnesty International sot géintiwwer der AFP, dass déi malaysesch Geriichter zwar weiderhin Doudesurteeler ausschwätzen, et awer säit der Ukënnegung vum Moratoire 2018 keng Hiriichtunge méi ginn hätt.

Den Dobby Chew, Affekot fir Mënscherechter a Malaysia a Chef-Koordinator vum Anti-Death Penalty Asia Network, sot géintiwwer der AFP, dass et säit 2018 keng Hiriichtunge méi am Land ginn hätt.

Déi lescht Hiriichtung, déi nogewisen ass, war am Joer 2018 gewiescht, sot den Chew mat Referenz op de Rapport vun der malaysescher Mënscherechtsorganisatioun SUARAM.

Déi malaysesch Autoritéiten hunn den Numm vun der Persoun, déi higeriicht gouf, net ëffentlech genannt.

Der Internetsäit vum malaysesche Federal-Geriicht no hunn d’Urteeler, déi am Joer 2022 gesprach goufen, Fäll betraff, déi Jore virun der Aféierung vum Covid-19-Impfprogramm am Februar 2021 ugefaangen hunn.

Keng Doudesfäll wéinst Vaccine enregistréiert

Bis de 16. Januar 2023 hat Malaysia méi wéi 72,6 Milliounen Dosissen u Covid-19-Vaccine gesprëtzt, woubäi ronn 84 Prozent vun der Bevëlkerung op d’mannst zwou Impfunge kritt hunn.

Et gouf keng Doudesfäll, “déi an direktem Zesummenhang mat dem Impfstoff, dee gesprëtzt gouf, stoungen”, sot d’National Pharmaceutical Regulatory Agency (NPRA) an hirem leschte Rapport mat Informatioune vum 20. September 2022.

D’AFP huet keng glafwierdeg Berichter fonnt, no deene Malaysia en Dokter exekutéiert huet, well hien e Patient mat engem Covid-19-Vaccin ëmbruecht hätt.

Gesondheetsagencë soen, dass Covid-19-Impfstoffer sécher an effikass sinn an dass de Benefice vun der Impfung bei wäitem méi grouss ass wéi d’Risiken.

D’AFP huet an der Vergaangenheet schonn déi ierféierend Behaaptunge vum amerikanesche Kardiolog Peter McCullough iwwer den Impfprogramm vu Malaysia opgedeckt.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.