De Green Deal vun der EU war an ass Zilscheif vun enger Rei Desinformatiounen am Internet – dorënner och erfonnt Behaaptungen, Bréissel géif d’Aféierung vun engem “Kuelestoffpass” oder e Verbuet vu Reparaturen un Autoen, déi méi al wéi 15 Joer sinn, plangen. Dat hu Faktencheck-Organisatioune wéi AFP Factuel an aner Membere vum Projet Elections24Check virun den EU-Parlamentswalen, déi tëscht dem 6. an dem 9. Juni 2024 ofgehale goufen, erausfonnt.
De Green Deal ass ee vun de wichtegste Projete fir d’EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen, déi eng zweet Amtszäit ustrieft. Dobäi handelt et sech ëm e Projet, deen als Zil huet, bis 2050 Netto-Null-Emissiounen ze erreechen an Ekosystemer ze erhalen. Doduerch soll d’EU klimaneutral gemaach ginn.
Mee de Plang ass souwuel vun der fossiller Brennstoffindustrie an dem Agrarsecteur wéi och vun de politeschen an extreeme Rietse schaarf kritiséiert ginn, soudass d’Zukunft vum Green Deal jee no Ausgang vun de Wale méiglecherweis souguer a Gefor kéint sinn – wéi an engem Artikel op der franséischsproocheger Internetsäit “les Surligneurs” festgestallt gëtt.
Virun allem a Sozialen Netzwierker verbreeden Rietsextreemer, Klimaleegner a Konspiratiounssäiten Desinformatiounen, fir d’Ofkommes ze diskreditéieren, sou den Arnaud Mercier, Professer fir Informatiouns- a Kommunikatiounswëssenschaften op der Université Panthéon-Assas zu Paräis.
Notzerinnen an Notzer vu Sozialen Netzwierker, déi souwisou schonn europa- oder wëssenschaftsfeindlech sinn, fille sech duerch déi grouss Muecht vun dësen Acteuren encouragéiert, falsch oder ierféierend Behaaptungen “a guddem Glawen” ze verbreeden, sot de Mercier géintiwwer der AFP.
Expertinnen an Experte betounen och, dass Staate wéi Russland och versichen, d’EU iwwer hir gréng Initiativ ze ënnergruewen. “De Kreml verbreet aktiv Narrative vun Desinformatioun am Zesummenhang mat dem Green Deal”, sot de Martin Vladimirow, Direkter vum Zenter fir Demokratiefuerschung zu Sofia, an huet op d’Propaganda “iwwer d’Gefore vu Wandrieder” verwisen.
Sou gëtt beispillsweis fälschlecherweis behaapt, dass Wandrieder Dréchenten ausléise géifen – wéi an dësem AFP-Faktencheck-Artikel erkläert – oder dass duerch Wandrieder all Liewewiesen an engem Ëmkrees vu 15 Kilometer vernicht géifen – wéi déi lettesch Faktencheck-Säit Re:Baltica gemellt huet.
D’Klima am Allgemengen ass reegelméisseg Géigestand vu falsche Behaaptungen a Sozialen Netzwierker. Bis den 29. Mee 2024 war d’Theema Klima no dem Krich an der Ukrain den zweetheefegsten zitéierte Sujet an de Faktenchecken, déi der Datebank vun Elections24Check bäigefüügt goufen.
© AFP
Kee “Kuelestoffpass”
An de leschte Méint hu Journalistinnen a Journaliste vun der AFP an de ronn 40 aneren Organisatiounen, déi un dem Projet deelhuelen, eng Rei vu falschen oder ierféierende Behaaptungen iwwer Aspekter vum Green Deal an de Beräicher Verkéier, Energie, Landwirtschaft oder Biodiversitéit iwwerpréift a widderluecht.
Eng falsch Behaaptung, déi a Rumänien wäit verbreet war, huet gemengt, dass Bréissel geschwë “Kuelestoffpäss” aféiere géif, fir d’Kuelestoffemissioune vu jidderengem ze moossen an d’Méiglechkeete fir ze reese bei Iwwerschreidung vun engem virdru festgeluechte Grenzwäert anzeschränken.
D’Gianina Serban vun der rietser AUR-Partei huet d’Desinformatioun verstäerkt, andeem si sech doriwwer beschwéiert huet, dass sech d’EU “an eng Zort sowjetescht Kommissariat ze verwandele schéngt, dat Limitatiounen operleet”. Si huet all Rumäninnen a Rumänen opgefuerdert, sech dogéint ze wieren, andeem si bei de Wale vum 6. bis den 9. Juni 2024 fir “Patrioten a Vertrieder vun der Souveränitéit” stëmmen.
Och op anere Plaze gouf fälschlecherweis behaapt, de Green Deal vun der EU géif de Wee fir e Verbuet vum “Ubau vu Geméis an Uebst fir den Eegebedarf” bereeden. Dat goung aus Norichte vun enger Rei Internetnotzer a Polen ervir, déi vun der Faktencheck-Säit “Demagog” analyséiert goufen.
Meeschtens bezitt sech d’Desinformatioun op scho bestoend Texter, déi dann an en anere Kontext gesat an esou inhaltlech verzerrt ginn.
Autoen – en heikelt Theema
En Theema, dat d’Gemidder ganz besonnesch zum Kache bréngt, sinn Autoen. Bréissel ass fest decidéiert, d’Ofhängegkeet vu fossille Brennstoffer ze reduzéieren, a wëll dohier de Verkaf vun neie Bensinn-Gefierer bis 2035 zu Gonschte vun Elektroautoen astellen.
Vill gesinn doran en Ugrëff op déi individuell Fräiheeten an a ganz Europa – dorënner Bulgarien, d’Tschechesch Republik, Frankräich, Griicheland, Däitschland, Holland, Rumänien an dem Vereenegte Kinnekräich – sinn ierféierend Behaaptungen am Ëmlaf, Bréissel wéilt d’Reparéiere vun Gefierer, déi méi al wéi 15 Joer sinn, verbidden oder dës souguer beschlagnamen a verschrotten.
Wat d’Europäesch Kommissioun am Juli 2023 tatsächlech proposéiert huet, war en Iwwerschaffe vum Gesetzestext iwwer al Gefierer, fir deenen hire Recycling besser ze organiséieren. Déi proposéiert Direktiv – déi nach votéiert muss ginn, éier se a Kraaft trëtt – enthält keng spezifesch Mesurë fir Autoen, déi méi al wéi 15 Joer sinn.
Am Dokument gëtt virgeschloen, dass all Gefier, deem seng Reparatur “den Austausch vum Motor, vun der Boîte, Karosserie oder vum Chassis” erfuerdere géif, als “technesch irreparabel” agestuuft sollt ginn. Dat géif Privatpersounen awer net dorun hënneren, esou e Gefier reparéieren ze loossen, wa si dat wënschen.
Fir Autobesëtzerinnen a -besëtzer gesäit déi proposéiert Direktiv just d’Obligatioun vir, hiert Gefier um Enn vu senger Liewensdauer bei enger zougeloossener Verwäertungsanlag ofzeginn. Déi iwwreg Obligatioune concernéieren d’Hiersteller vun de Gefierer an d’Memberstaaten an zilen dorop of, d’Sammlung, Verwäertung an de Recycling vun ale Gefierer ze verbesseren.
E weidert Beispill fir Desinformatioun betreffend de Green Deal ass d’EU-Renaturéierungsgesetz, dat Enn Februar 2024 vum Europäesche Parlament gestëmmt gouf. A Schweden hunn eng Rei Notzerinnen an Notzer vu Sozialen Netzwierker den Austrëtt vun hirem Land aus der EU gefuerdert, nodeem fälschlecherweis behaapt gi war, d’Gesetz géif all Zort vu Landwirtschaft an Naturschutzgebidder verbidden.
Änlech verhält et sech a Portugal, wou a Sozialen Netzwierker verbreet gouf, dass angeeblech 10 Prozent vun der landwirtschaftlecher Notzfläch stëllgeluecht solle ginn – eng Zuel, déi sech néierens am Gesetzestext fanne léisst, wéi op der Faktencheck-Säit “Poligrafo” betount gëtt.
An a Polen huet d’Konfederatioun vun der Fräiheet an Onofhängegkeet – eng nationalistesch Grupp, déi déi “absurd Politik vun der Europäescher Unioun” uprangert – fälschlecherweis behaapt, dass d’EU-Renaturéierungsgesetz polnesch Baueren dozou verflichte géif, entwässert Torfmoueren ze iwwerfluten – wéi “Demagog” erkläert huet.
A Wierklechkeet gesäit d’Gesetz Mesurë fir d’Erëmhierstelle vun Ekosystemer op 20 Prozent vun de Land- a Mieresgebidder an der EU bis 2030 vir an d’Erëmhierstelle vun op d’mannst 30 Prozent vun de Liewensraim (z.B. Fiichtgebidder, Bëscher) a schlechtem Zoustand an d’Weeër ze leeden.
D’Gesetz gouf awer vu konservativen Europadeputéierten a Baueren, déi an de meeschten europäesche Länner Demonstratiounen organiséiert haten, kritiséiert.
Déi lescht formell gréng Luucht vun de 27 EU-Memberlänner, déi fir d’Akraafttriede vum Gesetzestext onerlässlech ass, steet nach aus. Well déi erfuerderlech Majoritéit (15 Länner, déi 65 Prozent vun der EU-Bevëlkerung representéieren) net erreecht gouf, gouf de Sujet Enn Mäerz 2024 vun der Dagesuerdnung vun der Sëtzung vun den nationalen Ambassadeure gestrach.
Repolitiséierung vun der Debatt
“E groussen Deel vun de ‘Fakenews’ funktionéiert duerch Iwwerdreiwung an Dekontextualiséierung”, sot den Arnaud Mercier. “Se baséieren op engem wouere Kär a gräifen Elementer op, déi méiglecherweis scho virdrun am Ëmlaf waren, fir glafwierdeg ze wierken”, huet hie bäigefüügt. “E komplext Konstrukt wéi d’Europäesch Unioun mat hire villen Niveaue vun Autoritéiten, Interessensgruppen a Lobbyisten ass fir esou Techniken ëmsou méi ufälleg”, sot hien.
Eng Method bestéing doran, e Virschlag oder eng Mesure, déi sech nach am europäeschen Entscheedungsprozess befënnt, esou duerzestellen, wéi wann et sech ëm e konkreet Gesetz handele géif, dat scho vun der Institutioun gestëmmt gi wär.
Am weidere Sënn bestéing déi “politesch Rhetorik doran, net genau ze soen, ëm wat et wierklech geet”, fir eng Aart Kompromëss ze erreechen, sot de Mercier. An dat géif ouni et ze wëllen Desinformatioun begënschtegen, well et “e Raum opmécht, dee vun alternative Geschichte gefëllt ka ginn.”
Den Alvaro Oleart, Fuerscher op der Université Libre Bruxelles (ULB) an der Belsch, huet dorop higewisen, dass den Discours vum Ursula von der Leyen an de Verfechter vum Green Deal ze “technokratesch” an net genuch politiséiert wär.
“De beschte Wee, Desinformatioun ze bekämpfen, ass net onbedéngt d’Iwwerpréiwe vu Fakten, mee d’Fërderung vun der politescher Debatt tëschent Lénken a Rietsen”, sot hien. Duerch d’Repolitiséierung vun dëse Sujete géifen d’Gewënner a Verléierer public gemaach, soudass sech d’Wielerschaft méi liicht domat auserneesetze kéint, sou den Oleart.
Dësen Artikel ass Deel vun engem gemeinsame Projet vu méi wéi 40 Organisatiounen, dorënner d’AFP, dee vum European Fact-Checking Standards Network (EFCSN) duerchgeféiert gëtt. Zil vum Projet ass et, Desinformatioun am Zesummenhang mat der Europawal 2024 ze bekämpfen. Weider Informatioune fannt Dir ënner elections24.efcsn.com .
Dësen Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.