Scroll Top

Faktencheck: Hëlleft deeglecht Vitaminn-D-Anhuelen, fir ville Krankheete virzebeugen?

Faktencheck: Hëlleft deeglecht Vitaminn-D-Anhuelen, fir ville Krankheete virzebeugen? - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

© AFP Symbolbild

Vitaminn D ass fir d’Gesondheet vun de Schanken onerlässlech a spillt och bei der normaler Funktioun vum Immunsystem am Kierper allgemeng eng Roll. A Sozialen Netzwierker behaapte vill Intenetnotzer – virun allem Naturopathen – reegelméisseg, dass deeglecht Anhuele vu Vitaminn D de Risiko fir eng ganz Rëtsch vu Krankheeten, dorënner Kriibs oder Häerz-Kreeslaf-Erkrankungen, reduzéiere géing. Dës Behaaptunge sinn awer net beluecht an d’Gesondheetsautoritéite recommandéiere keng Narungsergänzung fir Erwuessener.

A Sozialen Netzwierker behaapte vill Notzer – virun allem Naturopathen -, dass “80 Prozent vun den Erwuessenen e Vitaminn-D-Mangel hunn” an dohier all Dag Vitaminn-D-Preparater anhuele sollten, woubäi si dacks d’Geleeënheet notzen, fir Reklamm fir Narungsergänzungsmëttel ze maachen.

Si behaapten, dass Vitaminn D net just d’Schanken, mee och d’Immunitéit stäerkt an d’deeglecht Anhuelen de Risiko vu Kriibs, Häerz-Kreeslaf-Erkrankungen a souguer Depressioune reduzéiere kann.

D’Effikassitéit vu Vitaminn D, ofgesi vun de Schanken, ass awer net erwisen, a souguer wann et an der Bevëlkerung e Mangel géif, recommandéieren offiziell Institutioune keng generell Narungsergänzung.

Wat ass Vitaminn D?

Vitaminn D ass d’Virstuf vum Hormon Calcitriol a gëtt an der Haut duerch d’Awierke vun UVB-Strale syntheetiséiert. Et ass och a verschiddene Liewensmëttel wéi Fësch a Mëllechprodukter dran.

Vitaminn D ass “essentiel fir de Stoffwiessel vu Kalzium a Phosphor”, sou de franséische Service Public d’Information en Santé op senger Internetsäit, well et “am Daarm d’Ophuele vun dëse Mineraler erhéicht an hir Ausscheedung am Urin verréngert, wouduerch d’Mineraliséierung vu Schanken an Zänn gefërdert gëtt” (Link hei archivéiert).

Et spillt also eng weesentlech Roll “fir d’Qualitéit vum Schanken- a Muskelgeweebe souwéi fir d’Stäerke vun eisem Immunsystem”, erkläert d’franséisch Agence fir Liewensmëttel (l’Agence nationale de sécurité sanitaire de l’alimentation; Anses). An awer “hëlt d’Majoritéit vun de Fransousen net genuch dovun zou sech”, raumt d’Agence op hirer Internetsäit an (Link hei archivéiert).

Bei bestëmmte Bevëlkerungsgruppe besteet de Risiko vun enger Ënnerversuergung oder souguer vun engem Mangel, firwat et sënnvoll ass, Vitaminn-D-Ergänzungen a Form vu Medikamenter ze verschreiwen, z.B. fir Puppelcher oder eeler Mënschen, fir dëse Mangel auszegläichen.

Well Vitaminn D fir de Wuesstem vu Schanken onerlässlech ass, gëtt et bei Kanner “ab den éischte Liewensdeeg verschriwwen, fir Rachitis, enger Kränkt, déi de Wuesstem an d’Schankebildung reduzéiert, virzebeugen”, erkläert d’Anses (Link hei archivéiert). Dës Narungsergänzung muss “wärend der ganzer Wuesstemsphas an der Mineraliséierung vun de Schanken, d.h. bis zum Alter vun 18 Joer,” ageholl ginn.

Bei Erwuessenen ass den optimale Vitaminn-D-Spigel dacks Géigestand vun Debatten.

Fir aktivéiert ze ginn, muss Vitaminn D fir d’éischt an der Liewer an 25-Hydroxycholecalciferol oder Calcidiol (Form, déi a Blutttester gemooss gëtt) ëmgewandelt ginn an dann erëm hydroxyléiert ginn, besonnesch an der Nier an 1,25-Dihydroxycholécalciferol oder Calcitriol (d’aktiv Form).

Besonnesch gëtt an der allgemenger Bevëlkerung eng Calcidiolkonzentratioun am Blutt vu méi wéi 20 ng/ml als “suffisant” ugesinn, wéi de Service Public d’Information en Santé (SPIS) erkläert.

Der nationaler Gesondheetsetüd Esteban no weise “35 Prozent vun der Bevëlkerung eng Defizienz op, vun deene 6,5 Prozent eng Karenz (e Mangel) opweisen, d.h. e Status ënner 10 ng/mL”, erkläert d’Mélanie Deschasaux, Fuerscherin am Beräich Ernärungsepidemiologie (Link hei archivéiert). Dat entsprécht net den am Internet dacks genannten “80 Prozent”.

D’Konditioune vun der Narungsergänzung

“De Vitaminn-D-Defizit ass e Problem vun der ëffentlecher Gesondheet”, raumt den Aymeric Dopter, Chef vum Departement fir Risikobewäertung am Zesummenhang mat Ernärung bei der Anses (Link hei archivéiert), an.

An awer gëtt e supplemetaart Anhuele vu Vitaminn D bei Erwuessenen net systematesch recommandéiert.

“Bei Erwuessene gëtt et keng Recommandatioun fir e supplementäert Anhuele vu Vitaminn D, am Géigesaz zu Kanner, bei deenen de Vitaminn eng entscheedend Roll fir de Wuesstem spillt”, seet den Dopter.

Aus dësem Grond gëtt d’Bestëmme vu Vitaminn D just a sechs klinesche Situatioune recommandéiert a vun der (franséischer) Krankeversécherung iwwerholl (Link hei archivéiert):

  • bei der Diagnos, fir Rachitis ze confirméieren oder auszeschléissen (Verdacht op Rachitis);
  • bei der Diagnos vun enger Osteomalazie (Verdacht op Osteomalazie);
  • wärend engem ambulante Suivi bei Erwuessenen, déi eng Nier transplantéiert kruten, iwwer dräi Méint no enger Transplantatioun;
  • virun oder no enger bariatrescher Operatioun;
  • bei der Beurteelung a Behandlung vun eelere Mënschen, déi ëmmer nees falen;
  • fir de Summary of Product Characteristics (SPC) (fr: Resumé des caractéristiques du produit; RCP) vu Medikamenter anzehalen, bei deenen d’Duerchféiere vun engem Vitaminn-D-Test recommandéiert gëtt.

“Baussent dëse Situatioune gëtt et keen nogewisenen Notze vun engem Bestëmme vu Vitaminn D”, seet d’Krankeversécherung.

D’Fäegkeet vum Kierper, Vitaminn D opzehuelen oder ze syntheetiséieren, hëlt mam Alter of. “Eeler Mënsche sinn eng besonnesch vulnerabel Bevëlkerungsgrupp, bei där sech ze wéineg Vitaminn D a Form vun Osteoporos äussere kann”, erkläert d’Anses.

Bei Persoune mat engem Risiko fir Osteoporos opgrond vun Alter, Krankheet oder chronescher Behandlung sollt de Referenzbluttspigel geméiss de Recommandatioune vun der GRIO (Groupe de recherche et d’information sur les ostéoporoses) iwwer 30 ng/mL (75 nmol/L) leien. Wann dat net de Fall ass, “verschreift den Dokter eng Vitaminn-D-Ergänzung, fir en op den Normalwäert ze bréngen. Wann dat Zil erreecht ass, gëtt en Traitement d’entretien verschriwwen, fir e fir de Rescht vum Liewen oprechtzeerhalen”, schreift de SPIS.

Zousätzlech zu dësem konkreete Fall erkläert de SPIS, dass d’Gesondheetsagencen eng Vitaminn-D-Ergänzung bei Persounen iwwer 60 Joer recommandéieren, duerch “d’Verschreiwe vu Vitamin-D-Ergänzungen (tëscht 800 an 1000 IE pro Dag) bei dëse Persounen”.

Aner Bevëlkerungsgruppe sinn och menacéiert: Neigebuerener, Puppelcher, schwanger Fraen, Fraen no der Menopause a Mënsche mat matter oder däischterer Hautfaarf, “bei deenen d’Synthees vun dësem Vitaminn duerch Sonnestrale manner effikass ass”, erkläert d’Anses.

“Schlussendlech kënne bestëmmt Facteuren, wéi speziell Regimmen, bei deene Fleesch, Eeër a Mëllechprodukter ewechgelooss ginn, oder Erkrankungen, déi eng Malabsorptioun am Daarm ausléisen, de Risiko vun engem Mangel erhéijen.”

Néideg medezinesch Kontroll

En zousätzlecht Anhuele vu Vitaminn D kann a Form vu Medikamenter, awer och als Narungsergänzungsmëttel verschriwwe ginn.

Am Géigesaz zu Medikamenter brauchen Narungsergänzungsmëttel keng Maartzouloossung.

Se dierfe keng therapeutesch Wierkung revendiquéieren, an d’positiv Auswierkungen op d’Gesondheet, déi se kënnen hunn, gi vun der Europäescher Kommissioun gereegelt.

De Site Vidal erkläert op senger Säit (Link hei archivéiert), dass Narungsergänzungsmëttel op Vitaminn-D-Basis behaapten dierfen, se géifen zu follgende Punkte bäidroen:

  • zur Absorptioun a Verwäertung vu Kalzium a Phosphor am Daarm,
  • zum Oprechterhale vun engem normale Kalziumspigel am Blutt,
  • zum normale Wuesstem bei Kanner,
  • zum Oprechterhale vum normalen Zoustand vu Schanken, Zänn, Muskelen a vum Immunsystem,
  • an der Zelldeelung,
  • zur normaler Funktioun vum Immunsystem vu Kanner tëscht 3 an 18 Joer.

“Wann a just wann dës Produkter op d’mannst 0,75 Mikrogramm Vitaminn D (Calciferole) pro 100 g, 100 ml oder pro Pak enthalen, wa just eng Portioun am Pak dran ass”, heescht et op der Internetsäit.

“Doriwwer eraus kënne Liewensmëttel an Narungsergänzungsmëttel, déi op d’mannst 15 Mikrogramm Vitaminn D pro Dagesratioun liwweren, behaapten, zur Reduktioun vum Falrisiko bei Männer a Fraen ab 60 Joer bäizedroen, wat mat posturaler Instabilitéit a Muskelschwächt anhiergeet”, heescht et am Vidal-Artikel.

D’Supplementatioun muss op jidde Fall “ënner medezinnescher Opsiicht” realiséiert ginn, betount de Gilles Laverny, Chercheur um Institut fir Genetik a Molekular- an Zellbiologie (Institut de génétique et de biologie moléculaire et cellulaire; IGBMC) (Link hei archivéiert).

“Vitaminn D anzehuelen, wann een e Mangel huet, kann interessant sinn. Awer am Moment, an deem ee ‘genuch’ huet, gëtt et keen Interêt méi, nach méi dovun anzehuelen”, ënnersträicht hien.

“Et sollt ee sech net arieden, dass ëmsou méi Vitaminn D een anhëlt, ëmsou besser fir d’Gesondheet ass an dass et am schlëmmste Fall net schuede kann”, schléisst sech d’Mélanie Deschasaux un.

D’Anhuele vu Vitaminn D op eng Manéier, déi net vun engem Dokter kontrolléiert gëtt, ass net ouni Risiko. “Et muss ee sech doriwwer am Klore sinn, dass et sech ëm en Hormon handelt an et dohier zwangsleefeg och zu onerwënschten Niewewierkunge komme kann, virun allem wann een Narungsergänzungsmëttel anhëlt, déi een am Internet kaaft huet oder déi net kontrolléiert ginn”, warnt de Gilles Laverny.

Aus dësem Grond recommandéiert d’Anses den Dokteren, déi d’Medikamenter verschreiwen, “ëmmer d’Benotze vun engem Medikament géintiwwer engem Narungsergänzungsmëttel virzezéien, souwuel am Hibléck op den ze erwaardenden Notze wéi och op de Risiko” (Link hei archivéiert).

D’Agence huet iwwregens scho méi dacks viru Fäll vu Vitaminn-D-Iwwerdoséierunge bei Puppelcher gewarnt, déi “mam Anhuele vun Narungsergänzungsmëttel a Verbindung stinn”.

“D’Benotze vun Narungsergänzungsmëttel, wou Vitaminn D dran ass, kann zu enger ze héijer Konzentratioun féieren an eng Hyperkalzemie ausléisen”, warnt d’Mélanie Deschasaux. Hyperkalzemie ass en ze héije Kalziumspigel am Blutt, deen zur Verkalkung vu bestëmmtem Geweebe féiert, wat kardiologesch a renal Konsequenzen huet,

En exzessiivt Anhuele vu Vitaminn D kann och aner Péng ausléisen, wéi “Kappwéi, Iwwelzegkeet, Erbriechen, Gewiichtsverloscht oder staark Middegkeet”.

Vill Fuerschungsusätz

“Et ass wichteg, e gudde Vitaminn-D-Spigel ze hunn”, seet eng Inernetnotzerin op Instagram, déi sech als Naturopathin virstellt. “D’Virdeeler fir d’Gesondheet sinn onëmstridden: Virbeugung géint Kriibs, Depressiounen, Infektiounen, Autoimmunkrankheeten, entzündleche Rheuma: rheumatoid Arthritis, Lupus, Spondylarthritis, Psoriasis-Arthritis, Fibromyalgie, Alzheimer a Parkinson, chronesch Muskelpéng. Kuerz gesot, e Muss fir d’Gesondheet”, sou d’Fra.

“E Vitaminn-D-Mangel féiert zu engem 57-prozentege Risiko, méi fréi ze stierwen”, behaapt den “Docteur Résimont” op Facebook.

Experten, déi vun der AFP befrot goufen, warnen awer virun esou Behaaptungen.

Nieft senger nogewisener an etabléierter Wierkung op d’Gesondheet vu Schanken déngt Vitaminn D, wéi vill aner nëtzlech Elementer vum Kierper, och dozou, e gutt funktionéierenden Immunsystem ze assuréieren, an dréit zu enger Abberzuel Kierperfunktioune bäi.

“Aus eiser Siicht gëtt et eng Rëtsch Hypotheesen iwwer d’Roll vu Vitaminn D bei der Reduktioun vum Risiko vu Krankheeten”, erkläert d’Mélanie Deschasaux. Et gëtt awer keng direkt Verbindung tëscht der “normaler Funktioun vun engem System an der Reduktioun vun engem Krankheetsrisiko”, füügt si bäi.

Sou ass et zum Beispill wichteg, dass den Immunsystem normal funktionéiert an Infektioune bekämpft, awer et gëtt keng Garantie dofir, dass ee keng kritt, well et sou vill verschidde Facteure gëtt, déi bei der Reaktioun vum Kierper op eng Infektioun eng Roll spillen.

Op jidde Fall ass d’Effikassitéit vu Vitaminn D “fir d’Vermeidung vun engem Risiko fir Kriibs, Häerz-Kreeslaf-Erkrankungen oder aner Pathologien iwwerhaapt net erwisen”, seet d’Mélanie Deschasaux.

“Am Zesummenhang mat der Preventioun géint Kriibs oder Häerz-Kreeslaf-Erkrankungen hunn op d’mannst dräi grouss kontrolléiert Etüde mat Zéngdausende vu Persounen iwwer 60 Joer, déi fënnef Joer laang zousätzleche Vitaminn D ageholl hunn, keng positiv Auswierkunge vun der Narungsergänzung gewisen”, beschreift de Service Public d’Information en Santé detailléiert.

Am Kader vum VITAL-Versuch goufe méi wéi 25.000 Persounen am Alter vun iwwer 50 Joer (Männer) respektiv 55 Joer (Fraen) an den USA iwwer en Zäitraum vu median 5,3 Joer observéiert, woubäi si all Dag 2.000 IE Vitaminn D ageholl hunn (Link hei archivéiert). D’Resultater, déi 2018 publizéiert goufen, hunn awer gewisen, dass d’Vitaminn-D-Supplementatioun “am Verglach zu engem Placebo net zu enger méi klenger Inzidenz vu Kriibs oder Häerz-Kreeslaf-Erkrankunge geféiert huet”, schreiwen d’Auteuren.

Am Joer 2022 hu Resultater vun enger an Australien duerchgeféierter Etüd un 21.000 Persounen iwwer 60 Joer, vun deenen d’Hallschent fënnef Joer laang pro Mount 60.000 IE Vitaminn D krut, gewisen, dass d’Anhuele vum Vitaminn “d’Stierflechkeet an alle Fäll net reduzéiert huet” (Link hei archivéiert).

Zum selwechte Resultat koum eng a Finnland duerchgeféiert Etüd un 2.500 Persounen am Alter vu 60 Joer a méi al (Männer) respektiv 65 Joer a méi al (Fraen), bei där een Drëttel vun de Participantë fënnef Joer laang all Dag 1.600 IE Vitaminn D, een Drëttel all Dag 3.200 IE an deen Drëttel Placebo kruten (Link hei archivéiert). “Op en Neits goufe keng Ënnerscheeder tëscht dëse Gruppe festgestallt, weeder an der Unzuel vu Kriibserkrankungen nach an der Unzuel vun de Fäll mat Häerz-Kreeslaf-Erkrankungen”, erkläert de SPIS.

An den USA erklären d’National Institutes of Health (NIH), dass och de “Food and Nutrition Board” zur Konklusioun koum, dass “d’Beweiser net genuch oder ze widderspréchlech waren, fir ze schlussfollgeren, dass de Vitaminn iergendeng Wierkung op eng laang Lëscht vu potenzielle Gesondheetsproblemer huet (z.B. op d’Widderstandsfäegkeet géint chronesch Krankheeten oder funktionell Mesuren), mat Ausnam vu Mesuren an Zesummenhang mat der Gesondheet vu Schanken” (Link hei archivéiert).

Och d’amerikanesch Agence fir Fuerschung a Qualitéit am Gesondheetswiesen (NIH) huet no enger Analys vun den Donnéeën aus bal 350 Etüden, déi tëscht 2009 an 2019 publizéiert goufen, geurteelt, dass “keng Relatioun tëscht Vitaminn D an anere Gesondheetsproblemer wéi der Gesondheet vu Schanken hiergestallt gi konnt”.

Eng Rëtsch Internetnotzer hunn och behaapt, dass en deeglecht Anhuele vun Narungsergänzungsmëttel mat “10.000 bis 30.000 IE” Depressioune bekämpfen a géint Selbstmord schütze kéint (1, 2).

Klinesch Etüden hunn awer net gewisen, dass eng Vitaminn-D-Ergänzung hëllefe géif, “depressiv Symptomer oder liicht Depressiounen ze verhënneren oder ze behandelen, besonnesch bei Erwuessenen am mëttleren oder héijen Alter, déi keng verschreiwungsflichteg Antidepressiva ageholl hunn”.  Dat ass e Constat vun den National Institutes of Health.

“Et ass bekannt, dass Sonn eng antidepressiv Wierkung huet an dass Sonn mat enger Vitaminn-D-Synthees associéiert ass. Awer et kann een net soen, dass Vitaminn D fir dës antidepressiv Wierkung responsabel ass. Dat ass eng verkierzt Duerstellung, déi nach net bewise gouf”, betount den Aymeric Dopter vun der Anses.

Wéi kann ee säi Vitaminn-D-Spigel verbesseren?

Et gëtt zwee Weeër, den deegleche Bedarf u Vitaminn D op natierlech Manéier ze decken: an d’Sonn goen a Liewensmëttel iessen, déi räich u Vitaminn D sinn.

D’Anses recommandéiert, sech all Dag “15 bis 20 Minutten” der Sonn auszesetzen, am spéide Moien oder am Nomëtteg.

A Bezuch op d’Ernierung si virun allem fetträich Fësch wéi Héierenk, Sardinnen, Saumon a Makréilen interessant. Verschidde Champignone wéi Pfifferlingen, Steepilzer a Morchele souwéi mat Vitaminn D ugeräichert Mëllechprodukter, Eegiel an donkele Schockela sinn och gutt.

“Fir sécherzestellen, dass de Kierper genuch mat Vitaminn D versuergt gëtt, sollt Dir Iech dat ganzt Joer iwwer ekilibréiert an ofwiesslungsräich ernieren an zwou Portioune Fësch pro Woch iessen, dovun eng Portioun fettege Fësch”, réit d’Agence.

Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.