© RTL Grafik
Anescht wéi déi traditionell Fleeschindustrie kënnen Insekten eng klimafrëndlech Proteinquell fir d’mënschlech Ernärung sinn. A Sozialen Netzwierker gouf am Oktober 2024 d’Falschbehaaptung gedeelt, hollännesch Schoulen hätte Mielwierm an d’Iesspläng opgeholl, fir dem Klimawandel entgéintzewierken.
D’Behaaptung daucht zu engem Moment op, nodeems en ale Video vun 2022 nees verbreet gouf. Dobäi handelt et sech awer ëm eng Reportage iwwer e Workshop, bei deem Kanner verschidde Proteinnen an och Wierm probéiert hunn. Gesond Ernärung ass zwar wichteg fir hollännesch Schoulkantinnen, mee Insekte gëtt et do net.
“Schoulkanner an Holland gi mat Wierm gefiddert”, steet an engem Telegram-Bäitrag vum 13. Oktober 2024. “Am Kader vum Kampf géint déi global Erwiermung hunn d’Schoulautoritéiten d’Ernärung vun de Schüler ëmgestallt a rout Fleesch duerch Insekten ersat”. Donieft gëtt e Video gedeelt, an deem Schülerinnen a Schüler kleng Insekte probéieren. Dës Behaaptung gouf op Facebook och an anere Sprooche wéi Hollännesch, Bulgaresch a Franséisch verbreet.
© AFP
Schoulen an Holland hunn Insekten awer net op hir Iesspläng gesat. De Video an de Bäiträg ass en Extrait aus enger Reportage iwwer e Schoulworkshop iwwer Liewensmëttel ausser Fleesch, déi Proteinne liwweren. Dozou hunn och Geméis an Insekte gehéiert.
Kanner hunn eppes iwwer Ernärung geléiert
Am ieweschte rietsen Eck vum Video an de Bäiträg ass de Logo vum hollännesche Sender RTV Oost ze gesinn. Eng Stéchwierdersich fir “RTV Oost” an “Insekten” huet zu dësem Artikel mat der Iwwerschrëft “Mielwuerm steet op der Kaart vum Unterrechtsmaterial fir honnert Grondschoulen zu Overijssel” geféiert (hei archivéiert). Doran ass de gesamte Reportage ze fannen. Den Artikel beschreift, wéi Schülerinnen a Schüler an der Grondschoul Octopus zu Zwolle Mielwierm an aner Liewensmëttel an enger Unterrechtsstonn iwwer gesond an nohaltegt Iesse probéiert hunn. De Reportage gouf am Oktober 2022 gedréint a publizéiert.
De Workshop war Deel vun der Unterrechtsstonn “Geschmaachsunterrecht”, deen d’Wageningen Universität (WUR) fir Schülerinnen a Schüler vun de Septièmen a Huitièmen erstallt haten. Doran hu si méi iwwer “abenteuerlech Proteinne” geléiert. An Holland geet d’Grondschoul iwwer aacht Joer.
D’Fieke Franken, Teamcheffin vum “Smaaklessen” (“Geschmaachsunterrecht” op Lëtzebuergesch), huet der AFP den 21. Oktober 2024 erkläert, dass de Workshop Deel vun enger méi grousser Léiereenheet fir Schoule war, fir domat “Kanner méi Wëssen a Fäegkeeten ze vermëttelen, fir dass si spéiderhi selwer gesond an nohalteg Entscheedungen treffe kënnen”. Aner Workshops vum Projet gounge beispillsweis iwwer gesond Ernärung, Liewensmëttelproduktioun oder Konsumverhalen. Der Franken no géif hir Organisatioun “Smaaklessen” landeswäit Schoulunge fir Ernärungsbildung entwéckelen, awer keng Mëttegiessen u Schoulen ubidden.
D’Direktesch vun der Octopus Grondschoul, d’Ingeborg de Ruiter, huet op Ufro vun der AFP den 21. Oktober 2024 erkläert, dass de Reportage un hirer Schoul gedréint gouf. E wär wärend enger Visitt an enger siwenter Klass entstanen, bei där et sech ëm eng eemoleg pedagogesch Eenheet gehandelt hätt. D’de Ruiter huet erkläert, d’Kanner hätten Insekten a Bounen als eng nei, méi nohalteg Proteinquell probéiere kënnen. D’Eltere wieren am Virfeld doriwwer informéiert ginn.
D’de Ruiter huet bäigefüügt, dass “Kanner an Holland an an de Schoulen hir eege Snacks, Mëttegiessen a Gedrénks matbréngen”. Ausserdeem wieren d’Eltere responsabel “fir d’Ernärung vun hire Kanner”. Zwar géife gesond Liewensmëttel wéi Uebst a Waasser grondsätzlech recommandéiert, et géif awer keng Reegelen iwwer Fleeschkonsum oder Alternativen dozou.
Hollännesch Schoule bidden net ëmmer gratis Mëttegiessen un, dës Offer hänkt vun de Schoule selwer of. Sou kënne beispillsweis just Schoulen um staatlech subventionéierten Iessensprogramm deelhuelen, deenen hir Schüler zu op d’mannst 30 Prozent aus akommesschwaache Famillje stamen.
Heefeg Desinformatioun iwwer Insekten als Narung
Ëmmer méi Mënsche gesinn Insekten als nohalteg alternativ Proteinquell zu Fleesch un. Wärend den Närwäert vun Insekte mat deem vu Fleesch vergläichbar ass, erfuerdert d’Opzuucht vun Insekte weesentlech manner Fudder wéi déi konventionell Zuucht vu Béischten. Ausserdeem sinn d’Zäregasemissioune fir déi selwecht Quantitéit u Proteinne bis zu honnert Mol manner.
Sou wéi den Intressi un Insekten als alternativ Proteinquell klëmmt, sou klëmmt och d’Unzuel u Falschinformatiounen iwwer dëse Sujet. D’AFP huet scho fréier Falschbehaaptungen iwwer Insekten als Liewensmëttel widderluecht. D’Mënschen äusseren Zweiwel wéinst der Liewensmëttelsécherheet oder si besuergt, dass Insekten ouni hiert Wëssen a Liewensmëttel verschafft ginn.
An de leschte Joren huet d’Europäesch Unioun Insekten no an no fir den europäesche Maart zougelooss (hei archivéiert). Hir Benotzung ass awer streng reguléiert (hei archivéiert). Beispillsweis musse se kloer als Insekten opgeféiert a bei der Opzuucht musse strikt Virschrëften agehale ginn. Well se als neiaarteg Liewensmëttel um EU-Maart gëllen, dierfe se just a bestëmmte Produite benotzt ginn. Jee no Zort vun Insekt kënnen dës vu Kichelcher bis Fleeschersatz variéieren.
Laut dem Sécherheetsrapport vun der Europäescher Autoritéit fir Liewensmëttelsécherheet (EFSA) iwwer Mielwierm verursaacht hir Consommatioun “keen ernärungsbedéngten Nodeel” a géif “bannent de Grenze vun de proposéierte Verwendungszwecker als sécher ugesinn”. Berichter iwwer Heesprénger a Hausgrille kommen zum selwechte Resultat. Insekte kënnen awer allergesch Reaktioune bei Persounen ausléisen, déi géint Schuelendéieren (Crustacéen) an Hausstëbsmilben allergesch sinn.
Insekten ze iessen, huet zwar an europäesche Länner keng Traditioun, vill aner Kulturen hu se awer scho virun dausende vu Joren an hir Ernärung opgeholl. Der Ernärungs- a Landwirtschaftsorganisatioun vun de Vereenten Natiounen (FAO) no trëfft dat schonn op ongeféier zwou Milliarde Mënschen zou, haaptsächlech an Afrika, Asien a Latäinamerika. A Mexiko beispillsweis sinn Ameiselarven eng Delikatess. Och an Däitschland gëtt et éischt Firmaen, déi op d’Ziichte vun Insekte setzen.
Fazit: Insekte stinn net op den Iesspläng an hollännesche Schoulen. E Video, dee mat der Falschbehaaptung gedeelt gëtt, staamt vun 2022 an ass en Extrait vun engem Reportage iwwer eng Unterrechtsstonn iwwer nohalteg Ernärung an alternativ Proteinquellen zu Fleesch.
Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.