Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Huet de Putin d’Zerstéierung vu Covid-Vaccine gefuerdert?

Faktencheck: Huet de Putin d'Zerstéierung vu Covid-Vaccine gefuerdert? - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

E falschen Artikel vun enger Internetsäit, déi bekannt fir hir Fake News ass, bréngt Impfgéigner a sozialen Netzwierker op de Plang.

“De Putin ordonéiert Zerstéierung vun alle Covid-19-Vaccinen a Russland”, steet an der Iwwerschrëft vun engem Artikel, deen op Facebook gedeelt gouf.

RTL Screenshot of a Facebook post sharing the fabricated article, taken on March 10

De gefälschte Bäitrag beseet, dass de russesche Staatschef “d’Vernichtung vun alle Covid-19-Vaccinen, déi nach an de russesche Stocke leien, ordonéiert huet”, nodeems hien “zu der onevitéierbarer Konklusioun koum, dass Vaccine bei Mënschen HIV oder AIDS ausléise kënnen”.

Wëssenschaftler hunn dës onbegrënnt Behaaptungen, dass Covid-19-Vaccinen HIV ausléisen, als “Angscht erreegend” zeréckgewisen a betounen, dass den Notze vun der Impfung méi wäit méi grouss ass wéi d’Risiken.

Awer vill Facebook-Notzer schéngen den Artikel fir echt ze halen. E puer hunn dem Putin gratuléiert an hunn en Enn vun der Impf-“Tyrannei” gefuerdert.

“Merci Putin, du weis, wéi et geet”, huet eng Persoun kommentéiert. “Obwuel dat e gudde Schratt ass, ass et fir all déijéineg, déi gezwonge goufen, et anzehuelen, ze spéit a sinn elo hiert Liewe laang infizéiert”, sot een Aneren.

Dee selwechten Artikel gouf vun der Facebook-Säit “Aussie News Tonight” a vun engem US-amerikaneschen Twitter-Notzer mat 36.000 Follower gedeelt, deen et als “wonnerbar Noriichten” bezeechent huet.

Russland ënnerstëtzt Impfungen

Et gëtt keng Beweiser dofir, dass de Putin d’Zerstéiere vu Covid-19-Vaccinen a Russland ordonéiert huet.

Weder op der Internetsäit vun der russescher Regierung nach an engem Bericht vun der staatlecher Noriichtenagence TASS gouf den 10. Mäerz eng Matdeelung mat dëser Moossnam ugekënnegt.

Am Géigendeel, Russland recommandéiert weiderhin eng Impfung géint Covid-19.

De 6. Mäerz huet d’TASS matgedeelt, dass eng chineesesch Etüd an der medezinescher Fachzäitschrëft “The Lancet” festgestallt hätt, dass de russesche Vaccin “Sputnik V” “ënner den effikassten a sécherste Vaccine géint de Corona-Virus op der Welt” léich.

Een Dag virdrun hat de russesche Gesondheetsministère an engem Bäitrag op Telegram nach Reklamm fir den eegene Vaccin gemaach a gesot, et géif géint schwéier Verleef vu Covid-19 schützen.

Trotz de Beméiunge vum Kreml, säin Aushängeschëld ze propagéieren, ass d’Impfskepsis a Russland grouss. Der Internetsäit Gogov, déi d’Donnéeë verfollegt, no, hätte just 54 Prozent vun der Bevëlkerung am Land zwou Dosisse vum Covid-19-Vaccin gesprëtzt kritt.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.