Scroll Top

Faktencheck: Huet Frankräich géint d’ “Ofkommes vu Minsk” verstouss?

Faktencheck: Huet Frankräich géint d' "Ofkommes vu Minsk" verstouss? - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

De Konflikt tëscht Russland an der Ukrain besteet net eréischt zënter Februar 2022, mee huet schonn 2014 ugefaangen. Huet Frankräich an de leschte Méint géint en Ofkommes verstouss, dat 2015 geschloss gouf?

“Zënter 2014 an dem Ufank vum Konflikt [an der Ukrain] war Frankräich de gréisste Waffeliwwerant fir d’Ukrainer”, seet de Gabriel Attal an engem Video vum 13. Abrëll 2022 – zu engem Zäitpunkt, wéi den aktuell delegéierte Minister fir ëffentlech Finanze Spriecher vun der franséischer Regierung war – an dee säit dem 6. August 2022 méi wéi 7.000 Mol op Twitter a Facebook (1, 2, 3) gedeelt gouf.

RTL Capture d'écran d'une publication Twitter, réalisée le 10/08/2022

Dat ass fir d’Internetnotzer, déi de Video deelen, de Beweis, dass Frankräich géint d’Ofkommes vu Minsk verstéisst, dat 2014 festgehale gouf, fir d’Kämpf tëscht pro-russesche Separatisten an der ukrainescher Arméi am Donbass am Oste vun der Ukrain op en Enn ze bréngen. “De grousse Feeler vum G. Attal, deen ëmmer ze vill maache wëll, ass, dommerweis zouzeginn, dass Frankräich géint d’Ofkommes vu Minsk verstéisst an d’Ukrain zënter 2014 oprëscht”, behaapt een Notzer.

De Protokoll vu Minsk, an d’Ofkommesse vu Minsk II, déi duerno koumen, enthalen awer keen ausdrécklecht Verbuet vu Waffeverkeef oder -liwwerungen un d’Ukrain duerch en anert Land, betounen eng Rei Experten géintiwwer der AFP.

“D’Ofkommesse vu Minsk I a Minsk II enthale keng Bestëmmungen iwwer d’Limitt vun de Waffeverkeef un d’Ukrain”, sot de Jean de Gliniasty, Direkter vum Institut de relations internationales et stratégiques (Iris), deen den 9. August 2022 vun der AFP kontaktéiert gouf.

“D’Ofkommes vu Minsk enthält kee Waffeverbuet. Dat ass iwwerhaapt net den Zweck vun dësem Ofkommes”, sot d’Alexandra Goujon, Politologin fir osteuropäesch Länner, den 12. August 2022 an engem Gespréich mat der AFP.

D’Minsker Protokoll, spéider Minsk I genannt, gouf de 5. September 2014, ënnert dem Patronage vun der Organisatioun fir Sécherheet an Zesummenaarbecht an Europa (OSZE), tëscht de versammelte Vertrieder vun der Ukrain, Russland an de selwer ernannte Volleksrepublicken Donezk a Lugansk ënnerzeechent.

D’Zil war et, dem Krich, deen am Februar 2014 am Donbass ausgebrach war, op en Enn ze bréngen. Dëst Ofkommes (hei ofzeruffen)  ëmfaasst zwielef Punkten, dorënner dat direkt a bilateraalt Astelle vu Waffegewalt, d’Iwwerwaachung vun de Grenzen, d’Fräiloosse vu Geiselen an d’Verbesserung vun der humanitärer Situatioun.

RTL Capture d'écran du protocole de Minsk I disponible sur le site du ministère des Affaires Etrangères, réalisée le 09/08/2022

“Deen eenzege Punkt a Bezuch op Waffen am Ofkommes vu Minsk ass de Réckzuch vu schwéiere Waffen op béide Säiten”, füügt de Jean de Gliniasty dobäi a verweist op de Punkt 10: “Réckzuch vun illegale bewaffente Formatiounen a militärescher Ausrëschtung souwéi illegale Kämpfer a Söldner aus dem ukrainesche Gebitt.”

“Dat gouf spéider als Entmilitariséierung bezeechent a betrëfft d’Truppen op ukraineschem Territoire”, füügt d’Alexandra Goujon dobäi.

Dëst Ofkommes gouf den 19. September 2014 duerch e Friddensmemorandum, dee vu béide Parteien ënnerzeechent gouf, ergänzt. D’Dokument mat néng Punkte gesäit ënner anerem de Stopp vu Waffennotzung an en Ofzuch vu schwéierer Artillerie vu 15 km vun der “Kontaktlinn” op béide Säite vir, sou den deemolege Gesandte vu Kiew an eemolegen ukrainesche President Leonid Kutschma.

No enger Rei vu Verstéiss géint de Waffestëllstand an der gescheiterter Ëmsetzung vun dëse Resolutiounen gouf den 11. Februar 2015 en neie Sommet am sougenannten Normandie-Format (Ukrain, Russland, Däitschland, Frankräich) organiséiert, no deem et zur Ënnerzeechnung vum Minsk-II-Ofkommes koum.

Dës Ofkommesse gräife Punkten aus de viregten Accorden op, enthalen méi prezis Mesuren, déi fir Fridden erbäiféiere sollen a méi genee Delaie fir d’Ëmsetzung. Beispillsweis muss den Austausch vu Gefaangene bannent fënnef Deeg nom Ofzuch vun de Waffe stattfannen.

Och hei si keng speziell Dispositioune fir Waffeliwwerungen ze fannen.

Ausserdeem ass Paräis kee wierklechen Ënnerzeechner vun dësem Ofkommes, betounen déi vun der AFP befrote Fachleit. “D’Ofkommesse goufen tëscht Vertrieder vun der Ukrain, Russland, Däitschland a Frankräich ausgehandelt, mee mir si keen direkten Ënnerzeechner, mee just Garante fir d’Ëmsetzung vum Accord vu Minsk”, seet de Jean de Gliniasty.

“Frankräich an Däitschland si Vermëttler, awer keng Signatairen”, füügt d’Alexandra Goujon bäi. Fir si ass dës Rhetorik “Deel vun der russescher Propaganda, déi weise wëll, dass de Westen net neutral ass, mee säit 2014 op der Säit vun der Ukrain steet.”

18 Caesar-Kanoune goufen zënter Februar ausgeliwwert

Dem Rapport vum Joer 2021 vum franséische Parlament iwwer Waffenexporter no huet Frankräich tëscht 2011 an 2020 Waffen am Wäert vu 56 Milliounen Euro un d’Ukrain geliwwert.

RTL Capture d'écran du rapport du Parlement de 2021 sur les armes, réalisée le 10/08/2022

Am Detail heescht dat 23,7 Millioune fir Material am Joer 2011, 2,2 Milliounen 2012, 3,3 Milliounen am Joer 2013, 1,6 Milliounen 2014, 1 Millioun 2015, 8,1 Milliounen am Joer 2016, 0,5 Milliounen 2017, 8,1 Milliounen 2018, 7,8 Milliounen am Joer 2019 an 0,1 Millioun 2020.

Zënter dem Ufank vun der Militäroffensiv vu Moskau an der Ukrain de 24. Februar huet Paräis uginn, 18 Caesar-Kanounen, Panzerofwierrakéite vum Typ Milan a Fluchofwierrakéite vum Typ Mistral u Kiew geliwwert ze hunn.

Mëtt Abrëll huet d’Florence Parly, déi deemoleg Militärministesch, d’Rüstungsgidder, déi Frankräich un d’Ukrain geliwwert huet, mat iwwer 100 Milliounen Euro uginn.

Enn Juni huet hiren Nofollger Sébastien Lecornu ugekënnegt, dass Frankräich zousätzlech “signifikant Quantitéiten” u gepanzerten Truppentransporter schécke géif.

D’USA hunn Ufank August eng nei Militärhëllef fir d’Ukrain an der Héicht vun enger Milliard Dollar ugekënnegt, dorënner och zousätzlech Rakéite fir déi amerikanesch Prezisiouns-Artilleriesystemer vum Typ Himars.

Mat dëser Hëllef erhéicht sech de Gesamtmontant vun der amerikanescher Militärhëllef fir d’Ukrain säit der Arrivée vum President Joe Biden op 9,8 Milliarden Dollar a säit Krichsufank op 9,1 Milliarden Dollar, sou de stellvertriedende Verdeedegungsminister fir politesch Froen, Colin Kahl.

Den 11. August goufen op enger internationaler Konferenz vu 26 Länner zu Kopenhagen 1,5 Milliarden Euro fir d’Ausrüstung an d’Ausbildung vun ukraineschen Truppe gesammelt.

Dësen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.