
No enger Rei vun ierféierenden Äusserunge vum US-President Donald Trump iwwer de Panamakanal gouf a Sozialen Netzwierker behaapt, den amerikaneschen Investmentgigant BlackRock hätt d’Waasserstrooss duerch e Milliarden-Deal acqueréiert. Dat stëmmt awer net.
BlackRock ass de gréisste Participant vun engem Investorekonsortium, dee sech bereet erkläert huet, Häfen op béiden Enner vum Passage fir d’Schëfffaart ze kafen, awer de Kanal selwer bleift ënnert der Zoustännegkeet vun de panamaeschen Autoritéiten.
“BlackRock huet grad de Panamakanal opkaf, a kee schwätzt doriwwer”, seet eng Stëmm am Ufank vun engem TikTok-Video vum 6. Mäerz 2025. “BlackRock, déi mächtegst Private-Equity-Firma op der Welt, huet grad d’Kontroll iwwer… de wichtegste Schëfffaartswee vun der westlecher Hemisphär iwwerholl.”
© AFP
© AFP
En X-Kont, deen de Video gedeelt huet, huet geschriwwen: “Dank dem Trump gehéiert de Panamakanal elo zum Verméige vu BlackRock”.
Änlech Bäiträg, déi weider Detailer vum Ofkommes beinhalten oder op Norichtenartikele mat akkuraten Informatioune verlinken, hu sech nieft X och op Threads verbreet. D’Behaaptung war och op Spuenesch am Ëmlaf.
Zënter senger zweeter Wiel zum amerikanesche President huet den Trump ëmmer nees behaapt, dass China de Panamakanal kontrolléiert an domat eng potenziell Sécherheetsbedroung fir d’Vereenegt Staaten duerstelle géif. Hien huet och behaapt, dass de Kanal ze héich Taxe fir Schëffer ënner amerikaneschem Fändel erhieft, an ugedeit, dass d’USA versiche kéinten, de Kanal “zeréckzeerueweren”, deen am Kader vun engem Ofkommes vun 1977 u Panama iwwergi gouf.
A senger Ried de 4. Mäerz virum versammelte Kongress huet den Trump eng weider Kéier gemengt: “Meng Regierung wäert de Panamakanal zeréckfuerderen, a mir hu schonn domat ugefaangen.”
Dës Äusserung huet eng séier Reaktioun vu panamaesche President José Raúl Mulino ervirgeruff, dee sot, dass den amerikanesche Regierungschef “litt” an dass de wichtegste Schëfffaartswee ënner panamaescher Souveränitéit bleift.
De selwechten Dag wéi dem Trump seng Ried huet d’Entreprise CK Hutchison Holdings Limited, déi zu Hongkong sëtzt, bekannt ginn, dass se d’Majoritéit un enger Duechtergesellschaft, déi 43 Häfen an 23 Länner bedreift, dorënner zwee am Panamakanal, un e vu BlackRock geféierten Investorekonsortium verkeeft. D’Verkeefer kréie knapp 19 Milliarden Dollar iwwerwisen.
D’Entreprise Hutchison sot, den Deal wär geschäftlech an net politesch motivéiert.
“Ech wëll betounen, dass d’Transaktioun reng kommerzieller Natur ass an näischt mat de jéngste politesche Meldungen iwwer d’Häfen am Panamakanal ze dinn hunn”, sot de Co-Gerant Frank Sixt an engem Statement (hei archivéiert).
“Mir hunn de Panamakanal net kaf”
Op enger Energiekonferenz zu Houston, Texas, den 10. Mäerz sot de CEO vu BlackRock Larry Fink, dass d’Meldungen iwwer d’Iwwernam vum Kanal duerch seng Entreprise falsch wären.
“Meng Kanner hu mech ugeruff a gefrot: ‘BlackRock huet de Panamakanal kaf, kënne mir duerchfueren?’ An ech sot: ‘Mir hunn de Panamakanal net kaf'”, sot de Fink engem Interviewer op engem Event vu CNBC, dat op YouTube gestreamt gouf (hei an hei archivéiert).
De Fink huet bäigefüügt, dass Panama just zwee vu méi wéi 40 Häfen duerstelle géif, déi am Kader vun der Transaktioun acqueréiert gi wären.
D’Fuerscher John Bradford an Isaac Kardon vun der S. Rajaratnam School of International Studies zu Singapur hunn an engem Fuerschungsbäitrag vum 10. Mäerz geschriwwen, dass d’Transaktioun zwar wichteg wär, awer näischt un den Eegentumsverhältnisser vum Kanal ännere géif (hei archivéiert).
Si soten, dass den Deal “d’global maritim Handelslandschaft grondleeënd veränneren an en déifgräifenden Afloss op d’Konkurrenz tëscht den USA a China hu wäert”, awer et “wäert d’souverän Kontroll vu Panama iwwer de Kanal net veränneren”.
“De Panama-Deel vun dëser Geschicht ass opgebauscht: De Kanal war ni ënner chineesescher Kontroll, nach geet en duerch dëse Kaf an d’Kontroll vun den USA iwwer.”
De Kanal gouf vun de Vereenegte Staate gebaut, haaptsächlech mat afro-karibeschen Aarbechtskräften. Erëffnung war 1914. D’USA hunn e bis 1977 verwalt, wéi ënner dem deemolege President Jimmy Carter Verträg iwwer d’Zeréckginn u Panama ënnerzeechent goufen.
Zënter 1999 gëtt de Kanal vun der Panama Canal Authority verwalt. Dat ass eng autonom Ariichtung, där hire Kommitee vum Parlament a vum panamaesche President ernannt gëtt.
Iwwer den 80 Kilometer (50 Meilen) laange Kanal gi 5 Prozent vum weltwäite maritimmen Handel a 40 Prozent vum US-amerikanesche Containertransport ofgewéckelt.
D’AFP huet nach aner Behaaptungen iwwer BlackRock iwwerpréift.
Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.