Am Summer 2024 hat den Internationale Geriichtshaff (IGH) eng Expertis publizéiert, an där en d’israeelesch Besatzung vu palästinensesche Gebidder als gesetzeswiddreg agestuuft huet.
Wéinst den unhalende Spannungen am Noen Osten hunn Notzer a Sozialen Netzwierker fälschlecherweis behaapt, dass den IGH Israel als Staat fir “illegal” erkläert hätt. Als “Beweis” hu si e Video verbreet, an deem de palästinensesche Politiker Riad al-Maliki virun der Press iwwer d’Expertis geschwat huet. D’Behaaptung ass awer falsch. Den IGH huet d’Presenz vun Israel an de besate palästinensesche Gebidder als net konform mam Gesetz bezeechent.
Den Konflikt am Noen Osten, dee scho méi laang unhält, huet eng al Falschbehaaptung nees opliewe gelooss, no där den Internationale Geriichtshaff (IGH), e Justizorgan vun de Vereenten Natiounen (UN), Israel als “illegale Staat” agestuuft hätt.
“* Breaking News * Israel gouf vum Internationale Geriichtshaff als illegale Staat erkläert”, housch et de 25. Juni 2025 an engem op Facebook gedeelte Video. Och op Instagram, Telegram an Tiktok hat sech d’Behaaptung séier verbreet. De Video weist de fréiere palästinenseschen Ausseminister Riad al-Maliki, dee sech iwwer eng Expertis vum Internationale Geriichtshaff vum 19. Juli 2024 iwwer de rechtleche Statutt vun der israeelescher Presenz an de palästinensesche Gebidder geäussert huet.
Am Video sot den al-Maliki géintiwwer Journalistinnen a Journalisten zu Den Haag, dass d’Expertis “en Tournant fir Palästina, d’Gerechtegkeet an d’Vëlkerrecht” wär.
Änlech Behaaptunge goufe schonn 2024 op Griichesch, Englesch a Spuenesch opgestallt.
© AFP
Dës Behaaptunge sinn awer falsch. Den IGH huet Israel net als “illegale Staat” bezeechent, mee just eng Expertis publizéiert, an där en d’Presenz vun Israel an de palästinensesche Gebidder fir illegal erkläert huet.
Wat den IGH 2024 tatsächlech sot
Den 30. Dezember 2022 hat d’UN-Generalversammlung den IGH ëm eng juristesch Expertis (Englesch: advisory opinion) gebieden. Dobäi handelt et sech ëm eng Erklärung, déi de Geriichtshaff zu all Rechtsfro op Demande vun de Gremien, déi an der UN-Charta dozou ermächtegt sinn, ofgi kann.
D’Demande vun der UN un den IGH hat zwee Punkte betraff: “D’rechtlech Konsequenze vun der kontinuéierlecher Verletzung vum Selbstbestëmmungsrecht vum palästinensesche Vollek duerch Israel, vun der unhalender Besatzung, der Besiidlung an der Annexioun vum zënter 1967 besate palästinensesche Gebitt”. An “d’Auswierkunge vun der Politik an de Praktike vun Israel” op de Rescht vun der Welt an d’Vereent Natiounen.
Den 19. Juli 2024 hat den IGH dës Froe vun der Generalversammlung mat enger Rei vu Schlussfolgerunge beäntwert. De Bericht huet festgehalen, dass “d’unhalend Presenz vum Staat Israel an de besate palästinensesche Gebidder gesetzeswiddreg ass” an huet ugemierkt, dass Israel verflicht wär, “seng gesetzeswiddreg Presenz an de besate palästinensesche Gebidder sou séier wéi méiglech op en Enn ze bréngen”.
Gläichzäiteg huet d’Expertis festgestallt, dass “all d’Staate verflicht sinn, d’Situatioun, déi sech aus der illegaler Presenz vum Staat Israel an de besate palästinensesche Gebidder ergëtt, net als rechtméisseg unzëerkennen”. Doriwwer eraus sollten international Organisatiounen “d’Situatioun, déi sech aus der illegaler Presenz vum Staat Israel an de besate palästinensesche Gebidder ergëtt, net als rechtméisseg unerkennen dierfen”.
Eng Rëtsch däitsch Medien haten iwwer d’Aussoe vun der Expertis bericht. Dës Expertis huet Israel deemno net als onrechtméissege Staat klassifizéiert. D’AFP huet keng ëffentlech Opzeechnunge fonnt, no deenen den IGH Israel als “illegale Staat” bezeechent huet. Eng Ufro un den IGH iwwer déi gedeelt Behaaptung blouf bis zur Publikatioun vun dësem Faktencheck ouni Äntwert.
© AFP
AFP-Bildmaterial beleet zousätzlech, dass d’Videoopnam, an där de palästinensesche Politiker al-Maliki d’Expertis kommentéiert huet, net aktuell ass. D’Opnam staamt vum 19. Juli 2024.
Wat am Noen Osten a leschter Zäit geschitt ass
De Krich an der Gazasträif war duerch déi brutal a grouss ugeluecht Attack vun der islamistescher Hamas op Israel de 7. Oktober 2023 ausgeléist ginn. Dobäi goufen no israeeleschen Angabe méi wéi 1210 Mënschen ëmbruecht, 251 Leit goufen als Geiselen an d’Gazasträif verschleeft. Nach ëmmer ginn 49 Geisele vun der Hamas festgehalen, op d’mannst 27 vun hinne sinn Informatioune vun der Arméi no dout.
Als Reaktioun op d’Hamas-Attack geet Israel zënterhier mat massive militäresche Géigeschléi am Küstegebitt vir. Dobäi goufen den Zuele vun den Hamas-Autoritéiten no bis elo méi wéi 56.000 Mënschen ëmbruecht.
D’humanitär Lag fir d’Leit an der Gazasträif ass zënter Méint katastrophal, no Aschätzung vun den UN sinn all d’Leit, déi do liewen, akut vun enger Hongersnout bedrot.
Den 13. Juni 2025 war d’Situatioun am Noen Osten op en Neits eskaléiert, wéi Israel iwwerraschend e groussen Ugrëff géint den Iran lancéiert hat, woubäi héichrangeg Militärkommandanten an Atomwëssenschaftler ëmbruecht goufen. No 12 Deeg géigesäitegen Attacken an der Bombardéierung vun iraneschen Atomanlagen duerch d’USA war de 24. Juni 2025 eng Wafferou a Kraaft getrueden. Op d’mannst 935 Leit goufe wärend dësem Konflikt tëscht dem Iran an Israel doutgemaach, wéi iranesch Staatsmedien den 30. Juni 2025 bekannt goufen. Ënner den Doudege wären 132 Fraen an 38 Kanner. An Israel koumen den Donnéeë vun de lokalen Autoritéiten 28 Leit ëm d’Liewen.
D’Presenz vun Israel an de palästinensesche Gebidder
Nom Sechsdeegkrich vun 1967 an der decisiver militärescher Victoire vun Israel iwwer Jordanien, Syrien an Ägypten hat Israel d’Gebidder vun der Gazasträif, vum Westjordanland, der Alstad vu Jerusalem an de Golanhéichte besat.
© AFP
De Status vun dëse Gebidder war an der Suite e wichtege Sträitpunkt am arabesch-israeelesche Konflikt.
D’Westjordanland steet zënter 1967 ënner israeelescher Besatzung. Zënter den 1980er-Joren huet Israel de Bau vu Siidlunge geneemegt, déi vun de Vereenten Natiounen als illegal ugesi ginn an am Mëttelpunkt vun de Spannungen tëscht der internationaler Gemeinschaft an Israel stinn.
D’AFP huet eng Abberzuel vu Behaaptungen iwwer den Konflikt am Noen Oste widderluecht, nozeliesen op hirer Internetsäit.
Fazit: D’AFP huet keng ëffentlech Opzeechnung fonnt, no där den IGH Israel als “illegale Staat” bezeechent huet. An enger juristescher Expertis hat d’Geriicht d’israeelesch Besatzung vu palästinensesche Gebidder fir illegal erkläert.
Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.