Scroll Top

Faktencheck: Iwwerschwemmungen a Spuenien: Biller vu riseger Wollek sinn net vu Barcelona, mee aus dem australesche Perth

Faktencheck: Iwwerschwemmungen a Spuenien: Biller vu riseger Wollek sinn net vu Barcelona, mee aus dem australesche Perth - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

Spuenien gouf an dësem Hierscht vu staarkem Reen heemgesicht, besonnesch den 29. Oktober an der Regioun Valencia an de 4. November zu Barcelona. An dësem Zesummenhang goung eng Time-Lapse, also eng Rei vu Fotoen, déi séier hannertenee geschoss goufen, am Internet viral, well si d’Entwécklung vun engem Wiederphenomen am Zäitraffer weist.

Se weist eng riseg gro Wollek, déi angeeblech iwwer engem Viruert vu Barcelona néiergaangen ass.

D’Biller stamen awer net aus Spuenien a si schonn e puer Joer al. Se goufen 2020 an der Géigend vum Fluchhafe vu Perth an Australien geschoss, wéi den Auteur vun den Opname géintiwwer der AFP confirméiert huet. Well se sou beandrockend sinn, gi se zënterhier reegelméisseg fir Falschmeldungen a sozialen Netzwierker genotzt.

D’Iwwerschwemmungen, déi den 29. Oktober 2024 de Südoste vu Spuenien, besonnesch d’Regioun Valencia, getraff haten, sinn der spuenescher Regierung no déi schlëmmst Naturkatastroph an der jéngster Vergaangenheet vu Spuenien. Se hunn de leschten disponibelen Donnéeën no – Zäitpunkt vun der Publikatioun vun dësem Artikel – bal 230 Doudesaffer an e puer Dose Vermësster gefuerdert an hunn Zéngdausende vu Geschiedegten hannerlooss (Archiv).

Ufank November goungen am Südosten an am Süde vum Land schonn nees staark Reefäll néier, déi virun allem zu Malaga wéi och zu Barcelona zu staarken Iwwerschwemmunge geféiert hunn (1, 2).

Impressionnant Wolleken

Wéi bei all extreemem Wiederphenomeen waren och dës aussergewéinlech Onwiederen e fruchtbaren Närbuedem fir Feelinformatiounen, wéi d’AFP nogewisen huet: An diverse Sproochen hunn Notzer op sozialen Netzwierker fälschlecherweis behaapt, d’Onwiedere wieren duerch den amerikaneschen HAARP, e Programm fir d’Ionosphär ze ënnersichen, ausgeléist ginn. Anerer hu behaapt, se wieren eng Konsequenz vum Ofrappe vun “Dämm” duerch d’Autoritéiten.

Ganz allgemeng ginn impressionant Biller vu Stierm oder opfällegen oder komesche Wollekeformatioune reegelméisseg an ierféierender Manéier an Netzwierker benotzt a gedeelt, wéi d’AFP schonn e puermol erkläert huet (1, 2).

“Time-Lapses (Zäitraffer) [Opnamen a reegelméissegen Ofstänn, Um. v. d. Red.], déi weisen, wéi den Himmel fërmlech op Castelldefels (an der Géigend vu Barcelona) fält, mat Wasserquantitéite vu méi wéi 15 Liter an 3 Stonnen” – dat stoung ënner anerem Ufank November a ville Bäiträg, déi Zäitrafferopname gewisen hunn, op deenen eng riseg gro Wollek um Horizont opzitt an iwwer Beem an eng Autobunn ewechzitt. E puer vun dëse Bäiträg goufen honnert- oder souguer zéngdausendmol weidergedeelt, souwuel op der Plattform X wéi och op Facebook an TikTok.

RTL © AFP

RTL © AFP

D’Biller sinn och a spuenescher an englescher Sprooch am Ëmlaf. Castelldefels gouf zwar de 4. November 2024 vun heftegem Reen heemgesicht, deen zu Iwwerschwemmunge geféiert huet, mee dësen Zäitraffer gouf net an dësem Viruert vu Barcelona gemaach. E staamt aus Australien, an zwar aus dem Joer 2020 (Archiv).

Bei diverse Wiederphenomener benotzt ginn

Bei enger ëmgekéierter Billersich huet d’AFP festgestallt, dass dës Biller schonn an de leschte Méint a Joren a Publikatioune benotzt goufen; an dat op verschiddenste Plaze vun eisem Planéit: a Florida wärend dem Hurrikan Milton am Oktober 2024 a virdrun z.B. an der indescher Stad Bangalore, hei a Bäiträg vu September 2022.

RTL © AFP

RTL © AFP

Am August 2023 haten och engleschsproocheg Ekippe vun der AFP a Südkorea dës Foto iwwerpréift, wéi a Bäiträg behaapt gi war, et géif sech ëm en Onwieder an deem Land handelen. Et hat sech erausgestallt, dass d’Biller an Australien um Fluchhafe vu Perth gemaach gi waren.

Ënner alle Social-Media-Bäiträg, an deenen d’Biller benotzt goufen, ass ee Bäitrag ze fannen, deen am Februar 2020 op YouTube mat enger portugisescher Bildbeschreiwung gepost gouf an en nëtzlechen Hiweis enthält. Uewe riets ass d’Mentioun “Kane Artie Photography – Not for media use – Licensing available” ze gesinn.

RTL © AFP

Eng Sich am Internet féiert zu engem Buttek mat dësem Numm, enger Internetsäit vun engem Fotograf, deen zu Perth un der Westküst vun Australien lieft (Archiv). De Fotograf Kane Artie, dee sech op senger Internetsäit als Autodidakt bezeechent, mécht Landschaftsopname vu senger Regioun, Dronenopnamen a sougenannt “time lapses“, d.h. Serië vun immens ville Fotoen, déi a reegelméissegen Ofstänn geschoss an dann am Zäitraffer als Video zesummegestallt ginn, fir d’Dynamik vu bestëmmte Phenomener ze weisen (Archiv).

Op sengem Facebook-Account ass en Zäitraffer ze fannen, deen den 2. August 2022 gepost gouf, awer och eng éischt Kéier de 25. Februar 2020, an deen iwwer 40.000 Mol gedeelt gouf. Do gëtt hien un, dass de Video um Fluchhafe vu Perth gemaach gouf, an erzielt vun der Intensitéit vum Wieder, déi hien zu dësem empfonnt hat. Hien huet dorop higewisen, dass d’Lizenz fir dës Sequenz bei “Severe Weather Australia” ze kréien ass, engem Medium, dee Videoe vun impressionante Wiederphenomener sammelt (Archiven 1, 2, 3).

RTL © AFP

D’Biller sinn och op der Startsäit vum Kane Artie sengem Instagram-Account ze fannen, déi hien den 1. August 2022 gepost hat (Archiv). Bis Mëtt November 2024 krute se iwwer 1,5 Millioune Likes. Se sinn och an der Rubrik “Viral reel” ze gesinn, wou de Fotograf mat virale Reels sammelt.

RTL © AFP

RTL © AFP

Hannergrond vum Video

An dësem Reel seet de Fotograf de villen Notzer, déi säi Video gedeelt hunn, Merci fir déi méi wéi 30 Milliounen Opriff am Joer 2022 an d’Explosioun vu senger Followerzuel, déi duerno bei iwwer 100.000 geleeën hätt.

Virun allem awer huet hien en Abléck iwwer d’Hannergrënn vun dësem Video (“behind the scene”) ginn, andeem hie speziell Biller virum Zerfale vun der Risewollek publizéiert huet. An enger gréisserer Astellung ass och ze gesinn, dass d’Biller um Rand vun der Start- a Landebunn vun engem Fluchhafe gemaach goufen.

RTL © AFP

Och e puer vun de Beem, déi an de virale Videoen ze gesi sinn, an deene behaapt gëtt, se wären an der Géigend vu Barcelona gemaach ginn, si gutt ze erkennen:

RTL © AFP

RTL © AFP

Der AFP war et leider net méiglech, duerch d’Benotze vun Detektiounsoutile fir kënschtlech Intelligenz, festzestellen, ob dës Biller kënschtlech verännert goufen.

De Kane Artie, deen zënter 10 Joer als Fotograf täteg ass, huet der AFP an engem Telefonat vum 22. November 2024 awer confirméiert, dass d’Biller “beim Fluchhafe vu Perth” opgeholl goufen, an zwar no der Time-Lapse-Prozedur, déi erkläert, “firwat se sech sou séier beweegen”. Hien huet ausserdeem verséchert, dass d’Biller absolutt authentesch wieren a weder kënschtlech Intelligenz benotzt nach op iergendeng Manéier manipuléiert goufen.

Visuell Unhaltspunkten

Google Maps erméiglecht et, d’Plaz vun den Opnamen ze confirméieren. Charakteristesch geformt Beem, e wäisse Metallënnerstand, Silhouettë vu Fligeren am Hannergrond: dat sinn d’visuell Unhaltspunkten, déi souwuel am Kane Artie sengem Zäitraffer, a sengem Backstage-Reel wéi och an den ierféierende virale Publikatiounen ze gesi sinn.

RTL © AFP

Unhand vun enger einfacher Kaart léisst sech d’Positioun vum Fotograf zum Zäitpunkt vum Passage vun der Wollek an engem fir Visiteure reservéierte Beräich (“Perth Airport public area”) novollzéien, virun him eng Autobunn, hannert him d’Start- a Landebunn vum Fluchhafen:

RTL © AFP

Konspiratiounstheorien

D’Biller si sou impressionant, dass sech Internetnotzer souguer virstelle kënnen, dass d’Wollek vum amerikaneschen Ionosphärfuerschungsprogramm HAARP aus dem Näischt hiergestallt gouf – eng Konspiratiounstheorie, déi an de Sozialen Netzwierker bei all aussergewéinlechem Naturschauspill ëmmer nees opdaucht, wéi d’AFP schonn e puermol bewisen huet (1, 2, 3).

Am August 2022 hat den Daniel Shaw, “Jeeër vun Onwiederen” an nationalen Informatiounsdirekter vu “Severe Weather Australia“, déi d’Rechter um Kane Artie sengem Video besëtzen, géintiwwer AFP Seoul uginn, dass d’Biller genee de 25. Februar 2020 opgeholl gi waren (Archiven 1, 2).

Op dësem Dag war zu Perth vun engem schwéiere Stuerm mat Staarkreen, Blëtzer an heftegem Wand heemgesicht ginn, wéi australesch Mediegemellt haten.

RTL © AFP

The Weather Channel,en op Meteorologie spezialiséierte Fernseesender mat Sëtz an den USA, huet och den Zäitraffer vum Kane Artie an engem Video vum 7. August 2020 analyséiert an huet vun engem “Microburst”-Phenomeen geschwat.

Dës Zort vu Wolleken, déi bei bestëmmte Stierm optrieden, zeechne sech duerch dat plëtzlecht Fräisetze vu grousse Reequantitéiten oder Knëppelsteng an enger ofsteigender Kalloftsail op enger Fläch vu bis 4 km2 aus, erkläert den amerikanesche Wiederdéngscht op senger Internetsäit (Archiv).

RTL © AFP

Den australesche Wiederbüro, deen den 22. November 2024 vun der AFP kontaktéiert gi war, huet e Kommentar ofgeleent an an enger E-Mail dorop verwisen, dass e sech ni zu Publikatiounen äussere géif, déi a Sozialen Netzwierker am Ëmlaf sinn, an huet op den Auteur vum Video verwisen.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.