Dat ukrainescht Gesetz ënnerseet et Walen duerchzeféieren, wärend sech d’Land am Krich befënnt. An de sozialen Netzwierker ass awer d’Behaaptung am Ëmlaf, dass den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj e “faschisteschen Diktator” wär, deen déi demokratesch Wale “verbueden” hätt, fir un der Muecht ze bleiwen.
“De liberalfaschisteschen Diktator @ZelenskyyUA huet d’Walen an der faschistescher Ukrain verbueden”, heescht et an engem tschecheschsproochege Facebook-Bäitrag vum 18. Mee 2023, deen iwwer 220 Mol gedeelt gouf. “Wéi wa mir ni d’Wouerecht doriwwer kréie wäerten, wéi vill Ukrainerinnen an Ukrainer wierklech Krich géint Russland wëllen”, behaapt de Facebook-Notzer weider.
Änlech Behaaptunge kurséieren och op Englesch a Franséisch.
© AFP
Munch vun den englesch- a franséischsproochege Bäiträg beinhalten e Videoextrait vu 24 Sekonne vun engem Interview mam Selenskyj, deen hien den 22. Juni 2023 géintiwwer der brittescher ëffentlech-rechtlecher BBC ginn hat. Eng ukrainesch Transkriptioun vum Interview ass op der Internetsäit vun der BBC ofruffbar (hei archivéiert).
Wat huet de Selenskyj gesot?
Am Video sëtzt de Wolodymyr Selenskyj un engem Dësch a schwätzt op Ukrainesch an d’Kamera. De Logo vun der BBC gëtt ageblent, et gëtt keng Ënnertitelen. En Twitter-Notzer behaapt an de Kommentarer, dass “de Selenskyj d’Walen annuléiert” hätt a “sech selwer zum President erkläert” hätt.
D’Parlamentswalen an der Ukrain ware fir Oktober 2023 ugesat, wärend d’Presidentschaftswal am Mäerz 2024 soll sinn.
Aner Bäiträg ernimmen en Interview vum ukrainesche President mat der US-amerikanescher Dageszeitung Washington Post vum 15. Mäerz 2023 (hei archivéiert).
A béiden Interviewe sot de Selenskyj, dass et keng Wale gi kéint, soulaang d’Krichsrecht am Land gëlle géif.
“Wa mir ënner Krichsrecht stinn, kënne mir keng Walen organiséieren. D’Verfassung ënnerseet all Walen ënner Krichsrecht”, sot hie géintiwwer der Washington Post.
Op d’Fro vu BBC News, ob et am nächste Joer Walen an der Ukrain géif ginn, huet hien änlech geäntwert: “Dat ass e globale Problem. Wa mir gewannen, da jo. Dat bedeit, mir wäerten eis net länger a Krichszäite befannen. A per Gesetz mussen d’Walen a Friddenszäiten ofgehale ginn, wa kee Krich ass. Ech hätt wierklech gär, dass d’nächst Joer Fridden herrscht an d’Liewen nees sou gëtt wéi virum Krich.”
De Selenskyj huet d’Walen also net “ofgesot”, fir selwer un der Muecht ze bleiwen, wéi d’Bäiträg a sozialen Netzwierker suggeréieren. Hie sot, d’Wale géife verréckelt, wa sech d’Ukrain zum eigentlech geplangten Zäitpunkt nach am Krich befanne géif. Dat berichten och ukrainesch Medie wéi d'”Nei Stëmm vun der Ukrain” (héi archivéiert), déi en Artikel verëffentlecht huet mat der Schlagzeil “Ukrain wäert Walen no Krichsenn ofhalen, seet de Selenskyj”.
© AFP
Déi verbreet Bäiträg a sozialen Netzwierker behaapten, de Selenskyj wär en “Diktator” a seng Ukënnegung géif angeeblech dat ukrainescht Recht verletzen. Expertinnen an Experten hunn awer erkläert, dass dat ukrainescht Gesetz d’Ofhale vu Walen a Krichszäite verbidde géif.
Walen a Krichszäite si verbueden
Wéi Russland de 24. Februar 2022 an d’Ukrain amarschéiert ass, gouf als Reaktioun op d’Invasioun direkt d’Krichsrecht verhaangen.
D’Krichsrecht verbitt männleche Bierger am Alter tëscht 18 a 60 Joer, hire feste Wunnsëtz ouni Zoustëmmung vum zoustännege Militär ze verloossen, a verlaangt d’Ariichtung vun enger Militärverwaltung an alle Regiounen nieft den Zivilautoritéiten.
Zanter dem Ugrëff vu Russland op d’Ukrain huet dat ukrainescht Parlament siwe Mol dofir gestëmmt, d’Krichsrecht ze verlängeren (hei archivéiert). Déi jéngst Verlängerung leeft den 18. August 2023 aus an d’Entscheedung fir en op en Enn kommen ze loossen misst vum ukrainesche Parlament an dem President zesumme getraff ginn.
“D’Werchowna Rada, dat ukrainescht Parlament, stëmmt fir d’Krichsrecht (…) an dann ënnerschreift et de President, uschléissend muss et an der Regierungszeitung verëffentlecht ginn an dann trëtt d’Gesetz a Kraaft. Dat ass d’Prozedur.”, huet de Mykola Davydiuk den 11. Juli 2023 géintiwwer der AFP gesot. Hien ass Direkter vum Think Tank Politics, dee säi Sëtz zu Kiew huet.
D’Ioulia Shukan fuerscht iwwer politesch Soziologie a léiert slawesch Kultur op der Universitéit Nanterre zu Paräis a Frankräich. Si sot de 27. Juni 2023 géintiwwer der AFP: “All politesch Gruppéierungen, och déi, déi an der Oppositioun zum Selenskyj stinn, hunn d’Ëmsetzung ënnerstëtzt an erneiert.”
De Yurii Kliuchkovskyj, promovéierte Jurist an eemolege Member vum ukrainesche Parlament, sot den 29. Juni 2023 géintiwwer der AFP, dass ënner dem Krichsrecht dat “demokratesch gewielt Parlament zesumme mat gewielten Organer vun der lokaler Selbstverwaltung” funktionéiere géif, “mat Ausnam vun de besate Gebidder a Gebidder, an deenen aktiv gekämpft gëtt”.
Artikel 64 vun der ukrainescher Verfassung beseet, dass am Kader vum Krichsrecht fir e bestëmmten Zäitraum bestëmmt Aschränkunge vun de Rechter a Fräiheete verhaange kënne ginn. Dat gëllt fir d’Walrecht, dat duerch d’Krichsrecht bis op Weideres ageschränkt ka ginn.
Artikel 19 vun der spezieller Krichsgesetzgeebung vun der Ukrain mam Titel “Iwwer dat rechtlecht Reegelwierk vum Krichsrecht” verbitt ausdrécklech d’Ofhale vu Presidentschafts-, Parlaments- oder Gemengewale wärend engem Krich.
© AFP
Weider gesäit den Artikel 19 vir: “Ënnert de Konditioune vum Krichsrecht ass Folgendes verbueden: d’Ännerung vun der Verfassung vun der Ukrain, d’Ännerung vun der Verfassung vun der Autonomer Republik Krim, d’Duerchféierung vu Wale fir de President vun der Ukrain souwéi vu Wale fir d’Werchowna Rada vun der Ukrain, d’Werchowna Rada vun der Autonomer Republik Krim an déi lokal Selbstverwaltungsorganer.”
Artikel 20 vum Walgesetz schreift vir, dass am Fall, wann d’Krichsrecht ausgeruff gëtt, de Walprozess den Dag vum Akraafttriede vum presidialen Arrêté op en Enn kënnt. De Walprozess sollt “nom Enn oder nom Ophiewe vum Krichsrecht oder vum Ausnamezoustand” nees opgeholl ginn, heescht et.
Den Artikel beseet ausserdeem, dass d’Entscheedung iwwer d’Asetze vu Walen, déi opgrond vum Verhänke vum Krichsrecht ausgesat sinn, “spéitstens ee Mount nom Datum vum Enn oder vum Ophiewe vum Krichsrecht oder vum Ausnamezoustand” getraff muss ginn.
“E ‘Pauséiere’ vum Krichsrecht, fir Walen ofzehalen oder aus anere Grënn, ass net méiglech oder legal”, sot de Yurii Kliuchkovskyj géintiwwer der AFP.
“Dat déngt dem Schutz virun enger Besetzung oder huet och aner Grënn, z.B. wann eng auslännesch Arméi an d’Land amarschéiert a seet: ‘Okay, loosst eis eng Wal organiséieren’ an en neie President an en neit Parlament a sou weider wielt. Et ass also en Outil fir de Schutz vun der Verfassung a vun der Regierung”, sot de Mykola Davydiuk.
D’Verfassung vun der Ukrain gouf 1996 votéiert an dat entspriechend Gesetz iwwer d’Rechtsuerdnung vum Krichsrecht am Joer 2015.
“De President Selenskyj war zu dësem Zäitpunkt nach net an der Politik aktiv an hat dowéinst keng Méiglechkeet, den Inhalt vun dësem Gesetz ze beaflossen”, huet de Yurii Kliuchkovskyj betount.
De Selenskyj gouf 2019 gewielt an huet den Informatioune vun der Walkommissioun no am zweete Walgang vun der Presidentschaftswal iwwer 73 Prozent vun de Stëmme kritt, säi Kontrahent Petro Poroschenko krut just 24,4 Prozent.
Legitimitéit vu Walen a Krichszäiten
All d’Expertinnen an Experten, déi vun der AFP befrot goufen, hunn unanime betount, dass d’Duerchféiere vu legitimme Walen a Krichszäiten op all Fall zimmlech komplizéiert wär.
“Net all Wal ka wierklech als demokratesch bezeechent ginn: Rechtméisseg Wale musse fräi a fair sinn an am Aklang mat dem sougenannten ‘europäesche Walierwen‘ ofgehale ginn, dat vun der Venedeg-Kommissioun vum Europarot formuléiert gouf”, huet de Yurii Kluchkovskyj erkläert.
Dëst sinn d’Haaptproblemer bei der Duerchféierung vu Wale wärend engem Krich:
1. Kierperlech Sécherheet assuréieren
Den éischte Grond, firwat Walen net a Krichszäiten ofgehale kënne ginn, ass d’Schwieregkeet, déi physesch Sécherheet souwuel vun der Wielerschaft wéi och vun den Organisateuren ze assuréieren. Zanter dem Ufank vun de russeschen Attacke gouf dat gesamt Gebitt vun der Ukrain mat Rakéite beschoss, heefeg goufen och Zivilistinnen an Ziviliste getraff. Wallokaler wären einfach Ziler.
“Am ganze Land herrscht physesch Onsécherheet. Mir gesinn, dass och a westleche Regioune kritesch Infrastruktur bombardéiert gëtt, déi och Zivilistinnen an Ziviliste betrëfft. An dëser Hisiicht gëtt et och keng sécher Gebidder. Dohier bedeit de Versuch, Mënschen a grousser Zuel fir eng Wal ze versammelen, si der Onsécherheet auszesetzen”, sot d’Ioulia Shukan géintiwwer der AFP, “besonnesch bei enger Front, déi sech beweegt”.
© AFP
D’Sécherheet vu Politikerinnen a Politiker ass och e Sujet: “D’Presidentschaftswal ass méi einfach, well een zu Kiew sëtzen a Fernsee, Facebook an aner Medien notze kann, awer wann een iwwer Kommunalwale schwätzt, ass et wierklech ganz, ganz schwiereg”, sot den Davydiuk.
“Mir sollten och d’Tatsaach berécksiichtegen, dass déi befreit Gebidder staark verminnt sinn an et Méint a Joren dauert, bis dës mat grousser Sécherheet vu Minne geséchert goufen”, huet de Yurii Kliuchkovskyj betount.
2. Walkampf féieren
“Wann d’Existenz vun engem Staat selwer ënner Beschoss steet, kéint et e geféierleche Pleséier sinn, politesche Walkampf am Krichszoustand ze féieren”, sot de Kliuchkovskyj.
Ëffentlech Versammlungen a Manifestatioune wären am Ausnamezoustand gesetzlech verbueden, dohier kéint et keen nennenswäerte Walkampf ginn, sou d’Ioulia Shukan. D’Duerchféierung vun enger Wal ënnert esou Ëmstänn wär “onvirstellbar”.
“Demokratesch Wale kënnen natierlech eréischt ofgehale ginn, wa mir de Krich gewonnen hunn an d’Autoritéiten an de verluerene Gebidder nees d’Kontroll iwwerholl hunn. Awer eréischt, wa mir déi fräi Medien, politesch Parteien an Aktivistinnen an Aktivisten an d’Gebidder zeréckbruecht hunn”, sot de Mykola Davydiuk.
3. Berécksiichtegung vun internen an externe Flüchtlingen
De Krich huet Millioune vun Ukrainerinnen an Ukrainer verdriwwen, souwuel am Banneland wéi och an d’Ausland. D’Expertinnen an Experten hunn drop higewisen, dass d’Wieler-Registréierung ënnert dësen Ëmstänn ganz schwiereg wär.
Fir d’Gerechtegkeet vun de Walen ze assuréieren, “ass et noutwenneg, eng zouverlässeg Erfaassung vun de Biergerinnen a Bierger duerchzeféieren, wat e wäitreechende Problem duerstellt an d’Léisung dovun erhieflech Ressourcen erfuerdert. Déi sinn ënner Krich-Konditioune knapp”, sot de Yurii Kliuchkovsky géintiwwer der AFP.
Virun deem Hannergrond, dass den UN-Flüchtlingskommissariat UNHCR schätzt, dass méi wéi fënnef Millioune Mënschen an der Ukrain intern verdriwwe sinn an aacht Milliounen d’Land a Richtung vun aneren europäesche Länner verlooss hunn, huet d’Ioulia Shukan d’Fro opgeworf: “Wéi kënnen d’Wale bei enger sou grousser Zuel vu verdriwwene Mënsche grondleeënd organiséiert ginn?”
4. Besat Gebidder
Schliisslech bleift nach d’Fro vun de besate Gebidder, déi no russeschem Recht agéieren a mat deenen d’Kommunikatioun ënnerbrach ass. Well et am Moment onméiglech wär, do ukrainesch Walen ofzehalen, wären dës Gebidder vum demokratesche Prozess ausgeschloss, sot de Kliuchkovskyj.
An de Joren 2014 bis 2021 wär d’Ukrain scho gezwonge gewiescht, Walen ofzehalen, ouni bestëmmt Gebidder anzebezéien, an deenen d’Sécherheet net hätt kënnen assuréiert ginn. Dozou hunn och dat besat Gebitt vun der Krim, bestëmmt Deeler vun de Gebidder Donezk a Luhansk souwéi weider ugrenzend Gebidder gehéiert, huet de Kliuchkovskyj erkläert.
“Dat gouf vun der Gesellschaft net als positiv opgeholl. Schliisslech sollte souwuel d’Parlament wéi och de Staatspresident nom Wëlle vum ganze Vollek gewielt ginn, wéi et am Artikel 3 vum Protokoll Nr. 1 zu der Europäescher Mënscherechtskonventioun festgeluecht ass”, sou den Expert weider.
© AFP
Zäitweileg Uwendung vum Krichsrecht
Obwuel sech d’Expertinnen an Experten eens sinn, dass d’Ukrain a Krichszäiten net an der Lag wär, demokratesch Walen ofzehalen, erënnere si och drénglech dorun, dass d’Krichsrecht wierklech nëmmen a Krichszäiten ugewannt sollt ginn.
Den 28. November 2018 huet d’Regierung vum deemolege President Petro Poroschenko an zéng Regioune vun der Ukrain fir en Zäitraum vun 30 Deeg d’Krichsrecht verhaangen, wat zu grousser Kritik aus ville Reien um Poroschenko senge Beweeggrënn gefouert huet.
“Zu dëser Zäit war de Petro Poroschenko President vun der Ukrain an dëse Schratt war op d’Aggressioun vu Grenz-Schëffer vun der Russescher Federatioun an der Strooss vu Kertsch zeréckzeféieren. Et gëtt awer d’Meenung, dass dës Aktioun vum Petro Poroschenko politesch motivéiert war, well d’Presidentschaftswalen 2019 sollten ofgehale ginn”, huet den Zenter fir Politik a Rechtsform, eng ukrainesch Organisatioun, déi sech op Froen zu Demokratie, Rechtsstaatlechkeet a gudder Regierungsféierung spezialiséiert huet, den 21. Juli 2023 géintiwwer der AFP erkläert.
Trotzdeem wär dës Situatioun “net vergläichbar mat dem 24. Februar 2022”.
Onfaire politesche Virdeel fir de Selenskyj?
E puer Expertinnen an Experte warnen, dass eng verlängert Uwendung vum Krichsrecht dem Selenskyj e Virdeel géintiwwer senge politesche Géignerinnen a Géigner verschafe kéint.
“Hien ass en eenzegaartegen Typ am Feld vun de Kandidaten, wéi e Superleader. Hie kann Entrevuë mam Biden, dem Kinnek Charles, mam Macron, mam Orban a mat wiem och ëmmer organiséieren. An der Tëschenzäit kënnen déi aner Politikerinnen a Politiker net emol d’Land verloossen”, sot den Davydiuk. “De Wettbewerb ass net fair.”
© AFP
Den anere Problem wär, dass d’Medien an der Ukrain wärend dem Krich net fräi wären, sot den Expert. Den eenzege groussen offizielle Fernseesender stéing ënnert der Kontroll vun der Regierung, “dohier ass de President bei wäitem déi stäerkst Figur”, sot hien.
Dem Davydiuk no wären aner Kandidatinnen a Kandidate wéi de Selenskyj och nom Ophiewe vum Krichsrecht weiderhin extreem benodeelegt, wann d’Walen ze séier ofgehale géife ginn, well si net dee selwechten Zougang zu Medie gehat hätten, ze séier domat beschäftegt gewiescht wären, am Krich ze kämpfen a keng Zäit gehat hätten, en uerdentleche politesche Walkampf ze organiséieren.
Den Anatoliy Oktysiuk ass Politikanalyst beim Think Tank Democracy House zu Kiew (hei archivéiert). Hie sot de 14. Juli 2023 géintiwwer der AFP: “A Krichszäite brauch de Staat séier Decisiounen a Moossnamen, wat Institutiounen net ëmmer leeschte kënnen. Dat ass gutt fir d’Krichszäit, awer schlecht fir de Fridden.”
An awer géif dem Selenskyj säi staarkt Ofschneide bei der Wal 2019 him eng staark Legitimitéit am Entscheedungsprozess ginn an hie wär ganz geschéckt doran, d’Bevëlkerung ze mobiliséieren, huet den Oktysiuk bäigefüügt.
Fazit: Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet keng Walen an der Ukrain verbueden a sech net iwwer d’ukrainescht Gesetz ewechgesat. Am Géigendeel: Well d’Krichsrecht am Moment an der Ukrain a Kraaft ass, kënne keng Walen ofgehale ginn. Expertinnen an Experten hunn der AFP ausserdeem erkläert, dass et immens schwiereg wär, a Krichszäite gerecht Walen ze organiséieren. Ënnert anerem wär dobäi d’Sécherheet vun der Wielerschaft a vun den Organisateuren a Gefor.
Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.