
Leschte Méindeg (10. Februar) war zu Paräis en internationale Sommet iwwer Kënschtlech Intelligenz (KI), un deem Politiker a Vertrieder vun der Tech-Branche deelgeholl hunn, fir zwee Deeg laang iwwer déi grouss Erausfuerderungen an Auswierkunge vun dëser Technologie ze debattéieren.
Ofgesi vun den technologesche Fortschrëtter erméiglecht KI och, dass Online-Desinformatiounen zouhuelen, well se a méi grousser Quantitéit a méi liicht ze produzéieren an ëmmer méi bëlleg ginn.
Trotz Deepfakes, dem Beaflosse vu Walen an Chatbotten, déi Desinformatioune verbreeden, schéngt d’Pollutioun vun der Informatiounswelt eng vun de gréisste Gefore vu Kënschtlecher Intelligenz (KI) ze sinn. An zwar well se ëmmer méi zum Asaz kënnt.
Dat séiert Verbreede vun dëser Technologie, déi am Mëttelpunkt vun engem Sommet zu Paräis stoung, bei deem quasi déi ganz Welt dobäi war, huet d’Desinformatioun an de leschte Jore scho gefiddert an hir nei, redoutabel Tools un d’Hand ginn (Link hei archivéiert).
An der Slowakei huet 2023 eng Opnam fir grouss Opreegung gesuergt: Doran hat de President vun enger pro-europäescher Partei zouginn, dass d’Parlamentswale manipuléiert gi waren. Wéi d’AFP-Faktencheck-Ekipp awer deemools feststelle konnt, hat et sech dobäi ëm en Deepfake gehandelt, also e Contenu, dee mat Hëllef vu KI manipuléiert gouf an d’Wieler beaflosse konnt.
Iwwerall op der Welt si Politiker schonn Affer vun dëser Zort Diffamatioun ginn, déi an de Sozialen Netzwierker en héicht Viralitéitspotenzial huet.
Sou zum Beispill de fréieren US-President Joe Biden, deem seng Stëmm manipuléiert gouf, fir Wieler ze roden, net wielen ze goen (Link hei archivéiert). Oder den Emmanuel Macron, dee säi Récktrëtt an engem dacks gedeelte Video mat manipuléierter Stëmm ugekënnegt hat.
Vun der Jacinda Ardern, der fréierer Premierministesch vun Neiséiland, iwwer de russesche President Wladimir Putin bis zum kanadesche Premierminister Justin Trudeau huet d’AFP an de leschte Joren eng Abberzuel u manipuléierte Video- an Audiocontenuen iwwerpréift.
Deepfakes vu Perséinlechkeeten ze erstellen ass, haut mat e puer Klicks méiglech, wéi d’AFP am Summer 2023 mat engem Audiotest vum Emmanuel Macron ausprobéiere konnt.
Pornografesch Deepfakes
Politikerinnen an den USA, Italien, Groussbritannien a Pakistan sinn Affer vu KI-generéierte Biller mat pornografeschem Contenu ginn. Dësen Trend gëtt vu Fuerscher als besuergneserreegend agestuuft, well en d’Deelhuele vu Fraen um ëffentleche Liewe menacéiert (Link hei archivéiert).
Dës sexuell motivéiert Deepfakes riichte sech och reegelméisseg géint Prominenter wéi d’amerikanesch Sängerin Taylor Swift. An all d’Frae wären haut ufälleg dofir, warnt den American Sunlight Project, eng Fuerschungsgrupp, déi sech mat Desinformatioun beschäftegt (Link hei archivéiert).
KI steet och am Mëttelpunkt vu grouss ugeluechten digitalen Amëschungsoperatiounen.
Zu de prominentste Beispiller gehéieren d’pro-russesch Campagnë mam Numm “Doppelgänger“, “Matroschka” oder “CopyCop“. Hir Auteure gräifen a groussem Ëmfang op net authentesch Profiller, sougenannt Bots, zeréck, fir KI-generéiert Contenuen ze publizéieren, déi ënner anerem als Zil hunn, d’westlech Ënnerstëtzung fir d’Ukrain ze ënnergruewen.
“Nei ass d’Ausmooss an d’Liichtegkeet, mat där eng Persoun mat immens gerénge finanzielle Mëttelen an zäitleche Ressourcë falsch Contenue verbreede kann, déi ausserdeem ëmmer méi glafwierdeg erschéngen an ëmmer méi schwéier ze erkenne sinn”, huet d’Chine Labbé, Chefredaktesch vun der Organisatioun “Newsguard”, déi d’Zouverlässegkeet vun Onlinesäiten an hir Contenuen analyséiert (Link hei archivéiert).
Och Viginum, d’franséisch Organisatioun fir d’Bekämpfe vun auslännescher digitaler Amëschung, betount an der Zesummefaassung vun hirem Rapport, deen am Virfeld vum Paräisser Sommet verëffentlecht gouf, dass KI eng “nach ni do gewiescht Ënnerstëtzung fir d’Generéierung an d’Gestioun vun onauthentesche Konten op Online-Plattformen” duerstellt an eng “zéngfach Kapazitéit fir d’Replikatioun a koordinéiert Publikatioun vun net authentesche Contenuen am grousse Moossstaf” erméiglecht (Link hei archivéiert).
“Pollutioun vum Internet”
Kee Beräich ass virun esou fiktive Contenue sécher: Gefälscht Museksvideoe ginn dacks an Ëmlaf bruecht, genee wéi falsch Fotoe vun historeschen Evenementer, déi mat e puer Klicks hierzestelle sinn (Link hei archivéiert).
Schonn 2022 gouf en angeeblecht Lidd vum US-Rapper Eminem, an deem hien de fréiere mexikanesche President kritiséiert soll hunn, vun Dausenden Internetnotzer fir en echte Song gehalen, deen awer am Internet mat Hëllef vun enger Software generéiert gi war, déi esou Audioen an e puer Sekonnen erstelle konnt.
Am Joer 2024 hat sech d’AFP och mat enger angeeblecher Foto vum Yasuke beschäftegt, dem “éischte schwaarze Samurai”, deen am 16. Joerhonnert a Japan gelieft huet. Mä och wann et dës Figur wierklech gouf, huet d’Foto eng Rëtsch historesch Ongereimtheeten opgewisen a war op en Neits mat Hëllef vun enger Software erstallt ginn.
Op Facebook ginn et Konten, déi häerzerwiermend, vu KI produzéiert Biller weisen a verbreeden, fir d’Opmierksamkeet vun de Leit ze kréien. Dobäi geet net onbedéngt dorëm, eng Falschmeldung an Ëmlaf ze bréngen, mee villméi dorëm, Opmierksamkeet fir kommerziell Zwecker ze kréien oder souguer Arnaquë virzebereeden, soubal liichtgleeweg Notzer identifizéiert goufen.
D’AFP huet beispillsweis angeeblech Autosaccidenter a Biller vu blesséierten Déieren ënnersicht, déi och d’Empathie vun den Notzer erreeche wëllen, fir si op Säiten ze kréien, déi vun hinne Suen erpresse wëllen. Esou Säiten änneren och den Text vun hire Bäiträg, soubal dës massiv weiderverbreet goufen, fir dann e komplett anere Contenu ze vermëttelen.
En anere Fall: 2024 goufen Deepfakes vu bekannten Dokteren, wéi dem Michel Cymes a Frankräich, verbreet, fir Reklamm fir Heelmëttel ze maachen, déi si awer ni ënnerstëtzt haten (Link hei archivéiert).
Wéi Enn Dezember an den USA d’Geschicht vun engem Mann, deen an der New Yorker Metro eng Fra a Brand gestach hat, d’Ronn gemaach hat, war eng angeeblech Foto vum Affer zirkuléiert. Se gouf mat KI kreéiert an d’Drama gouf instrumentaliséiert, fir op Internetsäite fir Kryptowärungen ze verweisen.
“Nieft dem Risiko vun Desinformatioun besteet och de Risiko vu Pollutioun vum Internet. Et weess een ni, ob een et mat engem Contenu ze dinn huet, deen iwwerpréift a vun engem gewëssenhafte Mënsch beaarbecht gouf, oder ob e vun enger KI generéiert gouf, ouni dass een d’Wourecht dovun iwwerpréift huet”, seet d’Chine Labbé.
Sou entstinn am Internet eng Abberzuel Internetsäite mat KI-generéierte Contenuen (wat heiansdo un de Reschter vun den Uweisungen, déi un d’Software fir d’Erstelle vun dëse Contenuen an den Artikele geschéckt goufen, ze erkennen ass), déi kommerziellen Zwecker, Propaganda oder der Fërderung vu bestëmmte Produkter déngen.
An all Evenement, op dat d’Noriichte sprangen, féiert zu enger Flut vun online erstallte Biller, wéi d’Bëschbränn zu Los Angeles Ufank 2025, bei deene gefälscht Fotoe vun engem brennenden “Hollywood”-Schëld oder vun engem verbrannten Oscar ronderëm d’Welt goungen.
Och beléift Chatbots wéi den amerikaneschen ChatGPT kënnen zur Verbreedung vun Desinformatioune bäidroen, betount d’Chine Labbé vun “Newsguard”: “Se tendéieren dozou, fir d’éischt KI-generéiert Quellen ze zitéieren, also bäisst sech d’Kaz selwer an de Schwanz.”
Recherchë vun Newsguard, déi Ufank Februar publizéiert goufen, weisen och, dass dës Zort vun Chatbots a bestëmmte Sprooche wéi Russesch a Chineesesch méi Desinformatioune generéieren wéi op Englesch, well se a bestëmmte Sprooche méi duerchlässeg fir staatlech Propaganda sinn (Link hei archivéiert).
D’Arrivée vun der chineesescher Plattform DeepSeek, déi angeeblech méi bëlleg entwéckelt gouf an an hiren Äntwerte just déi offiziell chineesesch Positioune weidergëtt, verstäerkt just d’Noutwendegkeet, e Kader fir dës Tools ze schafen, argumentéiert d’Chine Labbé. Fir si besteet eng vun de Léisungen doran, den Chatbots bäizebréngen, “zouverlässeg Quelle vu Propagandaquellen ze ënnerscheeden” (Link hei archivéiert).
Eng Illustratioun mat de Logoe vun DeepSeek, ChatGPT, dem Chatbot vun OpenAI, gemaach zu Toulouse am Süde vu Frankräich den 29. Januar 2025. / © AFP / Lionel BONAVENTURE
Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.