Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: KI-generéiert Biller vu McDonald’s-Filial viru Pyramiden

Faktencheck: KI-generéiert Biller vu McDonald's-Filial viru Pyramiden - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

De Fast-Food-Gigant McDonald’s huet keng Filial virun de Pyramiden an Ägypten opgemaach. Dat gouf nämlech a Bäiträg behaapt, déi am Januar 2024 ëmmer nees a Südkorea an de sozialen Netzwierker gedeelt goufen. D’Biller an de falsche Bäiträg goufe mat Hëllef vu Kënschtlecher Intelligenz (KI) hiergestallt.

“Wow, dat ass aktuell an Ägypten lass”, heescht et an engem koreanesche Bäitrag, deen den 30. Januar 2024 an dem südkoreanesche Forum MLB Park gedeelt gouf.

“D’Atmosphär ass iwwerwältegend”, bemierkt de Forum-Notzer, deen de geschriwwen huet.

De Bäitrag enthält e Bild, dat den Agang zu engem McDonald’s direkt nieft enger vun de Pyramide weist. Zwee weider Biller schéngen eng Filial an dem antike Gebai ze weisen.

RTL © AFP

Änlech Bäiträg mat dëse Biller goufen an enger Rei vun anere südkoreanesche Fore gedeelt, dorënner FM Korea an TCafe, wéi och op Facebook.

Vill Notzer hunn dës Biller fir echt gehalen, wéi d’Kommentarer vermudde loossen.

“Leit wäerten alles fir Geld maachen”, huet ee geschriwwen. “Domat wäerte si warscheinlech Tonne vu Geld maachen”, huet en anere gemengt.

En AFP-Fotograf an Ägypten huet déi antik Plaz den 29. Januar besicht an huet confirméiert, dass et weeder ënnert nach direkt nieft de Pyramiden e McDonald’s gouf.

D’Biller a Videoclips, déi d’AFP op dësem Dag vun der Internetsäit gemaach huet, weise kee McDonald’s an der Géigend.

De McDonald’s, deen am nooste vun de Pyramide läit, befënnt sech an der Géigend vun Al Haraneyah, méi wéi 2 Kilometer ewech, wéi op Google Maps ze gesinn ass. Dat ass och sou op der Internetsäit vun der Fastfood-Ketten an Ägypten uginn (Links hei an hei archivéiert).

‘Fiktiv’ Biller

Doriwwer eraus huet eng ëmgekéiert Billersich eng Rei chineesesch Bäiträg op sozialen Netzwierker fonnt (z.B. hei an hei), bei deenen identesch Biller mat engem Waasserzeeche mat der Opschrëft “MUSE_NOTE” gedeelt goufen.

Eng Stéchwierdersich huet erausfonnt, dass d’Waasserzeechen den Numm vun engem Kont op der chineesescher Social-Media-Plattform Xiaohongshu ass, déi d’Biller den 8. Januar 2024 publizéiert huet (archivéierte Link).

De Kont, deen d’Biller gepost hat, huet och op d’Kommentarer vun den Notzer reagéiert. Hie sot, dass d’Biller mat KI hiergestallt goufen. Se sinn ausserdeem mat engem Statement vum Auteur versinn, dass de Contenu “fiktiv” wär.

Ënne si Screenshot-Vergläicher vun de Biller an de falsche Bäiträg (lénks) an deenen, déi op Xiaohongshu (riets) gepost goufen:

RTL © AFP

RTL © AFP

RTL © AFP

D’AFP huet d’Biller ënnersicht an huet Onreegelméissegkeete wéi verzerrt Glidder a physikalesch Objeten entdeckt, déi Experten am Virfeld als markant Hiweiser fir KI-generéiert Grafike bezeechent hunn.

Ënne sinn zwee Screenshots vun zwou Fotoe mat de vun der AFP markéierten Onstëmmegkeeten ze gesinn:

RTL © AFP

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.