Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: KI-generéiert Biller vu “Riseskelett” op Sri Lanka maachen d’Ronn

Faktencheck: KI-generéiert Biller vu "Riseskelett" op Sri Lanka maachen d'Ronn - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Biller mat visuellen Ongereimtheeten, déi dorop hindeiten, dass se mat Kënschtlecher Intelligenz (KI) erstallt goufen, goufen am Mäerz an de sozialen Netzwierker op Sri Lanka gedeelt.

“Eng Grupp vu Geologen huet am Duerf Valukare sella walawe d’Skeletter vu Rise fonnt”, heescht et an engem Facebook-Post vum 20. Mäerz 2024 op Singhala (Sprooch op Sri Lanka).

RTL © AFP

Änlech Behaaptunge gouf et och op anerer Plaz op Facebook (hei an hei).

E puer Kommentaren deiten dorop hin, dass dës Biller vu Kënschtlecher Intelligenz hiergestallt goufen, wärend aner Notzer ze gleewe schéngen, dass d’Biller echt wären.

“Ech weess net, ob dat wierklech déijéineg waren, déi entdeckt goufen, awer et gouf d’Helayo (viregt singhaleesesch Mënschen) mat giganteschem Kierperbau wärend der Zäit vu Ravana”, huet en Notzer kommentéiert.

Archeologesch Ausgruewunge suergen op Sri Lanka ëmmer nees fir Schlagzeilen, well d’Land als Heemecht vun de “fréiste fossille Beweiser vum Homo Sapiens a Südasie” gëllt (archivéierte Link). Och an der nërdlecher Provënz Jaffna goufen ugangs des Joers mënschlech Iwwerreschter ausgegruewen, déi anscheinend iwwer 3.000 Joer al sinn (archivéierte Link).

Visuell Inkonsistenzen deiten awer dorop hin, dass d’Biller mat KI hiergestallt goufen.

Beaarbecht Biller

E puer Biller hunn e Skelett mat sechs Fangere gewisen, wärend op anere Biller just dräi oder véier Fangeren ze gesi waren. En anert Bild schéngt och eng Fra ze weisen, déi en zousätzlechen Aarm iwwer der Schëller huet.

Experten hunn der AFP scho virun enger Zäit matgedeelt, dass dës Defekter déi bescht Méiglechkeet sinn, fir Biller, déi mat KI hiergestallt goufen, z’erkennen.

Ënnen ass e Screenshot vun de Biller mat de visuellen Inkonsistenzen, déi vun der AFP ervirgehuewe goufen:

RTL © AFP

Eng Sich no Stéchwierder huet och erginn, dass Biller an enger Facebook-Grupp mam Numm “Lightroom Editing” gedeelt goufen, déi beaarbecht Biller a KI-generéiert Fotoe post.

D’Reegele vun der Grupp besoen, dass “Notzer just Biller verëffentleche kënnen, déi manuell oder mat Hëllef vu KI beaarbecht goufen, souwéi Biller a Bäiträg, déi dir beaarbechte wëllt. Wann dir Biller vun engem anere Kënschtler ouni deem seng Erlabnis verëffentlecht, gitt dir aus dëser Grupp erausgeheit.”

De Bäitrag, dee mëttlerweil geläscht gouf, gouf mat dem Hashtag #aiimages gedeelt. Der AFP war et méiglech, e Screenshot vum selwechte Bäitrag ze fannen, deen op engem anere Facebook-Kont gedeelt gouf. Dëse Kont deelt Memes, wéi weider ënnen ze gesinn ass.

Den Notzer, deen e gepost huet, huet schonn aner KI-generéiert Biller gedeelt (hei, hei an hei; archivéiert Links hei, hei an hei).

D’Duerf Valukare sella walawe, dat an der Behaaptung genannt gëtt, existéiert net op Sri Lanka. Den Numm ass a Wierklechkeet en ëmgangssproochleche Bezuch op déi männlech Genitalien an der singhaleesescher Sprooch.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.