Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Konspiratiounstheorien iwwer der Michelle Obama hiert Geschlecht

Faktencheck: Konspiratiounstheorien iwwer der Michelle Obama hiert Geschlecht - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Notzer vun Twitter an Internetsäite behaapten, eng Walconvocatioun aus dem US-Bundesstaat Illinois an eng Foto vum Michelle Obama géife beweisen, dass déi fréier First Lady a Wierklechkeet e Mann ass.

“Wat ass mam Michael LaVaughn alias Big Mike geschitt?” steet an engem Tweet vum 14. Juni 2023 vum Simon Goddek, deem säi Kont an der Vergaangenheet wéinst Verbreedung vu Falschinformatiounen iwwer Covid-19 gespaart gouf.

RTL © AFP

Behaaptungen, dass d’Michelle Obama e Mann wier, waren an de leschte Joren ëmmer nees am Ëmlaf. Am Joer 2021 huet d’AFP opgedeckt, dass e Bild vun hirer Halskette beaarbecht gouf, fir “Mike” amplaz “Vote” ze draus ze maachen.

Dat Bild, dat kierzlech am Internet gedeelt gouf, ass änlech beaarbecht. D’Original staamt vun engem Post vum Barack Obama op Instagram aus dem Joer 2019.

View this post on Instagram

A post shared by Barack Obama (@barackobama)

Déi verännert Foto ass och an der Netflix-Dokumentatioun “Becoming” aus dem Joer 2020 ze gesinn, déi op der Michelle Obama hire Memoirë mam selwechten Numm baséiert.

Eng ëmgekéiert Billersich weist, dass déi verännert Versioun vun “The People’s Voice” staamt, enger Internetsäit, déi an der Vergaangenheet scho Falschinformatioune verëffentlecht hat.

“Michelle Obama registréiert, fir 1994 als Mann ze wielen, laut der Walkommissioun vum Bundesstaat Illinois”, heescht et an der Iwwerschrëft vun engem Artikel vum 22. Juli 2022, an deem dat manipuléiert Bild ze gesinn ass.

D’Geschicht zitéiert och Wielerlëschten, déi angeeblech beweisen, dass déi eemoleg First Lady an Illinois, hirem Heemechtstaat, eemol als “männlech” identifizéiert gi wär.

RTL © AFP

D’Behaaptunge waren och op Twitter wärend enger Well vu Feelinformatioune géint LGBTQ am Ëmlaf.

Mee de Matt Dietrich, e Beoptraagte fir ëffentlech Informatioune vun der Walkommissioun vum Bundesstaat Illinois, sot der AFP den 20. Juni, dass d’Institutioun “net d’Quell vum Datesaz, deen am Bäitrag ze gesinn ass, war a keng Kenntnis vun esou engem Datesaz huet”.

Hien huet bäigefüügt: “Mir hu keng Opzeechnungen iwwer dës Wielerregistréierung, déi jeemools en anert Geschlecht wéi weiblech ugëtt.”

An engem Dementi vu “People’s Voice”, virdrun als NewsPunch bekannt, heescht et, dass si “keng Zousécherung iwwer d’Brauchbarkeet, Zouverlässegkeet, Verfügbarkeet, Aktualitéit a Richtegkeet” vun den Informatiounen op hirer Websäit maachen.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.