“Wokeness” – also d’Opmierksamsi fir Diskriminéierung vu verschiddenen Aarten – léist bei enger Rei Mënschen Onmutt aus.
A sozialen Netzwierker gouf elo behaapt, d’amerikanesch Schauspiller Mark Wahlberg, Mel Gibson a Roseanne Barr hätten eng “Anti-Woke-Filmgesellschaft” gegrënnt. D’Behaaptung ass awer fräi erfonnt.
Ënner anerem huet eng Politikerin vun der däitscher AfD dës angeeblech Noriicht gedeelt. Se baséiert op engem Artikel vun enger Internetsäit fir Satir. Och dem Gibson säi Spriecher huet dës Behaaptung als onwouer bezeechent.
Als “Helde vum Dag” huet d’AfD-Deputéiert Vanessa Behrendt, déi am niedersächsesche Landtag sëtzt, d’Schauspiller Mark Wahlberg, Mel Gibson an d’Schauspillerin Roseanne Barr an engem X-Post vum 13. Dezember 2024 bezeechent. De Grond: Si hätten “zesummen eng Anti-Woke-Filmgesellschaft” an d’Liewe geruff. An dësem Bäitrag huet d’Behrendt e Link op en Artikel iwwer déi angeeblech Grënnung gedeelt. Och op Facebook gouf dës Behaaptung vun Notzerinnen an Notzer verbreet. An de Kommentarer gouf dës angeeblech nei Filmgesellschaft staark guttgeheescht an als gutt Neiegkeet gefeiert.
© AFP
Dës vermeintlech Neiegkeet ass awer a Wierklechkeet eng Falschinformatioun. Den X-Post vun der Behrendt gouf mat enger sougenannter Community Note versinn. Notzerinnen an Notzer kënne mat dëser Funktioun Bäiträg mat enger Notiz versinn, dass et sech ëm Falschinformatiounen handelt oder Kontext feelt. An dëser Community Note gëtt e Faktencheck vun der Norichtenagence Reuters vum 26. Abrëll 2024 verlinkt (hei archivéiert). Dora geet et och ëm dës Falschbehaaptung an et gëtt erkläert, se géif op engem Artikel vun der engleschsproocheger Satir-Internetsäit “Esspots” baséieren.
Artikel däitlech als Satir gekennzeechent
Ënner der Iwwerschrëft “Breaking: Mel Gibson and Mark Wahlberg Join Hands to Create a Non-Woke Film Production Studio, ‘Hollywood Is Saved'” (op Lëtzebuergesch: “Breaking News: De Mel Gibson an de Mark Wahlberg grënnen zesummen en Anti-Woke-Filmproduktiounsstudio, ‘Hollywood ass gerett'”) war de satireschen Artikel iwwer de Gibson an de Wahlberg, déi sech zesummegedoen hätten, “fir en neie Filmproduktiounsstudio ze grënnen, dee sech dem Schutz vun traditionellem Storytelling verschreift an d’Hannerhältegkeet vun der woker Kultur vermeit”, den 31. Mäerz 2024 op dëser Internetsäit erschéngen.
Kuerz drop, den 2. Abrëll 2024, hat d’Internetsäit eng weider Satir-Meldung verëffentlecht, där no sech d’Roseanne Barr den zwee Schauspiller ugeschloss hätt. Béid Artikele si weiderhin online, beim éischten Artikel gouf den Titel an der Tëschenzäit geännert. D’Artikele sinn däitlech mam Label “Satir” gekennzeechent, dat weist och d’Iwwersiicht vun allen Artikelen op der Homepage:
© AFP
Op der Internetsäit vun “Esspots” heescht et, se wär “eng zentral Ulafstell fir satiresch Noriichten a Kommentaren iwwer d’Vereenegt Staate vun Amerika”. D’Redaktiounsekipp hätt “et sech zur Aufgab gemaach, Iech déi neist a bescht Fakenews an Absurditéite mat enger gesonder Portioun Humor a Satir ze presentéieren”, erklären d’Bedreiwer vun der Internetsäit.
Op AFP-Ufro hin hu si de 17. Dezember 2024 per E-Mail geschriwwen, dass den Artikel iwwer d’Grënnung vun der Produktiounsfirma satiresch ze verstoe wär: “Jo, den Artikel war als Satir gemengt, awer e puer Internetsäiten hunn e geklaut an als echt Noriicht duergestallt.” Zu dëse Säiten hätten d’Bedreiwer vun “Esspots” keng Verbindungen. Noriichten, déi wierklech existéieren, publizéiere si eegener Ausso no net: “Mir verëffentlechen ausschliisslech satiresch Contenuen op eiser Internetsäit.”
Gedeelt Internetsäit wierkt onseriö
Den am Dezember 2024 gedeelten Artikel mat der Iwwerschrëft “Roseanne Barr, Mark Wahlberg a Mel Gibson grënnen zesummen eng Anti-Woke-Filmgesellschaft” enthält e puer Sätz, déi den Uschäi vermëttelen, dass se vum fir d’éischt erschéngten Artikel vun Esspots fräi iwwersat gi sinn.
D’Internetsäit, déi den Artikel den 13. Dezember 2024 verëffentlecht huet, mécht doriwwer eraus net den Androck vun enger seriöer Noriichtesäit. Souwuel d’URL (luxury.carmagazine.tv) wéi och d’Rubricken op der Internetsäit wéi “Tattoos” oder “Babies” hunn näischt mat US-Promien oder Meldungen aus Hollywood ze dinn. Den Artikel gëtt vun enger Rei Reklammen ënnerbrach. Op der Homepage ginn Artikelen a verschiddene Sproochen opgelëscht, zum Deel handelt et sech dobäi ëm déi selwecht Contenuen. Ausserdeem verfüügt d’Internetsäit iwwer keen Impressum, d’Dateschutzbestëmmungen a Kontaktinformatioune bestinn aus geneeresche Beispilltexter.
D’AFP huet versicht, déi angeeblech Persounen, déi un der Grënnung bedeelegt sinn, ze kontaktéieren. E Spriecher vum Schauspiller Mel Gibson huet de 17. Dezember 2024 matgedeelt, dass d’Meldung onwouer wär an de Mel Gibson keng esou Filmgesellschaft gegrënnt hätt. Eng Spriecherin vum Mark Wahlberg huet op AFP-Ufro erkläert, si géife Behaaptunge vun dëser Aart net ëffentlech kommentéieren.
Tatsächlech ass de Gibson scho Proprietär vun der Produktiounsfirma Icon, déi hie mam australesche Filmproduzent Bruce Davey gegrënnt huet. Op der Internetsäit vun der Produktiounsfirma ass och keen Hiweis op eng “Anti-Woke-Filmgesellschaft” vum Gibson ze fannen. Verbindungen tëscht dem Gibson an dem Wahlberg gëtt awer tatsächlech: Zulescht huet de Gibson Regie fir de Film “Flight Risk” gefouert, an deem de Mark Wahlberg d’Haaptroll spillt.
Och Sichen am Internet no der angeeblecher Filmgesellschaft mam Numm “Anti-Woke Studios” souwéi de vermeintleche Grënner hu keng Meldungen iwwer esou eng Grënnung geliwwert.
Kontroverse ronderëm de Gibson, Wahlberg an d’Barr
De Mel Gibson ass an der Vergaangenheet dacks baussent dem Filmgeschäft opgefall: Hien huet sech ëmmer nees rassistesch, antisemittesch, queer- a fraefeindlech geäussert. Sou huet hie beispillsweis 2006 bei Fueren ënner Alkoholafloss e Polizist antisemittesch beleidegt an huet him gedreet. Kuerz virun de Presidentewalen an den USA, déi am November 2024 stattfonnt hunn, sot hien iwwer d’demokratesch Kandidatin Kamala Harris, si hätt “den IQ vun engem (Zonk-)Poul”.
De Mark Wahlberg gouf a Sozialen Netzwierker mat rassistesche Virkommessen a senger Jugend konfrontéiert, wéi hien nom Doud vum Amerikaner George Floyd säi Matgefill ëffentlech ausgedréckt hat. Medieberichter no hätt hie sech an den 1980er-Jore friemefeindlech geäussert a rassistesch motivéiert Gewaltdote begaangen.
Och d’Roseanne Barr huet sech ëmmer nees rassistesch an antisemittesch geäussert: Beispillsweis huet si schlecht iwwer Israel geschwat an eng eemoleg Beroderin vum US-President Barack Obama an auslännerfeindlecher Manéier beleidegt, wouropshin hir Kult-Sitcom “Roseanne” ofgesat gouf.
D’Falschbehaaptung iwwer déi angeeblech Grënnung vun der “Anti-Woke-Filmgesellschaft” war och an anere Varianten am Ëmlaf: Sou housch et an engem engleschsproochege Facebook-Bäitrag, den Elon Musk hätt déi nei Produktiounsfirma mat 3 Milliounen US-Dollar ënnerstëtzt. Engem anere Bäitrag op Threads no hätt sech den Hollywood-Star Harrison Ford der Filmgesellschaft ugeschloss.
Schonn am Juli 2024 hat eng amerikanesch Faktencheck-Organisatioun en Artikel iwwer d’Falschbehaaptung verëffentlecht, de Schauspiller Robert Downey Jr. wär der Filmgesellschaft och bäigetrueden. Eng änlech, als wouer gedeelt Satir iwwer d’Schauspillerin Angelina Jolie – si hätt mam Schauspiller Jon Voight en “non-wokë” Filmstudio gegrënnt – hat d’AFP schonn eng Kéier widderluecht.
Op eng Ufro vun der AFP, firwat d’AfD-Deputéiert Vanessa Behrendt d’Falschbehaaptung gedeelt hat, huet si bis zur Verëffentlechung vum Artikel net geäntwert.
Fazit: Den Artikel, deem no de Mel Gibson, de Mark Wahlberg an d’Roseanne Barr eng “Anti-Woke-Filmgesellschaft” gegrënnt hätten, baséiert op engem Satir-Artikel vun enger amerikanescher Internetsäit. D’Bedreiwer vun dëser Satir-Säit hu confirméiert, dass d’Meldung erfonnt ass. Och e Spriecher vum Mel Gibson huet matgedeelt, dass de Gibson keng esou Filmgesellschaft gegrënnt hätt.
Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.