Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Muskelerkrankung vum Céline Dion net duerch Corona-Impfung ausgeléist

Faktencheck: Muskelerkrankung vum Céline Dion net duerch Corona-Impfung ausgeléist - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Opgrond vun enger seelener neurologescher Erkrankung huet déi kanadesch Sängerin Céline Dion Ufank Dezember 2022 matgedeelt, dass si hir Europatournee, déi fir 2023 geplangt war, verréckele muss.

Dausende User hunn d’Behaaptungen iwwer d’Céline Dion op Telegram gesinn. Och op Twitter a Facebook hu sech entspriechend Bäiträg verbreet, déi op verschiddene Blog-Artikele (hei, hei, hei) berouen. D’Behaaptunge goufen och op Franséisch an Englesch gedeelt.

RTL Facebook-Screenshot der Behauptung: 15.12.2022

An engem Video, deen ongeféier fënnef Minutte laang ass, huet sech d’Céline Dion den 8. Dezember 2022 op Instagram zu hirer Erkrankung geäussert. “Ech hunn zënter Laangem gesondheetlech Probleemer an et fält mir net liicht, domat ëmzegoen”, huet si erkläert. Dohier misst si hir Europatournée, déi fir 2023 ugekënnegt war, ofsoen.

Kuerz drop huet sech am Internet d’Behaaptung verbreet, der Dion hir Erkrankung héing mat der Corona-Impfung zesummen. D’Sängerin hat an der Vergaangenheet medial dozou opgeruff, sech impfen ze loossen, wéi an dësem Interview mam Sender Radio Canada aus dem Mee 2021.

D’Dion stellt an hirer Ukënnegung zu der Erkrankung allerdéngs zu kengem Moment e Bezuch zu enger Impfung géint de Coronavirus hier. Och am Bäitragstext fënnt sech keng entspriechend Bemierkung. Amplaz huet d’Sängerin erkläert, si géif “d’Ursaach fir d’Muskelkrämp, un deene si leit”, kennen. Et géif sech ëm eng ganz seelen neurologesch Kränkt handelen, de Stiff-Person-Syndrom.

Donnéeë vun der US-Organisatioun NORD no, déi Ënnerstëtzung fir Mënsche mat seelene Krankheeten ubitt, ass just eng Persoun vun enger Millioun Mënsche vun dëser Kränkt betraff.

An hirem Video huet d’Dion weider erkläert: “Leider beanträchtegen d’Krämp mäin deeglecht Liewen op villen Niveauen. Heiansdo hunn ech grouss Schwieregkeete beim Goen an ech ka meng Stëmmbänner net ëmmer esou asetzen, wéi ech et gär wéilt.”

Sieh dir diesen Beitrag auf Instagram an

Ein Beitrag geteilt von Céline Dion (@celinedion)

Am Fréijoer 2022 musst d’Céline Dion schonn eng Kéier hir Europatournée am Zesummenhang mat de Krämp verréckelen. Deemools hat si nach erkläert: “Et geet mir besser… awer ech hunn ëmmer nach Krämp.”

De Guilhem Solé, Chef vum Referenzzenter fir neuromuskulär Erkrankunge vun der Universitéitsklinick zu Bordeaux, huet den 13. Dezember an engem Interview mat der AFP betount, dass “d’Céline Dion laang viru Covid iwwer dës Symptomer geklot huet”.

Keen Zesummenhang tëscht Corona-Impfung a Stiff-Person-Syndrom

De Scott Newsome, Chef vum Stiff-Person-Syndrome-Center vun der Johns-Hopkins-Klinick zu Baltimore, huet den 13. Dezember géintiwwer der AFP gesot: “Et gëtt keng Donnéeën oder Beweiser dofir, dass de Covid-19-Vaccin de Stiff-Person-Syndrom ausléise kann.” Och fir aner Impfstoffer géif et keng esou Beweiser.

Och de Pierre-François Pradat, Neurolog am Paräisser Spidol Pitié-Salpêtrière a President vum franséischen Institut fir Réckemuerch- a Gehierfuerschung (IRME), huet der AFP den 12. Dezember 2022 erkläert: “Dat huet näischt mam Vaccin ze dinn, et ass eng chronesch Krankheet, déi sech ganz, ganz lues entwéckelt.”

De Pradat huet bäigefüügt, dass et “no der Impfung zu enger Verschlechterung vun de Symptomer komme kann, well mir wëssen, dass Krämp besonnesch empfindlech op äusserlech Evenementer reagéieren, entweder psychologesch oder infektiéis, awer dat ass alles.”

De Guilhem Solé huet betount, dass esou Patientinnen a Patiente geimpft géifen, well si Gefor lafe géifen, schwéier Forme vu Covid-19 ze entwéckelen. Senger Meenung no kéinten Impfungen awer “d’Kränkt net verschlëmmeren”.

Zënter dem Ufank vun der Covid-19-Pandemie hätt et keng Augmentatioun vun der Zuel vu Patiente mam Stiff-Person-Syndrom ginn, esou de Solé. “Et gëtt a Frankräich net méi wéi zéng nei Patiente pro Joer mat dëser Kränkt, also géife mir en Ënnerscheed gesinn.”

RTL Céline Dion während eines Konzerts in Quebec am 18. September 2019. ( AFP / ALICE CHICHE)

De Mechanismus vum Stiff-Person-Syndrom beschreift de Solé follgendermoossen: “Et ass en Antikierper, deen d’Neuronen ugräift, déi als ‘Gitten’ déngen, soudass een d’Gitte lassléisst an den Nervesystem hyperaktiv gëtt.”

Dem Site Orphanet no, enger franséischer Datebank fir seele Krankheeten a seele Medikamenter, gëtt den Héichpunkt vun der Kränkt ongeféier ëm dat 45. Liewensjoer erreecht. D’Symptomer entwéckele sech iwwer Méint oder Joren an zwee Drëttel vun de Betraffene si Fraen. D’Diagnos baséiert am Weesentlechen op der klinescher Observatioun.

Et ass dohier net iwwerraschend, dass d’Céline Dion laang Zäit net genee wosst, u wat si gelidden huet, sot de Solé weider. “Et kënnt heefeg vir, dass d’Diagnos net eendeiteg ass, well d’Symptomer vun der Krankheet net ganz spezifesch sinn a vill Krankheete Steifheet verursaache kënnen.”

De Pradat huet verséchert, de Stiff-Person-Syndrom géif sech no e puer Jore stabiliséieren, “soudass d’Liewenserwaardung normal ass”. D’Kränkt géif zudeem weder d’Häerzmuskulatur nach d’Ootmung beanträchtegen. Steifheet a Krämp “kënnen awer och Äerm a Bee betreffen. Si schränken d’Beweeglechkeet an, erschwéieren d’Goen an et besteet d’Gefor, dass ee fält”, huet hien erkläert.

Dem Solé no handelt et sech beim Stiff-Person-Syndrom ëm eng Kränkt, déi ganz vill wéideet. Symptomer kéinten traitéiert ginn, beispillsweis duerch d’Berouegung vum Nervesystem, souwéi en Traitement vum Immunsystem. “Dat ass wierksam, awer net zu 100 Prozent”, huet de Solé erkläert.

De Stiff-Person-Syndrom géif d’Leit extreem aschränken, sou de Solé. D’Dion hätt eng Aarbecht, “déi eng ganz staark Kontroll vum Kierper erfuerdert”, wat mat der Krankheet “schwéier ze kombinéieren” ze si schéngt. An hirem Instagram-Video huet d’Sängerin matgedeelt: “Ech trainéieren all Dag mat mengem Sportmedezinner, fir Kraaft an Ausdauer opzebauen”. Et wär e permanente Kampf.

Fazit: Nee, d’Céline Dion huet net bekannt ginn, no enger Corona-Impfung u Muskelkrämp ze leiden. Ursaach ass hirer Ausso no eng ganz seelen neurologesch Erkrankung. Expertinnen an Experten no steet dës a kengem Zesummenhang mat der Corona-Impfung. Zënter dem Ufank vun der Covid-19-Pandemie hätt et zudeem keng Augmentatioun vun der Zuel vu Patiente mam Stiff-Person-Syndrom a Frankräich ginn.

Dësen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.