Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Nee, d’Europäescht Parlament huet d’Vetorecht an der EU net ofgeschaaft

Faktencheck: Nee, d'Europäescht Parlament huet d'Vetorecht an der EU net ofgeschaaft - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Och am Virfeld vun den Europawalen am Juni 2024 sinn Desinformatiounen iwwer d’EU am Ëmlaf, där hir Muechtverhältnisser an d’Gesetzesprozedure vun de 27 – gläichberechtegte – Memberlänner. Ee Beispill ass dat sougenannt Vetorecht – de Mechanismus, mat deem zum Beispill souguer e verhältnisméisseg klengt Land bannent der Unioun géint Virschléi vu wirtschaftlech méi staarken Nopere stëmmen an dës verhënnere kann. Zënter Enn 2023 gëtt eng Feelinformatioun verbreet, no där d’Europäescht Parlament dëst “Vetorecht” ofgeschaaft hätt.

“291 Deputéiert stëmme fir eng Ännerung vun den Europäesche Verträg, fir d’Veto-Recht vun de Memberstaaten ofzeschafen an den EU-Institutioune méi Muecht zouzeschanzen”, huet e User op Facebook geschriwwen. D’Ausso ass zënter Enn November 2023 an de soziale Medien am Ëmlaf. “D’europäesch Gesetzgeber hu (…) Pläng zougestëmmt, dat nationaalt Vetorecht fir EU-Memberstaaten opzehiewen”, heescht et zum Beispill an engem anere Bäitrag.

Och op anere Plattforme wéi Telegram gëtt d’Behaaptung villfach verbreet. D’Ausso gouf och op Franséisch gedeelt – ënner anerem och vu franséische Politiker.

RTL © AFP

Déi nächst Wal fir d’Europäescht Parlament steet am Juni 2024 un. Ëmmer nees ass d’Europäesch Unioun – och am Virfeld vu Walen – Géigestand vu Falschbehaaptungen an de sozialen Netzwierker. D’AFP huet eng Rëtsch dovun an der Vergaangenheet iwwerpréift.

D’Verëffentlechungen, déi am Moment gedeelt ginn, bezéie sech op eng Decisioun vum Europäesche Parlament vum 22. November 2023“zu Avant-Projete vum Europäesche Parlament fir d’Ännerung vun de Verträg” (hei archivéiert), déi vun der EU-Institutioun ugeholl gouf. Dësen net-obligatoreschen Text ännert a senger aktueller Form awer näischt un der aktueller Ofstëmmungspraxis vun den EU-Memberstaaten, wéi eng Rei Fachleit fir Europarecht géintiwwer der AFP erkläert hunn.

“D’Behaaptung ass aus enger Rei Grënn falsch: wéinst der Natur vum Rechtsakt, dee vum Europäesche Parlament votéiert gouf, wéinst der Prozedur, déi fir d’Ännerung vun de Verträg néideg ass a wéinst der Realitéit vun den Entscheedungsprozesser an der Europäescher Unioun”, huet zum Beispill de François-Vivien Guiot, Dozent um Collège d’Études Européennes et Internationales vun der franséischer Universitéit Pau den 29. November 2023 géintiwwer der AFP gesot.

“D’Europäescht Parlament huet eng Decisioun votéiert. Awer et ass en Text, dee keng Force de loi huet. Et ass einfach eng Meenung, an där zum Ausdrock bruecht gëtt, wéi et d’Zukunft vun den europäeschen Institutioune gesäit”, sot d’Christine Verger, Vizepresidentin vum europäesche Forschungsinstitut Jacques Delors, den 28. November 2023 der AFP.

An der Resolutioun gëtt virgeschloen, d’Unzuel u Beräicher ze erweideren, an deene gemeinschaftlech Entscheedunge vun de Memberstaate mat qualifizéierter Majoritéit, amplaz eestëmmeg getraff solle ginn – wat a sozialen Netzwierker och als eng effektiv Ofschafung vum “Vetorecht” vun eenzele Staaten duergestallt gëtt.

RTL © AFP

Ofstëmmung vu Memberstaaten iwwer EU-Moossnamen

De Conseil vun der Europäescher Unioun besteet aus de Ministeschen a Ministere vun all Memberstaat, déi sech e puermol am Joer an hire jeeweilege Politikberäicher treffen, fir d’Gesetzesentwërf vun der Europäescher Kommissioun unzehuelen, ofzeleenen oder ze änneren. De Conseil vun der EU vertrëtt d’Memberstaate vun der Europäescher Unioun an üübt déi gesetzgeberesch Roll vun der EU mat dem Europäesche Parlament, dat d’Biergerinnen an d’Berger vertrëtt, aus.

Jee no Beräich stëmmt de Conseil vun der Europäescher Unioun an de meeschte Fäll entweeder mat qualifizéierter Majoritéit oder eestëmmeg of. Wéi de Conseil vun der EU op senger Internetsäit ausféierlech duerstellt, betrëfft d’Eestëmmegkeet eng limitéiert Unzuel u Sujeten, déi vun de Memberstaaten als “sensibel” betruecht ginn, wéi déi gemeinsam Baussen- a Sécherheetspolitik, Biergerrechter, d’EU-Memberschaft oder EU-Finanzen. An dëse Beräicher ka bei feelender Eestëmmegkeet – also wa just ee vun de Memberstaaten dogéint stëmmt, woubäi eng Abstentioun net als “Géigestëmm” zielt – keng Entscheedung getraff ginn. Op dës Manéier vu “Vetorecht” bezéie sech d’Behaaptungen, déi aktuell an der Diskussioun sinn.

De Conseil vun der Europäescher Unioun stëmmt – ofgesi vun dëse wéinege konkreete Beräicher – bei ronn 80 Prozent vun der EU-Gesetzgeebung mat qualifizéierter Majoritéit of, déi ënner zwou Konditiounen erreecht gëtt: wa 55 Prozent vun de Memberstaaten, also 15 vu 27, fir d’Propos gestëmmt hunn a wann dës vu Memberstaaten ënnerstëtzt gëtt, déi zesummen op d’mannst 65 Prozent vun der Gesamtbevëlkerung vun der EU ausmaachen.

Eestëmmegkeetsprinzip ass ëmstridden

D’Iddi, den Eestëmmegkeetsprinzip a bestëmmte Beräicher duerch Ofstëmmunge mat qualifizéierter Majoritéit (kuerzfristeg) ze ersetzen, gëtt vun e puer Politikerinnen a Politiker mat der Hoffnung ënnerstëtzt, op dës Manéier politesch Blockade bei bestëmmte Sujeten ze vermeiden an den Entscheedungsprozess vun de Memberstaate méi fléissend ze gestalten. D’Argument vun enger gréisserer Effizienz vun der EU gouf beispillsweis vum franséische President Emmanuel Macron am Mee 2022 ubruecht, wéi hien d’Méiglechkeet vun enger “Generalisatioun vun der Ofstëmmung mat qualifizéierter Majoritéit” ernimmt huet.

Ënnerstëtzer vun esou enger Ännerung sinn der Meenung, dass doduerch déi systematesch Blockaden, déi duerch d’Eestëmmegkeet erméiglecht ginn, vermidde kéinte ginn. Dëst ass zum Beispill virum Hannergrond vun de Spannunge mat Ungarn, déi ëmmer nees opdauchen a sengem Ministerpresident Viktor Orbán ze gesinn, déi besonnesch d’Onofhängegkeet vun der Justiz, d’Migratiounspolitik oder d’Rechter vun der LGBTQ-Communautéit betreffen.

“D’Méiglechkeet vun enger Blockad duerch Ungarn wéinst der Bereetschaft vun anere Staaten, Russland ze sanktionéieren, huet d’Gefill vun enger noutwenneger Reform ervirgeruff. D’Extensioun vun enger Ofstëmmung mat qualifizéierter Majoritéit an dësem Beräich kann zwar formell als Verloscht vun enger Vetomuecht verstane ginn – awer ass et aus demokratescher Siicht normal, dass Vertrieder vu 26 Staaten duerch d’Vertrieder vun engem eenzege Staat um Handele gehënnert ginn?”, huet de François-Vivien Guiot analyséiert. “An der Praxis gëtt en eenzele Staat am Conseil nämlech ëmmer ganz staark ënner Drock gesat, wat e meeschtens dozou bréngt, seng Positioun opzeginn. D’Staate verhandelen ëmmer iwwer méi Froe gläichzäiteg an et ginn iwwergräifend Ofweiunge getraff. Et ass ausserdeem unzemierken, dass bei enger méiglecher Ofschafung vun der Eestëmmegkeet d’Praxis awer dozou féiert, dass d’Staaten et virzéien, e Konsens ze fannen, amplaz mat Gewalt virzegoen”, sot hien nach weider.

Am Géigesaz dozou verdeedegen Ënnerstëtzer vum Bäibehale vum Eestëmmegkeetsprinzip an deene vun dësem Ofstëmmungsmodus concernéierte Beräicher de Prinzip vun der Gläichheet, dat doduerch tëscht all EU-Memberstaat hiergestallt géif ginn – onofhängeg vu sengem demografesche Gewiicht. Bei der Ofstëmmung mat qualifizéierter Majoritéit gëtt zum Deel d’Bevëlkerungszuel berécksiichtegt.

RTL © AFP

Decisioun vum 22. November 2023

Fir d’Hélène Gaudin steet d’Decisioun vum Europäesche Parlament, déi den 22. November geholl gouf, “fir eng bestëmmt Visioun vun Europa”, déi méi onofhängeg vun de Staate wär an “a gewësser Hisiicht eng federalistesch Visioun vun Europa vertrëtt”.

D’Decisioun schléit an hirem Abschnitt iwwer Virschléi fir institutionell Reforme vir, dass “d’Zuel vun de Beräicher, an deene Moossname wärend der Prise de décision mat qualifizéierter Majoritéit (PMQ) an am Kader vun der normaler Gesetzgeebungsprozedur votéiert ginn, erhieflech erhéicht gëtt”. Am Beräich vun der Baussen-, Sécherheets- a Verdeedegungspolitik gëtt an der Decisioun virgeschloen, dass “Beschlëss iwwer Sanktiounen, Tëscheschrëtt am Erweiderungsprozess an aner aussepolitesch Entscheedunge” mat qualifizéierter Majoritéit geholl ginn.

Virun allem awer plädéiert d’Resolutioun fir en Iwwerschaffe vun den EU-Verträg a fuerdert den Europäesche Rot, dee sech aus de Regierungscheffe vun den eenzele Memberlänner zesummesetzt an déi politesch Leitlinnen a Prioritéite vun der EU festleet (net ze verwiessele mam Conseil vun der EU), op, e Konvent zu dësem Sujet anzeberuffen.

Decisioun ass net contraignant

Dësen Text ass awer net contraignant, huet de François-Vivien Guiot betount: “Déi votéiert Decisioun ass keen normativen Akt. Se huet keng rechtlech Wierkung, mee manifestéiert eng politesch Positioun vum Organ. Mat dëser Resolutioun fuerdert d’Europäescht Parlament en Iwwerschaffe vun de Verträg a schléit Ännerungen un de Verträg, déi am Moment en vigueur sinn, vir.”

D’Hélène Gaudin stëmmt deem zou: “D’Europäescht Parlament huet just virgeschloen, den Eestëmmegkeetsprinzip ofzeschafen, also déi qualifizéiert Majoritéit zur Reegel (…) ze maachen.” D’Behaaptungen a sozialen Netzwierker leie “gréisstendeels an der Fantasie, well et ass just eng Propos”.

RTL © AFP

Schwéiere Prozess, fir EU-Verträg ze iwwerschaffen

Fir dass d’Virschléi wierksam gi kéinten, ass eng Ännerung vun den EU-Verträg erfuerderlech. Heibäi handelt et sech ëm eng laang a komplizéiert Prozedur, déi am Artikel 48 vum Vertrag iwwer d’Europäesch Unioun festgeluecht ass (hei archivéiert).

“Dës uerdentlech Ännerungsprozedur berout op engem ganz schwéierfällege Prozess, bei deem d’Staaten dat lescht Wuert hunn”, huet de François-Vivien Guiot confirméiert. Fir ugeholl ze ginn, muss en Entworf fir d’Ännerung vun de Verträg, dee vum Europäesche Parlament, der Europäescher Kommissioun oder nationale Regierunge virgeluecht gëtt, dem Europäesche Rot an den nationale Parlamenter iwwermëttelt ginn. Dem Europäesche Rot steet et da fräi, dësen Entworf ofzeleenen oder mat der Initiativ weiderzefueren.

Am zweeten Zenario muss de Rot e Konvent aberuffen, an deem Vertrieder vun dem Europäesche Parlament, der Europäescher Kommissioun, den nationale Parlamenter a Regierungen zesummekommen, fir den Entworf ze préiwen an ze änneren. Den Text gëtt dann enger Konferenz vun de Vertrieder vun de Regierunge vun de Memberstaate virgeluecht, déi sech op d’Ännerunge vum Vertrag eenege mussen. D’Regierungskonferenz muss d’Ännerungsvirschléi unanime unhuelen. Et géif also duergoen, wann een eenzege Staat dogéint wär, dass den Entworf ofgeleent wär. D’Ännerungen trieden eréischt dann a Kraaft, nodeem se vun alle Memberstaate ratifizéiert gi sinn.

Eestëmmegkeet vu Memberlänner bei Vertragsännerung

D’Bäiträg an de sozialen Netzwierker loossen der Christine Verger no déi “national Souveränitéit” ausser Uecht, déi fir d’Duerchféierung vun dëser Zort vun Ännerunge gëlle géif. “Et sinn d’Staaten, déi entscheeden. All Kéier, wann et eng institutionell Ännerung gëtt, ass se Géigestand vun engem Vertrag, dee vun alle Memberstaaten ënnerschriwwen a vun de Parlamenter vun alle Memberlänner ratifizéiert muss ginn. Et ass rechtlech a souguer politesch onméiglech, dass d’Europäescht Parlament an dëser Affär iergendeppes decidéiert”, huet si weider explizéiert.

Fir esou eng Ännerung “mussen d’Staaten op allen Niveauen an eestëmmeg zoustëmmen”, huet och d’Hélène Gaudin gemengt. “Dat ass de Schlëssel zur Tatsaach, dass d’Europäesch Unioun kee Staat ass, well d’Staaten ëmmer blockéiere kënnen. Am däitsche Recht seet een, dass d’Staaten d’Häre vun de Verträg sinn, well si entscheeden, ob si dës unhuele wëllen oder net.”

De François-Vivien Guiot huet deem zougestëmmt: “D’Ëmsetzung vun deene vum Parlament [a senger Decisioun vum 22. November 2023, Um. v. d. Red.] ugereegten Entwécklungen ass nach eng wäit Perspektiv a se kann ouni eng eestëmmeg a widderholl Zoustëmmung vun de Staten net Realitéit ginn.”

Am Mee 2022, nom Plädoyer vum franséische President Macron fir eng allgemeng Ofstëmmung mat qualifizéierter Majoritéit, haten zum Beispill 13 Memberstaaten an enger gemeinsamer Erklärung Widderstand géint eng däraarteg Reform souwéi géint eng Ännerung vun de Verträg ugekënnegt. Dat weist, dass et net einfach méiglech ass, dass esou eng Ännerung a Kraaft triede kann.

Fazit: Am Internet heescht et fälschlecherweis, d’Europäescht Parlament hätt d'”Vetorecht” vun den EU-Länner ofgeschaaft, andeem et an enger Rei Beräicher den Eestëmmegkeetsprinzip duerch Ofstëmmunge mat qualifizéierter Majoritéit ersat hätt. An enger Decisioun, déi Enn 2023 vum Europäesche Parlament votéiert gouf, gëtt allerdéngs just virgeschloen, d’Zuel vun de Beräicher mat Majoritéitsdecisiounen ze erweideren. Esou eng Resolutioun ass awer net contraignant. Fir eng Ännerung vum Ofstëmmungsprozess bräicht et eng Ännerung vun den EU-Verträg, déi eestëmmeg vun de Memberlänner decidéiert gi missten. D’Europäescht Parlament kann esou eng Ännerung net einfach eleng decidéieren.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.