Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Nee, Sauerstoff ka Kriibs net heelen!

Faktencheck: Nee, Sauerstoff ka Kriibs net heelen! - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Kriibs, déi zweetheefegst Doudesursaach op der Welt, steet am Mëttelpunkt vun zuelräiche Fuerschungsaarbechte weltwäit. An de sozialen Netzwierker gëtt behaapt, dass d’Krankheet tatsächlech just duerch d’Zouféiere vu Sauerstoff geheelt kéint ginn, well d’Kriibszellen doduerch “stierwe” géifen.

De Video heescht “Sauerstoff bréngt Kriibs ëm”. E gouf op der Plattform Crowdbunker gepost. Et handelt sech ëm en Interview an englescher Sprooch mat engem gewësse Robert Barefoot.

“Si soten, Broschtkriibs wär heelbar”, fänkt den Interviewer un. “Jo”, äntwert den Dokter. “Leukemie”, “Jo”, Prostatakriibs?” “Jo, zerebral Tumoren, ech hunn Dosende vu Mënsche gesinn, déi sech selwer geheelt hunn”, seet den Dokter Barefoot weider, “e puer honnert Mënsche koumen dëst Joer bei mech, si sinn alleguer geheelt.”

Senger Usiicht no ass de Grond vu Kriibs d’Anaerobios (Sauerstoffmangel) an dohier argumentéiert hien, dass een “d’Krankheet mat méi Sauerstoff ofwiere kéint”.

Kriibs ass déi zweetheefegst Doudesursaach weltwäit an huet 2018 9,6 Milliounen Doudesfäll gefuerdert, dat ass der WHO no all sechsten Doudesfall. D’Iddi vun enger einfacher “Wonner”-Behandlung, déi Millioune vu Mënschen heele géif, ass dohier forcement attraktiv.

RTL Capture d'écran Facebook du 1er mars

Op TikTok gouf de Video mam Interview vum “Dokter Barefoot” och dausendfach gedeelt. Bei engem heescht et am Bäitrag: “Wouerechte wäerte falen! Bereet iech op e béisst Erwäche vir, dir Penner!!!” Een Internetnotzer kommentéiert: “Jo, awer Sauerstoff ass vill manner rentabel wéi Chimio, an duerno, wann een et vermeide kann, Pensiounen ze bezuelen… dat ass hefteg!!!”

AFP Factuel gouf vun engem Internetnotzer op WhatsApp wéinst dëse Behaaptunge kontaktéiert.

Wien ass den “Dokter Barefoot”?

Den “Dokter Barefoot” ass e ganz ëmstriddene Personnage. Op senger Internetsäit, engem Online-Buttek fir Narungsergänzungsmëttel (d’Schachtelen dovu sinn op senger Foto ze gesinn), meeschtens fir Tabletten aus Kalziumkorallen, beschreift hie sech selwer als “en ugesinnen an unerkannten Auteur a Wëssenschaftler”, dee säin Diplom an der Chimie um North Alberta Institute of Technology (Kanada) gemaach huet. “Hien huet déi wierksaamst Ergänzungsmëttel fir eng besser Gesondheet a Vitalitéit fir Dausende vu Mënschen op der ganzer Welt entdeckt”, verséchert hie weider an huet “d’Heelung vun Amerika” als Zil.

De Canadian Institute of Technology huet op Nofro vun der AFP geäntwert, den Här Barefoot hätt 1967 en Diplom an der Chimie kritt, wat hien net zu engem “Dokter” maache géif, well hien a sengem Liewenslaf keen Doktertitel ernimmt.

Hie schreift a senger Biografie och, dass hien eng “Public Communication” mam Kevin Trudeau realiséiert hätt. De Kevin Trudeau wär “de populäerste Fernseeverkeefer an der Geschicht vun der amerikanescher Tëlee”.

D’AFP huet eng Trace vum Interview, deen Enn 2002 um Sender WNEM-TV 5 (Michigan, USA) diffuséiert gouf, op YouTube fonnt. An dësem Interview mécht hie Reklamm fir Kalziumkorallen, dee Kriibs, Häerzkrankheeten, Diabetes an aner Krankheeten heele kéint.

De Video iwwer Sauerstoff als Heelung vu Kriibs (riets), dee rezent vu villen Internetnotzer gedeelt gouf, schéngt aus deem selwechte Video ze stamen. Effektiv sinn den Här Barefoot an den Här Trudeau esou ugedoe wéi am Video vun 2002 (lénks) a sëtzen un engem Dësch.

RTL

RTL

Den Iwwerpréiwungssite fir Informatioune Quackwatch huet am Joer 2012 vill vun de Behaaptunge vum Dokter Barefoot an dësem Artikel op Englesch opgedeckt an zum Beispill erkläert, dass et keng wëssenschaftlech Erkenntnisser géif, déi en therapeuteschen Notze vu Kalziumkorallen confirméiere kéint.

Quackwatch huet och opgedeckt, dass vill Plaintë géint de Robert Barefoot an de Kevin Trudeau gelaf sinn, déi vun de Reguléierungsautoritéite fir Medikamentenhandel a -sécherheet erhuewe goufen.

Wéi op dëser Säit vun der US-amerikanescher Federal Trade Commission (FTC) ze liesen ass, gouf de Kevin Trudeau schonn e puer Mol verurteelt, wat hien ënner anerem doru gehënnert huet, weiderhin als Fernseeverkeefer ze schaffen. Awer den Här Trudeau huet géint dës einstweileg Verfügung verstouss a gouf am Joer 2009 dozou verurteelt, méi wéi 37 Milliounen Dollar fir d’Reklamm fir säi Buch “Methode fir ofzehuelen, déi si net wëllen, dass Dir se wësst'” ze bezuelen.

Nodeems an de Joren 2002 an 2003 zwou Emissioune gedréint goufen, goufen de Kevin Trudeau an de Robert Barefoot och dozouverurteelt, d’Reklamm fir d’Narungsergänzungsmëttel “Coral calcium supreme” oder “all anere Produit op Basis vu Kalziumkorallen fir den Traitement vu Kriibs, Häerzkrankheeten, Blutthéichdrock oder aner schwéier Krankheeten” anzestellen.

Nach haut verkeeft de Robert Barefoot op senger Internetsäit “Bob’s best supreme Oxy“, dat wéi e staarkt Antioxydant mam Versprieche “baséierend op der Recherche, déi mam Nobelpräis ausgezeechent gouf” fir 25,95 Dollar verkaaft gëtt. Et géif d’Produktioun vu “roude Bluttkierpercher ukuerbelen an de Sauerstoffgehalt an den Zellen erhéijen”.

RTL Capture d'écran du site internet de Robert Barefoot le 1er mars

Wéi ass dem “Dokter Barefoot” seng Theorie, fir Kriibs ze heelen?

Dësen “Nobelpräis”, op deen hie sech bezitt, fir seng Produiten ze verkafen, ernimmt den “Dokter Barefoot” méi wéi eng Kéier am Video, deen an den Netzwierker viral goung. Hie behaapt, dass den “Otto Warburg den Nobelpräis fir de Beweis kritt hätt, dass d’Ursaach [vum Kriibs] Anaerobios, als Sauerstoffmangel, ass (…), wat bedeit, dass mir d’Krankheet mat méi Sauerstoff zeréckdränge kënnen”.

Béid Sätz bestinn aus enger Rei vu falsche Behaaptungen.

Den Otto Heinrich Warburg, gebuer 1883, huet Aarbechten iwwer Zellootmung duerchgefouert, déi sech als revolutionär fir d’Studéiere vun Zellen a vu Kriibs erwisen huet.

Awer hien huet den Nobelpräis net fir “de Beweis, dass d’Ursaach [vum Kriibs] Anaerobios ass”. Dem Internetsite vum Nobelpräis-Comité no krut den däitsche Wëssenschaftler 1931 den Nobelpräis fir seng Entdeckung vum Ursprong a fir d’Funktionéiere vum “ootmenden” Enzym. Seng Decouverte huet an der Fuerschung nei Weeër um Gebitt vum Zellstoffwiessel an der Zellootmung opgemaach”, sou den Nobelcomité weider. “Hien huet ënner anerem gewisen, dass Kriibszellen och ouni Sauerstoff liewen a wuesse kënnen.”

De Professer Bruno Quesnel, Direkter vum Fuerschungs- an Innovatiounsdepartement vum franséischen Institut national du Cancer (INCA), huet der AFP den 28. Februar erkläert, dass “Kriibszellen e spezielle Stoffwiessel hunn, dat ass de berüümte Warburg-Effekt, bei deem si vill Glucos iwwer e Wee mam Numm Glycolys consomméieren a manner Sauerstoff verbrauchen.”

D’Anaerobie ass awer net op Kriibszelle limitéiert, wéi hien erkläert: “Normzellen am Kierper kënnen och op dës Manéier funktionéieren, zum Beispill wann e Muskel e Perfusiounsfeeler huet, schalt de Kierper an de anaerobe Modus.”

Dat sot och d’Fuerscherin Angela Otto, Assistenzprofessesch op der Hochschule für Bioingenieurwissen zu München, der AFP am Februar 2021: “Bei Sauerstoffmangel kann Energie och duerch e méi héijen Taux vun der Glycolys produzéiert ginn, woubäi de Produit a Mëllechsaier ëmgewandelt gëtt. Dat nennt een ‘anaerob Glycolys‘.”

“Allerdéngs notze Kriibszellen (…) och déi anaerob Glycolys, souguer wa genuch Sauerstoff do ass, wat zu enger héijer Produktioun vu Mëllechsaier féiert, déi da vun Zelle fräigesat gëtt. Dat nennt een haut de Warburg-Effekt“, huet d’Professesch dobäigefüügt.

Awer am Géigesaz zum Här Barefoot senge Behaaptungen, “huet de Warburg dës Hypothees op der Basis opgestallt, dass Schied am Ootmungssystem [vun enger Zell] eng primär Ursaach fir Kriibs sinn – an net Sauerstoffmangel [deen an den Organismus abruecht gëtt], esou d’Angela Otto.

Fir de Professer Quesnel muss ee bedenken, dass d’Aarbecht vum Dokter Warburg immens al ass: “Hien huet iergendwa gemengt, dass dat eng Ursaach fir Kriibs si kéint, awer et huet sech erausgestallt, dass et genee de Géigendeel war.”

“Mir dierfen Ursaach a Wierkung net verwiesselen”, huet de franséische Spezialist widderholl.

Kriibs kann net mat Sauerstoff behandelt ginn

De “verzerrte” Fonctionnement vu Kriibszelle gëtt genotzt, fir se ze bekämpfen, sou de Professer Quesnel. “De Warburg-Effekt gëtt benotzt, wann een en Exame wéi de PET-Scan [PET: Positiounen-Emissiouns-Tomographie, Um. v. d. Red.] mécht. D’Zelle si giereg op Glucos, wat dës Biller vum PET-Scan mat markéierter Glucos erméiglecht.”

Souguer hei “trëfft de Warburg-Effekt bei verschiddene Kriibserkrankungen zou, bei anere manner oder net, et ass ënnerschiddlech a Kriibszelle kënne souguer vun enger Stoffwiesselaart zur anerer wiesselen, besonnesch bei enger Resistenz géint Traitementer.”

Et gëtt och “Medikamenter, déi entwéckelt goufen, fir ze versichen, d’Enzymer, déi un dëser Aart vum Stoffwiessel bedeelegt sinn, ze cibléieren, awer déi ginn nach erfuerscht a sinn nach net um Maart.”

A kengem Fall, füügt de Professer Quesnel bäi, ka Kriibs mat Sauerstoff traitéiert ginn: “Engem esou vill Sauerstoff ze ginn, wéi ee wëll, wäert näischt dorun änneren. D’Bakterien, déi anaerob schaffen, wann een hinne Sauerstoff gëtt, stierwen, mee bei  enger Kriibszell ass et ganz anescht. Eng Kriibszell wäert dat consomméieren, wat se fënnt (…) A wann een hir eppes Aneres gëtt, wéi Sauerstoff, wäert se sech doduerch net stéiere loossen.”

Ëmsou méi riskant wär et, de Kriibs mat Sauerstoff ze traitéieren, betount den Dokter, well “ze vill Sauerstoff ze inhaléieren gëfteg ass, wann een et iwwer e längeren Zäitraum wéi bei Patienten op der Intensivstatioun mécht, besteet d’Gefor vun enger Longefibros.”

Bréngt et eppes, d’Zuel vun de roude Bluttkierpercher ze erhéijen?

A sengem Fernseeinterview behaapt de Robert Barefoot och, dass den Dokter Warburg “Dausende vu Mënsche geheelt huet, andeem hien d’Unzuel vun de roude Bluttkierpercher erhéicht huet”.

Fir de Professer Quesnel “ass et eng Mëschung vu klengen Deeler vun engem Saz oder der Wouerecht, déi kombinéiert goufen”. “Et kann een d’Unzuel vun de roude Bluttkierpercher erhéijen, fir Patiente mat Radiotherapie ze traitéieren, awer dat ass eppes ganz Aneres. Et bréngt ee Sauerstoff erbäi, fir dass d’Bestralung vun der Plaz vum Tumor effikass ass.”

Fir et besser ze verstoen: Éier een duerch d’Radiotherapie Lesiounen un der DNA ausléist, “ass et noutwenneg, Sauerstoffderivater ze hunn, fir d’DNA ze veränneren, dowéinst gi Mënschen heiansdo virun enger Radiotherapie transfuséiert, fir si ze optimiséieren, awer dat huet näischt mam Warburg-Effekt oder dem Stoffwiessel ze dinn.”

De Professer Pierre Blanchard, Onkolog a Radiotherapeut um Insitut Gustave Roussy, gouf den 1. Mäerz vun der AFP zu deem Sujet befrot an huet gesot: “Nach ni huet Sauerstoffmangel Kriibs ausgeléist, Kriibs ass mat Funktiounsstéierunge wärend dem Zellwuesstem verbonnen.”

“Hypoxie [reduzéiert Disponibilitéit vu Sauerstoff, Um. v. d. Red.] vu Kriibserkrankunge” kéint “zum Beispill ee Facteur fir d’therapeutesch Resistenz bei der Radiotherapie sinn, awer et gëtt keng Hiweiser dorop, dass d’Erbäiféiere vu méi Sauerstoff dat verbessere géif.”

De Professer Blanchard erënnert och un d’Versoe vun EPO (Erythropoetin) bei Kriibspatienten, engem Hormon, dat d’Forméiere vu roude Bluttkierpercher stimuléiert. “Et gouf bei Patiente mat Metastasen benotzt, fir ze vermeiden, dass se ze dacks transfuséiert ginn, an och bei Patiente mat lokaliséierte Kriibserkrankunge virun enger Radiotherapie, fir d’Unzuel vun de roude Bluttkierpercher ze erhéijen, well ee gemengt hat, dass dat méi effikass wär”, sot hien. D’Experiment huet “de Géigendeel gewisen, et huet d’Iwwerliewe verschlechtert, well d’Tumoren EPO-Rezeptoren hunn.”

An der Vergaangenheet huet d’Aarbecht vum Otto Warburg schonn zu falsche Behaaptunge geféiert, déi vun der AFP als falsch opgedeckt goufen, wéi iwwer d’Droe vun enger Mask, wat Kriibs ausléise géif, oder iwwer Kriibs, dee géint eng alkalesch Ëmgéigend net resistent wär.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.