Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Ënnerstëtzer behaapten, dem Donald Trump géif d’Doudesstrof dreeën

Faktencheck: Ënnerstëtzer behaapten, dem Donald Trump géif d'Doudesstrof dreeën - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

A Bäiträg a sozialen Netzwierker behaapte Politikerinnen a Politiker souwéi User, dass den Donald Trump wéinst Ausübung vu senger Meenungsfräiheet no de Presidentschaftswalen 2020 an den USA ugeklot gi wär an him mat der Doudesstrof “gedreet” gi wär.

Dem eemolege President goufen an dräi Fäll Konspiratioun an an engem Fall Behënnerung virgeworf. Kee vun dëse Virwërf erfëllt d’Krittäre vun der Doudesstrof.

“Dem Trump gouf virgeworf, déi fräi Meenungsäusserung an dat fräit Denke praktizéiert ze hunn, well hien Awänn géint eng knaschteg Wal erhuewen huet”, behaapt de konservativen Influencer Benny Johnson den 1. August 2023 an engem Bäitrag op Twitter, dem sozialen Netzwierk, dat kierzlech an X ëmbenannt gouf.

De Bäitrag huet fir Zéngdausende vun Interaktioune gesuergt. E YouTube-Video vum Johnson iwwer dëse Sujet dréit den Titel “Biden klot Trump wéinst Ausübung vu ‘fräier Meenungsäusserung’ um 6. Januar un”.

RTL

D’AFP huet schonn aner Behaaptunge ronderëm déi amerikanesch Politik widderluecht.

Verschidden US-amerikanesch republikanesch Politikerinnen a Politiker, dorënner d’Kongressdeputéiert Marjorie Taylor Greene aus Georgia an den Dan Bishop aus North Carolina, hunn änlech Behaaptunge verëffentlecht. “Hie gëtt ugeklot, well hie gesot huet, dass d’Wal geklaut gouf”, sot d’Greene an engem Video, dee si den 3. August 2023 verëffentlecht huet, e puer Stonnen éier den Trump virun engem Bundesgeriicht zu Washington ugeklot gouf. Dës Behaaptunge sinn ierféierend.

Den Trump gouf den 1. August 2023 vun enger Grand Jury ugeklot, sech verschwuer ze hunn, fir d’Resultater vun der Wal 2020 ze kippen an d’Vollek vun Amerika ze beducksen. Zwee Deeg spéider huet hien op “net schëlleg” plädéiert.

De 77-Järege war schonn an zwee aneren Enquêten ugeklot ginn. Seng jéngst rechtlech Hürden erhéijen d’Aussiicht, dass den Trump nach weider a Geriichtsaffäre verwéckelt gëtt, wärend hie sech zäitgläich dofir asetzt, zréck an d’Wäisst Haus ze goen, andeem hien de 5. November 2024 op en Neits fir d’Presidentenamt kandidéiert.

An der Uklo, déi vum Sonderermëttler Jack Smith erhuewe gouf, gëtt him Konspiratioun zum Bedruch vun de Vereenegte Staaten a Konspiratioun bei der Behënnerung vun enger offizieller Enquête virgehäit: vun der Sëtzung vum US-amerikanesche Kongress fir d’Bestätegung vun der Walvictoire vum Demokrat Joe Biden.

“Kuerz nom Waldag, deen op den 3. November 2020 gefall war, huet den Ugeklote säi kriminelle Plang gestart”, heescht et an der Ukloschrëft iwwer 45 Säiten, déi vun enger Grand Jury zu Washington verfaasst gouf (hei archivéiert). “D’Zil vun der Konspiratioun war et, déi rechtméisseg Resultater vun der Presidentschaftswal 2020 duerch wëssentlech falsch Behaaptungen iwwer Walbedruch ze kippen.”

De Smith sot den 1. August 2023 géintiwwer Medien, dass den Opstand virum an am Kapitol vum 6. Januar 2021 “vun de Lige” vum Trump “befeiert gouf”, deem säin “Zil et war, eng grondleeënd Funktioun vun der US-Regierung ze behënneren – de landeswäite Prozess vun der Erhiewung, der Zielung an der Zertifizéierung vun de Resultater vun de Presidentschaftswalen” (hei archivéiert).

D’Virwërf, déi géint den Trump erhuewe ginn, bezéie sech net speziell op seng Behaaptungen iwwer Walbedruch am Joer 2020, déi ëmmer nees widderluecht goufen.

  • Am éischten Uklopunkt, d’Verschwierung fir Bedruch un de Vereenegte Staaten, gëtt dem Trump virgehäit, sech verschwuer ze hunn, fir “déi rechtméisseg Funktioun vun der Bundesregierung ze verhënneren, duerch déi d’Resultater vun de Presidentschaftswale gesammelt, gezielt a bestätegt ginn”.
  • D’Uklopunkten zwee an dräi beinhalten d’Verschwierung wéinst Behënnerung vun engem amtleche Verfaren a Behënnerung a Versuch vun der Behënnerung vun enger Persoun am Amt. Si ginn op dem Trump seng Beméiungen zeréck, d’Bestätegung vun de Walresultater duerch de Kongress ze verhënneren.
  • De véierte Punkt vun der Uklo, d’Verschwierung, fir anerer un der Ausübung vun hire verfassungsméissege Rechter ze hënneren, gehäit dem Trump vir, sech verschwuer ze hunn, fir Wielerinnen a Wieler “ze blesséieren, ze ënnerdrécken, ze bedreeën an anzeschüchteren”.

“Hie war och berechtegt, d’Walresultater mat rechtméissege a virschrëftsméissege Mëttelen unzefechten”, heescht et an der Ukloschrëft. “Effektiv huet den Ugekloten a ville Fäll dës Methoden, fir d’Walresultater unzefechten, ugewannt.” Am Dokument gëtt awer festgestallt, dass den Ugeklote “kuerz nom Waldag och gesetzeswiddreg Mëttelen, fir d’Erofsetze vu legitimme Stëmmen a fir d’Walresultater ze ënnergruewen, agesat huet” an domat “dräi kriminell Verschwierunge” begaangen huet.

Den Trump huet dës Virwërf bestridden an nodeem d’Uklo verlies gouf géintiwwer Reporterinnen a Reporter behaapt, dass et sech bei de Virwërf, déi géint hien erhuewe ginn, ëm d'”Verfollgung vun engem politesche Géigner” handele géif. Op sengem eegene sozialen Netzwierk “Truth Social” huet den Trump geschriwwen: “Déi radikal Lénk wëll déi fräi Meenungsfräiheet kriminaliséieren.”

Dem Trump säin eemolege Procureur général William Barr huet d’Argument vun der Meenungsfräiheet zeréckgewisen. “Hie ka soen, wat hie wëll. Hie ka souguer léien. Hie kann de Leit soen, dass d’Wal geklaut gouf, och wann hien et besser weess”, sot de Barr den 2. August 2023 géintiwwer dem US-amerikanesche Fernseesender CNN. “Awer dat schützt net do virdrun, Deel vun enger Konspiratioun ze sinn.”

Den Jonathan Entin, emeritéierte Professer a Verfassungsrechtsexpert op der Case Western University, huet de 4. August 2023 géintiwwer der AFP erkläert, d’Ukloschrëft géif däitlech maachen, dass den Trump d’Recht hätt ze behaapten, d’Presidentschaftswalen 2020 wären duerch Bedruch korrupt gemaach ginn, onofhängeg vun der Richtegkeet vu senge Behaaptungen.

“An der Ukloschrëft heescht et, dass den Trump beschëllegt gëtt, Moossnamen ergraff ze hunn, fir d’Walresultat ze kippen”, sou den Entin an enger E-Mail. “Vill Strofdote si mat Sprooch verbonnen, awer dat bedeit net, dass mir d’Recht dozou hunn, Bedruch, Erpressung oder änlech Aktivitéiten ze begoen.”

Dreet dem Trump d’Doudesstrof?

Nom Verliese vun der Uklo géint den Trump hu verschidde konservativ Influencerinnen, Influencer an Internetsäite ausserdeem behaapt, dass den Trump fir seng supposéiert Verbriechen d’Doudesstrof kréie kéint. “Dem Trump dreet d’Doudesstrof oder 515 Joer am Prisong”, behaapt den Elijah Schaffer, e konservative Podcaster, den 2. August 2023 an engem X-Bäitrag a verlinkt dozou op e Videobäitrag op der Plattform Rumble. Aner Websäite wéi “Breitbart” sinn déi selwecht Schinn gefuer an hu behaapt, dem Trump géif eng méiglech Hiriichtung dreeën.

RTL

RTL

D’Behaaptunge ginn op de véierte Punkt vun der Uklo vum Smith zeréck: Verschwierung, fir anerer un der Ausübung vun hire verfassungsméissege Rechter ze hënneren.

D’Vollstreckungsgesetzer vun 1870 an 1871 stamen aus der Zäit vum Amerikanesche Biergerkrich a goufen ursprénglech géint Gruppe wéi de Ku-Klux-Klan agesat. Dës Gruppen hate versicht, nei befreit Afroamerikanerinnen an Afroamerikaner un der Ausübung vun hiren, hinnen zoustoende Rechter, déi si duerch d’Reconstruction Amendements, Zousazartikele fir d’Verfassung vun den USA, ze hënneren. Säitdeem gouf d’Gesetz fir d’Verfollgung vun enger gréisser Unzuel vu Fäll vu Walfälschung a Biergerrechtsverletzungen agesat.

D’Bundesgesetz beseet, dass e Verstouss géint dës Gesetzer mat enger Geldstrof oder enger Fräiheetsstrof vun “net manner wéi zéng Joer geaant gëtt”. Féieren d’Dote vum Verstouss och zum Doud oder ëmfaasse se e Verbrieche wéi Entféierung oder schwéiere sexualiséierte Mëssbrauch, da kann den Ugekloten oder d’Ugeklot “fir eng Rei Joren oder liewenslänglech oder fir béides inhaftéiert oder zum Doud verurteelt ginn”, heescht et am Gesetz (hei archivéiert).

Dem Peter Carr no, engem Spriecher vum Parquet spécial, gëllt dat net fir den Trump. “Dat ass net richteg”, sot hien zu de Behaaptungen, déi am Internet am Ëmlaf sinn. “D’Ukloschrëft enthält net déi erfuerderlech besonnesch Feststellungen.”

Der Berichterstattung vu Medien an engem parteiiwwergräifende Senatsbericht no (hei archivéiert) si beim Stuerm op d’Kapitol de 6. Januar 2021 e puer Mënschen gestuerwen. Awer den David Alan Sklansky, stellvertriedenden Departementschef vum Stanford Criminal Justice Center sot, et géif dräi Grënn, firwat d’Doudesstrof am Fall Trump “net verhaange ka ginn”.

“Éischtens ass den Zesummenhang tëscht dem Verhalen, wéinst deem den Trump ugeklot ass, an den Doudesfäll, déi sech duerch den Opstand um Capitol Hill ofgespillt hunn, ze geréng, fir den néidege rechtleche Kader vun der Kausalitéit ze erfëllen”, huet hien an enger E-Mail vum 4. August 2023 matgedeelt. “Zweetens kann nom Bundesgesetz (…) d’Doudesstrof net verhaange ginn, et sief dann, de Parquet huet d’Absicht matgedeelt, d’Doudesstrof unzestriewen, wat de Parquet an dësem Fall net gemaach huet an net maache wäert.”

De Sklansky huet bäigefüügt, dass d’Bundesgesetz d’Hiriichtung op Fäll beschränke géif, an deenen den Ugekloten oder d’Ugeklot “absichtlech een ëmbruecht huet”, oder op verschidden aner Fäll, an deenen en Ugekloten oder eng Ugeklot Gewalt ugewannt huet, obwuel hie wosst, dass d’Konsequenzen déidlech kéinte sinn. “Et gëtt eng enk, méiglech Ausnam a Fäll vun Déidungsmëttel, awer dat hei ass kee Fall vun Déidungsmëttel”, waren déi lescht Wierder am Schreiwes.

RTL

Fir d’Virwërf, déi vum Sonderermëttler Smith erhuewe ginn, dreeën dem Trump bis zu 55 Joer Prisong, zousätzlech zu de Virwërf, déi a fréieren Ukloen a Florida an zu New York erhuewe goufen.

D’US-Riichterin Moyila Upadhyaya sot wärend der Mise en accusation géint den Trump zu Washington am August 2023, dass d’Héchststrof fir de Virworf vu Verschwierung géint Rechter bei zéng Joer léich.

Fazit: Dem Donald Trump dreet net d’Doudesstrof an hie gouf net wéinst der Äusserung vu senger fräier Meenung ugeklot. D’Virwërf vu Verschwierung a Behënnerung vun der US-Presidentschaftswal, mat deenen hie konfrontéiert ass, erfëllen net d’Krittäre vun der Doudesstrof.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.