Wéi Ufank 2025 a wäiten Deeler vu Los Angeles déidlech Bëschbränn ënnerwee waren, gouf a Sozialen Netzwierker behaapt, dass gesteiert Energiewaffen fir d’Bränn responsabel wären – eng Konspiratiounstheorie, déi scho bei änleche Katastrophe verbreet gouf.
Experten hunn awer wësse gedoen, dass d’Flamen duerch ongewéinlech staark Santa-Ana-Wandstéiss an dréche Konditiounen entstane sinn an et keng Beweiser fir den Asaz vu Laserwaffe gëtt.
“De Grond, firwat Pompjeeën nach ni sou eppes wéi d’Ruinen an d’Zerstéierung vun de Feieren zu LA (2025) gesinn hunn, ass, dass > GESTEIERT ENERGIEWAFFEN (GEW) agesat goufen, fir maximal Zerstéierung (SCHLËMM!!) unzeriichten”, sou e Facebook-Post vum 11. januar 2025. “Dat ass schonn zu Lahaina, Maui (Hawaii), geschitt.”
“Dat ass eng GEW, kee wëllt Feier… et ass net natierlech… Autoe sinn a Flamen opgaangen, awer Beem sinn nach gréng”, huet en Notzer den 9. Januar op der Plattform X geschriwwen.
Änlech Behaaptunge waren op Instagram, Threads, a Rumble an och op Spuenesch a Franséisch am Ëmlaf. E puer hunn d’Behaaptunge mat änlechen opgedeckten Theorien iwwer d’Bëschbränn op Maui am Joer 2023 a Verbindung bruecht, dorënner och d’Behaaptung, dass Haiser mat bestëmmten Daachfaarwe verschount bliwwe waren. Et gouf sech och op angeeblech Beweiser beruff, dass Beem stoe bliwwe wären, obwuel Gebaier a Gefierer verbrannt waren.
© AFP
© AFP
D’Bëschbränn, déi bis dohin nach ni do gewiescht waren, hu bis de 16. Januar op d’mannst 24 Mënscheliewe gefuerdert, Haiser zerstéiert an Dausenden Hektar verbrannte Buedem hannerlooss.
Et gëtt keng Beweiser dofir, dass d’Ausbréch mat experimentellen Energiewaffen a Verbindung stinn, déi fir militäresch Zwecker entwéckelt ginn, obwuel eng Rëtsch Konspiratiounstheorien, déi zënter Laangem am Ëmlaf sinn, si ëmmer nees als Ausléiser uprangeren.
Bëschbränn sinn an dëser Regioun schonn zënter Joren e Problem, an déi ongewéinlech dréche Konditiounen a staark Wandstéiss hu se Experten no nach méi schlëmm gemaach.
Den amerikaneschen Nationale Wiederdéngscht a lokal Autoritéiten hate schonn de 7. Januar viru potenzielle Bränn gewarnt.
“Den dréchene Brennstoff opgrond vum feelende Reen a vun de staarke Wandstéiss féiert dozou, dass sech d’Bränn immens séier ausbreeden. Et spillt keng Roll, wat fir e klenge Fonken d’Feier ausléist, well d’Loft ass sou staark an d’Vegetatioun sou dréchen, dass d’Pompjeeën näischt maache kënnen, bis de Wand noléisst”, sot de Michael Gollner, Professer op der University of California a Virsëtzende vum Fuerschungsrot vun der National Fire Protection Agency (NFPA), deen zu der Fire Protection Research Foundation gehéiert (hei archivéiert). “Et ass offensichtlech, dass gesteiert Energiewaffen net immens probabel sinn.”
Den Joe McNorton, Wëssenschaftler um European Centre for Medium-Range Weather Forecasts (hei archivéiert), sot an engem Statement vum 8. Januar, dass d’Grënn fir déi sech séier ausbreedend Bränn evident wären.
“Am Hierscht a Wanter gouf et immens wéineg Néierschlag a Kalifornien, sou dass d’Vegetatioun – souwuel déi lieweg wéi och déi doudeg – aussergewéinlech dréchen ass”, sot hien. “Dës Dréchent, kombinéiert mat staarkem Offshore-Wand an héijen Temperaturen, huet ideal Konditioune fir eng séier Ausbreedung vun de Bränn geschaaft.
Medieberichter no kéinte Fonke vu Stroumleitunge bei e puer Bränn eng Roll gespillt hunn.
Wat huet et mat Energiewaffen op sech?
Den Iain Boyd, Direkter vum Zenter fir National Sécherheetsinitiative vun der University of Colorado (hei archivéiert) an Expert fir gesteiert Energiewaffen, huet den 9. Januar géintiwwer der AFP op e Fuerschungspabeier iwwer dës Technologie verwisen, déi schonn an anere widderluechte Behaaptungen iwwer virsätzlech Bränn zitéiert gouf.
“Eng zentral Erausfuerderung fir de Militär, d’Héich-Energie-Laseren anzesetzen, ass déi héich Leeschtung, déi erfuerderlech ass, fir aus der Distanz nëtzlech Effekter hierzestellen”, sou de Boyd a sengem Pabeier.
“D’Leeschtung, déi néideg ass, fir d’Vegetatioun mat engem Héich-Energie-Laser aus der Loft a Brand ze setzen, géif eng grouss Energiequell an engem grousse Fliger erfuerderen.
De Boyd huet dorop higewisen, dass et sech bei Videoen, déi angeeblech siichtbar Strale beim Entzünde vu Bränn weisen, net ëm dës Zort vun Technologie handelt.
“Op e puer Biller, déi angeeblech d’Leeë vu Feier weisen, sinn d’Laserstrale gréng. Strale vun Héich-Energie-Lasere sinn onsiichtbar”, sot hien.
Brennend Beem
Trotz der Behaaptung, d’Bränn hätte keng Auswierkungen op d’Vegetatioun, weise Biller vun der AFP (ënnen) an aneren Norichtenagencen d’Zerstéierung vun enger Rëtsch Beem.
© AFP
© AFP
Bëschexperten no sinn e puer Beem méiglecherweis méi widderstandsfäeg géint Feier, well se Fiichtegkeet späicheren. Och aner Facteure kënnen en Afloss hunn.
“Beem a potenzielle Brandgebidder entwéckelen eng méi déck Schuel, ënner anerem well eng déck Schuel net sou liicht Feier fänkt oder brennt. Ausserdeem schützt se sou d’Banneliewe vum Stamm, dee liewegt Geweebe, Waasser an Närstoffer transportéiert, viru Schiet duerch Hëtzt bei Bränn mat héijer Frequenz a gerénger Intensitéit”, schreift d’amerikanesch National Forest Foundation op hirer Internetsäit.
D’gemengnëtzeg Arbor Day Foundation weist dorop hin, dass verschidde Bamzorten opgrond vun hirer Schuel, hirer Fiichtegkeet an dem Feele vun Äscht op Buedemhéicht relativ resistent géint Feier sinn, wat verhënnert, dass d’Flame bis an d’Bamkroune klamme kënnen.
Änlech Behaaptungen iwwer d’Verschoune vu Beem waren och wärend grousse Bränn op Hawaii an a Kanada am Ëmlaf.
D’AFP huet nach aner Falschbehaaptungen am Zesummenhang mat de Bëschbränn zu Los Angeles widderluecht (hei, hei an hei).
Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.