Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Plangt d’Schwäiz Elektroautoen ze verbidden?

Faktencheck: Plangt d'Schwäiz Elektroautoen ze verbidden? - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

Net nëmmen an der EU, och an der Schwäiz gëtt iwwer néideg Energiespuermoossnamen diskutéiert. Eng vun de proposéierte Moossname vun der Regierung ass, dass Fuerer vun Elektroautoen hire Won stoe loosse sollen, wann de Stroum knapp gi sollt. Dës Moossnam huet a sozialen Netzwierker fir Oprou gesuergt a falsch Behaaptungen ausgeléist.

“Dowéinst wëlle si, dass du ELEKTROAUTOE fiers. D’Schwäiz envisagéiert elo Spuermoossnamen déi e Verbuet vun ELEKTROAUTOEN aschléissen”, heescht et iwwer engem Bild, dat en australeschen Notzer den 3. Dezember 2022 op Instagram gedeelt huet.

D’Bild schéngt vun engem Artikel vu “MailOnline” ze sinn, der Websäit vun brittescher Zeitung “Daily Mail”. D’Iwwerschrëft heescht: “D’Schwäiz demaskéiert eng ganz Rei vu Restriktiounen am Lockdown-Stil, fir Stroum ze spueren, wärend d’Energiekris sech zouspëtzt, dorënner och e VERBUET vun Elektroautoen”.

An deem Artikel heescht et weider: “D’Schwäiz wäert d’Notze vun Elektroautoe fir ‘net wesentlech’ Reese verbidden, wann dem Land an dësem Wanter d’Energie ausgeet, wéi d’Regierung ugekënnegt huet.”

RTL

Screenshot of the Instagram post, captured on December 20, 2022

 

En anere Fall vun der Behaaptung ass op Facebook opgedaucht.

An de Kommentarer vun de Bäiträg gouf dorop higewisen, dass verschidde Benotzer duerch d’Behaaptung iergeféiert goufen.

“Waart nëmme bis si déi gratis Luetstatiounen ofschalten an Dir mat Ärem eegene Stroum tanke musst… An d’Stroumpräisser klamme mat der Nofro, wouduerch keen ausser dem 1 Prozent méi fuere kann”, steet an engem Kommentar.

De rietsextreeme brittesche Politiker Nigel Farage huet eng änlech Behaaptung op Gettr gedeelt. Wéi et schéngt, huet hien awer d’Schwäiz mat Schweden verwiesselt. De selwechte Feeler gouf och vun Notzer op Facebook an Twitter gemaach.

E Spriecher vun der schweedescher Regierung huet der AFP den 18. Dezember per E-Mail matgedeelt, dass Schweden Elektroautoen net verbueden huet.

Virschlag fir ‘Worst-Case-Zenario’

De Schwäizer Bundesrat koum den 23. November zesummen, fir Moossnamen am Fall vun enger grousser Stroumknappheet ze diskutéieren, déi an engem Gesetzesprojet virgesi goufen.

Als Reaktioun op déi ierféierend Bäiträg sot e Spriecher vum Schwäizer Wirtschaftsministère der AFP, Elektroautoe wären “an der Schwäiz net verbueden a sollen et och net sinn”.

De Markus Spöerndli sot, dass d’Restriktioune fir d’Notze vun Elektroautoen dem Gesetzesprojet no just am Worst-Case-Zenario zum Asaz komme sollen, wa fräiwëlleg Appeller fir Energie anzespueren oder duuss Restriktiounen net effektiv sollte sinn.

“Eng méiglech Restriktioun vum Notze vu privaten Elektro-Gefierer ass am Moment an engem éischten Entworf vun enger virleefeger Veruerdnung als méiglech Moossnam am Fall vun enger unhalender Stroumknappheet virgesinn, wann, an nëmme wann, d’Enkpäss net am Virfeld duerch méi duuss Moossname behuewe kéinte ginn”, huet de Spöerndli an enger E-Mail vum 13. Dezember geschriwwen.

Donnéeë vum Schwäizer Bundesamt fir Statistik no waren am Joer 2022 110.700 Elektro-Gefierer an der Schwäiz zougelooss, wat 2,3 Prozent vun alle Persounegefierer entsprécht.

De Christoph Wolnik, Spriecher vun auto-schweiz, enger Associatioun vun Auto-Importeuren, huet der AFP den 21. Dezember matgedeelt, dass d’Schwäizer Regierung plangt, d’Notze vu privaten Elektroautoe wärend enger Stroumknappheet ze verbidden.

Hie sot, et géif Ausname fir Mënschen, déi op d’Aarbecht fueren oder bei den Dokter mussen, an huet dorop higewisen, dass Wellness-Zentren an Hoteller weiderhi siwe Stonnen den Dag bedriwwe kéinte ginn.

“Mir als Verband vun de Schwäizer Auto-Importeure si mat dëser Iddi net wierklech averstanen an hu schaarf reagéiert. Mir hoffen elo ganz staark, dass d’Regierung de Virschlag zeréckzitt an en net an d’Praxis ëmsetzt”, huet hien an enger E-Mail matgedeelt.

De Spriecher vum Schwäizer Wirtschaftsministère Spöerndli sot, de Gesetzentworf gouf iwwerschafft a géif viraussiichtlech an den éischten zwee Méint vum Joer 2023 gestëmmt ginn.

D’Restriktioun fir d’Notze vun Elektroautoe wär just eng “méiglech Moossnam, wann de Stroum méi laang knapp wär”.

Dësen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.