Social-Media-Bäiträg behaapten, dass eng Hëtztwell an den USA am Summer vum Joer 1954 beweise géif, dass déi global Erwiermung “just eng Agenda” wär. D’AFP huet Wëssenschaftler zu dëser Behaaptung befrot.
“Et gouf keng Agenda fir ‘GLOBAL ERWIERMUNG’ oder ‘KLIMAVERÄNNERUNG’ am Joer 1954. Déi aktuell Rhetorik ass just eng Agenda iwwer Kontroll vu Muecht an Ëmverdeelung vu Verméigen”, heescht et an engem Facebook-Post vum 28. Juli 2022, deen eng Foto vun engem Zeitungsartikel weist. “Esou Geschichte sinn en Deel vun de Grënn, firwat de Geschichtsunterrecht un ëffentleche Schoulen zeréckgezu gouf.”
Screenshot of a Facebook post taken August 15, 2022
Änlech Behaaptunge sinn op Twitter zirkuléiert (hei, hei). Als Beweis gëtt eng Chronik vum 16. Juli 2022 am The Joplin Globe, enger Dageszeitung a Missouri, zitéiert.
“Sou waarm et an dësem Summer och ass, 1954 war vill méi schlëmm”, steet an der Iwwerschrëft.
Awer d’Bäiträg interpretéieren den Artikel falsch, well en de Klimawandel net erwäänt. A Wëssenschaftler soen, dass duerch déi global Erwiermung Hëtztwellen ëmmer méi heefeg a méi intensiv optriede wäerten.
“Keng eenzel Hëtztwell kann déi global Erwiermung beweisen oder widderleeën”, seet d’Maren Hale, Klimafuerscherin bei der Scripps Institution of Oceanography op der University of California-San Diego.
1954 huet am Mëttlere Westen Rekorder gesat
Den Historiker Brad Belk vun der Missouri Southern State University huet sech an der Online-Chronik u seng Erfarungen aus dem Summer 1954 erënnert.
De Belk ass kee Wëssenschaftler an huet sech och net zum Klimawandel geäussert. Amplaz huet hien op d’Konsequenze vun der Hëtztwell fir déi lokal Bevëlkerung an d’Infrastruktur higewisen.
“Ob et 1954 oder 2022 ass, waarm ass waarm”, sot hien an deem Artikel. “Den Hierscht war 1954 eng wëllkomm Erliichterung. Et gëtt och nom Hierscht 2022 verlaangert.”
Donnéeë vun 1954 confirméieren d’Intensitéit vun deem Summer am Mëttlere Westen.
D’Nancy Westcott, eng Klimafuerscherin am Midwestern Regional Climate Center, sot an enger Etüd vun 2011, dass dat Joer (1954) “déi jéngst gréisser an zerstéierend Hëtztwell” fir d’Regioun war. Illinois beispillsweis huet de 14. Juli 1954 zu East St. Louis mat 47,28 Grad Celsius eng Rekordtemperatur gemooss.
D’Westcott sot der AFP awer, dass de Rapport “op lokalen Donnéeë baséiert a keng global Donnéeën enthale waren.”
“Et huet gewisen, dass d’Klima regional variéiert an dass Wiederextreemer schonn ëmmer opgetruede sinn, awer et seet näischt doriwwer, wat weltwäit geschitt”, huet si bemierkt.
Ëmmer méi staark Wiederextreemer
Alleguer déi 10 wäermst Joren, déi opgezeechent goufen, sinn am 21. Joerhonnert opgetrueden, wéi et vun der National Oceanic and Atmospheric Administration’s (NOAA) heescht. An den 143 Joer global opgezeechenten Donnéeë steet d’Joer 2022 fir den Zäitraum Januar-Juli op der sechster Plaz vun de wäermste Perioden.
D’Hale sot, dass et zwar Ënnerscheeder tëscht de Regioune gëtt, awer “als Ganzt erliewen déi Vereenegt Staate vun Amerika méi heefeg Hëtztwellen, an dës Hëtztwelle si méi extreem a méi laang wéi viru 60-70 Joer.”
Highlights of a report on the state of the climate by the World Meteorological Organization ( AFP / Gal ROMA, Paz PIZARRO, Jonathan WALTER)
D’Jessica Neu, Atmosphärfuerscherin am Jet Propulsion Laboratory vun der NASA, sot der AFP, dass d’Hëtztwell vun 1954 “a kengster Weis widderleet, dass d’Erwiermung vun der Äerd wéinst dem Cumul vun Zäregasen acceleréiert gëtt an d’Resultat vu mënschlechen Aktivitéiten ass.”
“Et kann een et sech wéi eng Entreprise virstellen, déi eng nei Strategie, fir den Ëmsaz ze steigeren, ëmgesat huet”, sot d’Neu. “Den Erfolleg vun dëser Strategie gëtt net vun een oder zwee gudden oder schlechte Jore (wéi bei der Hëtztwell vun 1954) bestëmmt, mee vun der laangfristeger Verännerung oder Entwécklung vum Ëmsaz.”
D’Hëtztwell vun 1954 war en extreemt Wiederevenement, awer de Klimawandel hätt “an den USA zanter den 1950er Joren zu enger ëmmer méi staarker Frequenz, Intensitéit an Dauer vun Hëtztwelle geféiert.”
All weider Erwiermung ëm 0,5 Grad Celsius verursaacht en erkennbaart Klamme vun der Intensitéit a Frequenz vu waarmen Extreemen – Hëtztwellen inclus, wéi et am jéngste Rapport vum Weltklimarot (IPCC) heescht. Méi wéi 700 Wëssenschaftler aus 90 Länner hunn de Rapport zesummegedroen.
D’AFP huet nach aner Behaaptungen iwwer de Klimawandel iwwerpréift.
Dësen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.