Scroll Top

Faktencheck: Selenskyj huet Evakuéierung vun ziviller Bevëlkerung net ënnersot

Faktencheck: Selenskyj huet Evakuéierung vun ziviller Bevëlkerung net ënnersot - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj ass dacks Zilscheif vun Desinformatiounscampagnen. Am Juni 2025 hunn Notzerinnen an Notzer vu soziale Plattforme en Interview gedeelt, an deem de Selenskyj angeeblech behaapt hätt, hie géif d’Zivilbevëlkerung als “mënschlech Schutzschëlter” asetzen.

AFP-Recherchen hunn erginn, dass d’Interviewsequenz, déi aus dem Joer 2022 staamt, aus dem Kontext gerappt gouf. Am Originalvideo hat de Selenskyj erkläert, dass d’Regierung de Mënschen hëllefe géif, déi belagert Stied ze verloossen, wa si dat hire Wonsch wär.

“#Sumy brauch Zivilisten als Schutzschëlter”,  housch et an engem Facebook-Bäitrag vum 11. Juni 2025. Dobäi gouf e Video gedeelt, an deem den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj op Ukrainesch sot: “Wann d’Stad eidel ass, gëtt et méi einfach, se anzehuelen.” Dowéinst wéilt de Selenskyj, “dass d’Zivilbevëlkerung als mënschleche Schutzschëld dobleift”, stoung weider am Bäitrag, deen och op Telegram am Ëmlaf war.  D’Behaaptung war och op Tschechesch, Englesch souwéi Franséisch gedeelt ginn.

Am Bäitrag ass en 13 Sekonne laange Video dran, deen de Selenskyj bei engem Interview mam Schwäizer Reporter Darius Rochebin op Ukrainesch weist. Den ukrainesche Staatschef sot doran awer och: “De Staat muss Korridoren a Méiglechkeete fir eng Evakuéierung bereetstellen.”

RTL © AFP

Säi Statement gëtt och duerch englesch Ënnertitel beluecht, mee d’Beschreiwung vum Bäitrag iwwer dem Selenskyj seng Politik a Bezuch op Korridoren an Evakuéierung ass mëssverständlech.

Wat de Selenskyj am Interview 2022 wierklech sot

Mathëllef vun enger ëmgekéierter Billersich vu Screenshots aus dem Clip huet d’AFP erausfonnt, dass de Clip vun 13 Sekonnen aus engem Interview vum 16. Dezember 2022 mam Rochebin fir de franséischen Norichtesender LCI staamt. Dofir schwätzt, dass eng Rei Elementer wéi dem Selenskyj seng Kleedung, de Kannapee, den ukrainesche Fändel souwéi déi wäiss Dier mat gëllene Grëffer am Hannergrond iwwereneestëmmen.

Den ursprénglechen Interview, deen ongeféier zéng Méint nom Amarsch vu Russland an d’Ukrain gefouert gouf, huet bal 36 Minutte gedauert. Den an den ierféierende Bäiträg gedeelten Extrait daucht bei Minutt 03:03 am Originalinterview op, wéi de Journalist Rochebin de Selenskyj gefrot hat: “Bedeit dat, dass Dir Kiew ëm all Präis hale wäert – dass Kiew net evakuéiert gëtt?”

De Selenskyj hat geäntwert: “Dat ass genee eis Absicht; hei praktizéiere mir keng Sklaverei, mir sinn eng demokratesch Gesellschaft.” D’Mënsche kéinte goen, wa si dat wéilten, wa si dat gär maache géifen, sot de President. Weider: “An dat ass normal, mir wäerte kee géint säi Wëlle festhalen.” Uschléissend hat hie bäigefüügt: “Awer ech wëll soen, dass jiddereen hei fest entschloss ass, säi Land a seng Familljen ze verdeedegen.”

Doropshi kënnt de Saz, deen am 13-Sekonne-Clip erausgeschnidden an aus dem Kontext gerappt a Sozialen Netzwierker gedeelt gouf: “An e puer Fäll mussen d’Mënsche goen. An de Staat muss Korridoren a Méiglechkeete fir eng Evakuéierung bereetstellen, dat ass alles. Awer ech wëll Iech ganz kloer soen: Wann d’Stad eidel ass, wäert et méi liicht sinn, se anzehuelen.”

De Selenskyj hat hunn e Beispill fir Stied an der ëstlecher Donbass-Regioun genannt, déi vu russeschen Truppe besat goufen, nodeem d’lokal Populatioun zur Flucht gezwonge gi war.

Aberuffsungssystem an der Ukrain an der Kritik

De System vun der Aberuffung an der Ukrain gouf an der Vergaangenheet als ineffizient a korrupt kritiséiert. Dat hat den ukrainesche President Wolodymr Selenskyj am Joer 2023 dozou beweegt, all fir d’Aberuffung zoustänneg Rekrutéierungsbeamten ze entloossen.

D’Ukrain versicht, Bierger, déi sech dem Arméidéngscht entzéien, dozou ze beweegen, zeréck an d’Land ze kommen, well d’Arméi am Kampf géint Russland ënner Personalmangel leit. Iwwer véier Milliounen Ukrainerinnen an Ukrainer hunn an EU-Länner en temporäre Schutzstatus kritt, ongeféier 22 Prozent dovu sinn erwuesse Männer, wéi d’EU-Statistikagence Eurostat festgehalen huet.

RTL © AFP

Am August 2022 hat de Selenskyj d’Ukrainerinnen an d’Ukrainer op en Neits opgefuerdert, Evakuéierungsbefeeler ze befollegen, well russesch Attacken zu Donezk, enger anerer Regioun no un der russescher Grenz, zougeholl haten. Vill haten awer gezéckt, hir Heemecht ze verloossen, well hinnen d’Mëttel fir en Neiufank gefeelt hunn oder si keen anert Ënnerdaach haten.

Am Mee 2025 goufen eelef Dierfer an der u Russland grenzender ukrainescher Regioun Sumy evakuéiert, aus Suerg virun enger groussugeluechter russescher Offensiv.

Wéi et ëm d’Ënnerstëtzung fir d’Ukrain steet

Wärend den nordkoreaneschen Diktator Kim Jong Un Mëtt Juli 2025 Russland “bedéngungslos” Ënnerstëtzung an der Ukrain zougeséchert huet, hate sech d’Ausseministerinnen a -ministere vun den EU-Länner schonn Enn Juni 2025 op weider Ënnerstëtzung fir Kiew gëeenegt. Den US-President Donald Trump an den NATO-Generalsekretär Mark Rute hu sech de 14. Juli 2025 op Waffeliwwerunge fir d’Ukrain verstännegt.

Eenzel EU-Länner hu sech manner solidaresch gewisen. Am Joer 2024 zum Beispill goufe Militärhëllefen an Héicht vun 1,4 Milliarden Euro souwéi Sanktioune géint Russland géint de Wëlle vun Ungarn decidéiert.

Eleng Däitschland huet bis elo zivil Ënnerstëtzung am Wäert vu ronn 34 Milliarden Euro a militäresch Ënnerstëtzung an Héicht vu ronn 38 Milliarden Euro fir d’Ukrain geleescht an zielt domat zu deene Staaten, déi d’Ukrain am meeschten ënnerstëtzen.

Als eent vun de bis elo leschten EU-Länner huet dat neutraalt Éisträich de Selenskyj de 16. Juni 2025 empfaangen. D’Treffe war vu symbolescher Bedeitung. De Bundespresident Alexander Van der Bellen sot, dass Wien “militäresch neutral, awer kengesfalls politesch” neutral wär. An Éisträich hat d’rietspopulistesch FPÖ ëmmer nees géint Optrëtter vum Selenskyj protestéiert.

All d’Faktenchecken iwwer de Krich an der Ukrain sammelt d’AFP op hirer Internetsäit.

Fazit: Notzerinnen an Notzer hunn e Video verbreet, no deem den ukrainesche President Selenskyj angeeblech ugekënnegt hätt, d’zivil Bevëlkerung als “mënschlech Schutzschëlter” asetzen ze wëllen. AFP-Recherchen ergoufen, dass d’Interviewsequenz, déi aus dem Joer 2022 staamt, aus dem Kontext gerappt gouf. Villméi hat de Selenskyj deemools erkläert, dass d’Regierung de Mënsche bei der Evakuéierung aus belagerte Stied hëllefe géif.

Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.
EU Flag
Kooped vun der Europäescher Unioun