Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Trump kënnt net zeréck op Twitter, nodeem den Elon Musk d’Plattform iwwerholl huet

Faktencheck: Trump kënnt net zeréck op Twitter, nodeem den Elon Musk d'Plattform iwwerholl huet - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Nodeem Twitter de 27. Oktober vum High-Tech-Milliardär Elon Musk iwwerholl gouf gëtt am Internet iwwer e Retour vum eemolegen US-President Donald Trump op d’Plattform spekuléiert. Dat ass awer eng Fälschung. E Spriecher vum eemolege President huet op Twitter dorop higewisen, dass et dës Noriicht ni ginn hätt.

Dosende User hunn dat angeeblecht Statement vum Trump Enn Oktober 2022 op Facebook gedeelt. Dausenden hunn entspriechend Noriichten op Telegram gesinn. D’Meldung gouf och op Englesch, Spuenesch a Griichesch propagéiert.

D’Behaaptung: An der falscher Matdeelung vum Trump soll den eemolege President dem Entrepreneur Elon Musk zur Acquisitioun vun Twitter felicitéiert hunn. “Mir gouf gesot, mäin Account wär e Méindeg nees accessibel – mir wäerte gesinn”, stoung an der Matdeelung.

RTL Facebook-Screenshot der Behauptung: 31.10.2022

Den angeebleche Statement vum Trump gouf online propagéiert, kuerz nodeem de Grënner vun Tesla Elon Musk d’Online-Plattform de 27. Oktober fir 44 Milliarden US-Dollar kaaft hat. De Dag duerno huet de Musk ugekënnegt, e Gremium schafen ze wëllen, deen zentral Decisiounen iwwer d’Moderatioun vum Contenu souwéi Notzer, déi gespaart goufen, treffe sollt.

An engem Tweet vum 28. Oktober 2022 huet den Elon Musk geschriwwen: “Twitter wäert e Conseil fir d’Moderatioun vu Contenuen asetzen, an deem ganz ënnerschiddlech Siichtweise vertruede sinn. Virum Asetze vun dësem Gremium gi keng gréisser Decisiounen iwwer de Contenu oder d’Restitutioun vu Konten getraff.”

De Musk hat schonn am Mee 2022 ugedeit, dass hien d’Spär vum Trump op Twitter ophiewe wéilt. Den Twitter-Account vum eemolegen US-President gouf den 8. Januar 2021, zwee Deeg nom Stuerm op d’US-Kapitol, vun der Plattform gespaart. Trump-Unhänger hate bei der Erstiermung vum Kapitol, dem Sëtz vum US-Kongress, stonnelaang fir Gewalt a Chaos gesuergt. D’Deputéiert hu missten a Sécherheet bruecht ginn.

D’Plattform hat deemools erkläert, dass d’Oprechterhale vum Trump sengem Twitter-Kont mat méi wéi 80 Millioune Supporteren e “Risiko fir e weidert Opkomme vu Gewalt” duerstelle géif. Och Facebook hat den Trump gespaart, éier hien aus dem Amt gescheet war.

Statement staamt net vum Trump

Déi angeeblech Matdeelung soll d’Leit menge loossen, wéi wann dës vu “Save America”, enger Organisatioun, déi dem Donald Trump gehéiert, verschéckt ginn. D’Deklaratioun ass awer weder um Internetsite vu “Save America” ze fannen, nach gouf se un d’Redaktioune vun der AFP geschéckt, déi an der Mailinglëscht vun der Organisatioun befannen.

Den Taylor Budowich, de Spriecher vu “Save America”, huet eng Rei vu Bäiträg vu bekannte Memberen aus dem Trump sengem Ëmfeld op Twitter mat Hiweis gedeelt, dass d’Ausso falsch wär.

Dorënner ass och en Tweet vum eemolege Walkampfmanager vum Donald Trump, dem Brad Parscale ze fannen. Hie war 2016 fir den Opbau vun der politescher Berodungsplattform Campaign Nucleus verantwortlech.

An engem Tweet housch et: “Dat ass offensichtlech e Fake. Wann et net aus dem Pressesystem vu @campnucleus kënnt, ass et Fake.”

RTL Twitter-Screenshot von Parscales Beitrag: 28.10.2022

 

Nodeem dem Trump säin Twitter-Kont gespaart gouf, huet den eemolegen US-President am Februar 2022 seng eege Plattform Truth Social lancéiert.

An engem Message op Truth Social vum 28. Oktober huet den Trump dem Musk fir de Kaf vun Twitter gratuléiert. Doran huet den Trump weider erkläert: “Ech si ganz frou, dass Twitter elo a kompetenten Hänn ass an net méi vu lénksradikale Spënner a Verréckten bedriwwe gëtt, déi eist Land wierklech haassen.”

Den Trump huet awer net gesot, dass hien zeréck op Twitter komme géif. De Musk wär e “gudde Mann”, deen Twitter “Verbesserunge” brénge géif, sot den Trump dem Noriichtesender Fox News, awer hie wéilt op “Truth Social” bleiwen. “Ech hunn et méi gär, ech hunn d’Aart a Weis, wéi et funktionéiert, gär, ech hunn den Elon gär, awer ech bleiwe bei Truth.”

Aktivistinnen an Aktiviste fäerte wéinst der Acquisitioun vun Twitter duerch de Musk, dass Belästegungen a Feelinformatiounen op der Plattform zouhuele kéinten. Den Entrepreneur huet matgedeelt, hie géif wëssen, dass Twitter “net zu enger Plaz ka ginn, wou am Haische gespronge gëtt, wou alles ouni Konsequenze gesot ka ginn”.

Fazit: Dat vermeintlecht Statement vum Trump iwwer d’Acquisitioun vun Twitter duerch den Elon Musk ass gefälscht. Dorop weisen eng Rei Leit aus dem Trump sengem Ëmfeld hin. Den eemolegen US-President huet an engem Interview erkläert, hie géif plangen op senger Plattform “Truth Social” ze bleiwen.

Dësen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.