Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Uschwäerzen, wann Noperen ze waarm hëtzen?

Faktencheck: Uschwäerzen, wann Noperen ze waarm hëtzen? - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Dat gëtt an Éisträich diskutéiert, well e gefälscht Plakat mat der Energieministesch am Ëmlaf ass. Wéinst de klammende Stroum- a Gaspräisser rifft déi éisträichesch Regierung aktuell zum Energiespueren op.

Op Facebook deelen Userinnen an User Mëtt September e supposéiert Plakat vum éisträicheschen Energieministère. Virdrun hat den FPÖ-Politiker Maximilian Krauss dat Bild gedeelt an domat honnerte User erreecht. Hien huet d’Bild genotzt, fir virun enger méiglecher Zukunft ze warnen, an där “déi Gréng och nach an eis Wunnenge kommen, fir d’Raumtemperatur ze kontrolléieren”.

RTL Facebook-Screenshot der Behauptung: 15.09.2022

Virdru war schonn en änlecht falscht Plakat zirkuléiert, mat deem Mënschen an der Schwäiz angeeblech dozou opgefuerdert goufen, hir Noperen ze mellen. D’AFP huet dës Behaaptung widderluecht.

Ministère dementéiert

D’AFP huet beim Bundesministerium für Klimaschutz, Umwelt, Energie, Mobilität, Innovation und Technologie nogefrot. E Spriecher vum BMK huet geschriwwen: “Dat Plakat staamt net aus dem Klimaschutzministère. D’Ëmsetzung vun der Campagne vun den Tuyauen, fir Energie ze spueren, baséiert selbstverständlech op Fräiwëllegkeet.”

D’Nummer, déi um Plakat dropsteet, féiert ausserdeem net zu enger Hotline, bei där ee Raumtemperature melle kann. D’Nummer gehéiert zum Gebai vum BMK an der Radetzkystraße zu Wien. D’AFP huet do de 15. September ugeruff. E Mataarbechter huet verséchert, dass him esou eng Aktioun net bekannt wär.

Energiespuerpläng an Éisträich

Den 12. September 2022 huet d’Madamm Gewessler eng Energiespuercampagne mam Numm “Mission 11presentéiert, déi e Spuere vun Energie vun eelef Prozent upeilt. Och d’Theema Hëtze gëtt doran ugeschwat. De Ministère recommandéiert, d’Hëtztemperatur ëm zwee Grad ze senken, Heizkierper ze entlëften an Dieren zu net gehëtzte Raim zouzemaachen.

D’Sujete vun der Campagne ënnerscheede sech schonn optesch vum soi-disant BMK-Plakat, dat aktuell gedeelt gëtt. D’Campagne “Missioun11” setzt op grouss Drockschrëft a ville Faarwen. Dat supposéiert Plakat benotzt par conter eng Foto, déi d’Ministesch op der Websäit vum Ministère an op Facebook als hir Profilfoto benotzt.

Aner echt Fotoe vum Ministère sinn ausserdeem dacks mat engem Éisträich-Logo am lénksen ieweschten Eck gekennzeechent, dat keen Text enthält – anescht wéi dat gedeelt Plakat.

D’Ministesch Gewessler huet sech Ufank September och eng Maximaltemperatur vun 19 Grad a munchen Administratiounsgebaier gewënscht, wéi zum Beispill Gemengen. A Schoulen oder Klinicke soll dat net gëllen, geneesou wéineg wéi a private Raim. Verflichtend ass d’Recommandatioun fir dat privat Energiespueren awer net: “D’Recommandatioune stellen zu kengem Zäitpunkt eng Flicht duer”, heescht et aus dem Ministère.

Aktuell gëtt et an Éisträich och keng Gesetzer, déi et verbidden, déi eege Wunneng op iwwer 19 Grad ze hëtzen, géint déi en Noper verstousse kéint. “Et gëtt keng entspriechend Reegelungen, déi d’Hëtztemperatur a private Raim aschränkt”, huet de Spriecher vum Ministère erkläert.

Fazit: E Plakat, dat aktuell gedeelt gëtt an déi éisträichesch Energieministesch Leonore Gewessler weist, wéi si dozou oprifft, Noperen, déi ze waarm hëtzen, unzeschwäerzen, ass gefälscht. Den zoustännege Ministère huet d’Echtheet vum Plakat, dat op Facebook gedeelt gouf, dementéiert.

Dësen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.