Scroll Top

Faktencheck: Video vu Bränn an Israel gouf mat KI generéiert

Faktencheck: Video vu Bränn an Israel gouf mat KI generéiert - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

Enn Abrëll 2025 ware schlëmm Bëschbränn wärend e puer Deeg ronderëm d’Stad Jerusalem aktiv. Fotoen a Videoen vun dëse “ganz grave” Bränn, wéi israeelesch Medie se genannt hunn, goufen am Internet ganz staark gedeelt.

Dës Well u reelle Biller gouf ausgenotzt, fir e Video ze verbreeden, an deem e risegen Inferno an enger apokalyptescher Zeenerie ervirgehuewe gëtt. Ausserdeem gouf behaapt, dass dës Bränn an Israel waren.

Dat stëmmt awer net. Dës Biller goufe mat Hëllef vu Kënschtlecher Intelligenz (KI) hiergestallt, wéi vun de Createure vum Originalvideo matgedeelt gouf.

“Et ass schlëmm an Israel. Feier, Sandstuerm… virun enger Zäitchen huet een dat e gëttlechen Zorn genannt…”. Sou steet et an der kuerzer Beschreiwung vun engem 31 Sekonne laange Video, deen den 1. Mee 2025 publizéiert gouf a weist, wéi e giganteschen Inferno eng Stad verschléngt.

Dëses kuerze Video, an deem ee gesäit, wéi Rettungsgefierer mat héijer Vitess fueren, wärend d’Flame Wunnhaiser a Bëscher bei engem Hang verschléngen, gëtt an enger Rëtsch Facebook-Bäiträg opgegraff, wéi zum Beispill hei oder hei. Dës hunn zesummen iwwer 100 Kommentare kritt a goufen d’selwecht vill gedeelt a gelikt.

RTL © AFP

Israel hat Enn Abrëll effektiv mat heftege Bëschbränn ze kämpfen, déi mëttlerweil vun de Pompjeeën ënner Kontroll bruecht goufen. D’Ursaach vun de Bränn ass offiziell nach net bekannt, och wann den israeelesche Minister fir national Sécherheet, den Itamar Ben Gvir, ugedeit huet, dass et sech ëm Brandstëftung handele kéint.

Et kéint sech ëm de “gréisste Brand an Israel zënter engem Joerzéngt” handelen, hat de Kommandant vun de Pompjeeën den 30. Abrëll 2025 bei enger Pressekonferenz geschat (AFP-Meldung hei archivéiert). D’Feier huet 2.000 Hektar Bësch vernicht an 20 Leit liicht blesséiert, sou de leschte Bilan, deen d’israeelesch Pompjeeën den 1. Mee un den AFP-Büro zu Jerusalem iwwermëttelt hunn.

De Video, deen an de Sozialen Netzwierker gedeelt gëtt, weist awer net déi schlëmm Bränn an Israel. E gouf nämlech scho viru fënnef Méint mat Kënschtlecher Intelligenz (KI) generéiert.

E Video, dee mat KI generéiert gouf

Wann ee sech de Video méi genee ukuckt, falen engem e puer visuell Detailer op, déi dorop hindeiten, dass e mat KI generéiert gi si kéint. Et gëtt Ongereimtheete bei der Kontinuitéit vun de Stroumleitunge bei e puer Masten oder bei Gefierer, déi sech op Stroosse vijenzeg beweegen an da stënterlech verschwannen.

D’Biller schéngen och zimmlech kloer a schéin ze sinn, bal ästheetesch, “ze perfekt”, fir d’Realitéit erëmzespigelen, besonnesch fir esou e chaoteschen a schlëmme Moment wéi e Brand. Ze “perfekt” Biller a visuell Inkonsistenze sinn zwee typesch Hiweiser op KI-generéiert Contenuen, wéi een op der AFP-Internetsäit erkläert kritt.

Et kann een de Video mat engem KI-Erkennungstool, wéi Hive AI Detector, iwwerpréiwen, wéi héich d’Warscheinlechkeet ass, dass dëse Contenu mat Kënschtlecher Intelligenz generéiert gouf. Den Tool schätzt fir dëse Video, dass e “warscheinlech mat KI generéiert” gouf, mat enger Warscheinlechkeet vun 93,9 Prozent.

RTL © AFP

Fir Gewëssheet ze kréien, kann ee versichen, den Ursprong vum Video mat Hëllef vun enger ëmgekéierter Billersich ze ermëttelen. Dobäi fënnt een eraus, dass dës Biller schonn e puermol opgedaucht sinn, laang virun de Bränn an Israel. Dat eelst Bild datéiert vum 10. Januar 2025 a verweist op en Instagram-Post vum Kont ia_creatiions, enger Säit, déi sech speziell der Grafik-Gestaltung mat KI verschriwwen huet.

An der Bildënnerschrëft vum Post heescht et, dass et sech ëm eng “KI-generéiert Duerstellung vu Feier, déi eng global Erwiermung ausléise kënnen” handelt. Am Bäitrag ass och den Hashtag “AiArt” ze gesinn.

Schonn an der Vergaangenheet aus dem Kontext gerappt

Éier dëse KI-generéierte Video fälschlecherweis benotzt gouf, fir d’Bränn an Israel vun Enn Abrëll ze visualiséieren, gouf e schonn am Ufank vu sengem Opdauche vun anere Konte verbreet, déi behaapt haten, hei wären d’Bränn zu Los Angeles, déi am Januar 2025 d’amerikanesch Stad an hir Ëmgéigend heemgesicht haten, op d’mannst 30 Mënschen d’Liewe kascht a méi wéi 150 Quadratkilometer Land vernicht haten, ze gesinn (AFP-Meldung hei archivéiert).

“D’Apokalyps vu Los Angeles”, sou den Titel vum Bäitrag, deen iwwer 2.200 Reaktioune krut. Eng Rei Faktencheck-Organisatiounen hate sech deemools géint dës Desinformatioun auserneegesat, wéi zum Beispill AfricaCheck op Franséisch oder NewsMobile a Factly an englescher Sprooch.

D’Benotze vun dekontextualiséierten oder KI-generéierte Contenue a Momenter vun Naturkatastrophen ass e Klassiker vun der Desinformatioun am Internet. D’AFP-Faktencheck-Team huet schonn e puer Falschmeldungen am Zesummenhang mat de Bränn zu Los Angeles iwwerpréift (1, 2).

Och bei de Bränn an Israel ass dat de Fall. Nieft dem hei verifizéierte Video huet d’AFP-Faktencheck-Team eng Rëtsch falsch Contenuen, déi mat de jéngste Bränn a Verbindung bruecht ginn, identifizéiert a widderluecht (op Englesch : 1, 2, 3).

Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.