Scroll Top

Faktencheck: Video vu rumänesche Fans, déi beim EM-Match géint d’Ukrain “Putin” ruffen, ass manipuléiert

Faktencheck: Video vu rumänesche Fans, déi beim EM-Match géint d'Ukrain "Putin" ruffen, ass manipuléiert - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Rumänien hat sech de 17. Juni 2024 am Match an der Gruppephas 3:0 géint d’Ukrain duerchgesat. A Sozialen Netzwierker ass zënterhier e manipuléierte Video am Ëmlaf, an deem rumänesch Fans op den Tribünen angeeblech “Putin, Putin” jäizen. Den Toun gouf awer ausgetosch a staamt aus engem Clip vun 2021. Dëse Clip weist ukrainesch Supportere bei Riff géint de russesche President wärend engem Futtballmatch.

Wärend dem EM-Match zu München gouf et keng “Putin”-Riff, wéi Opzeechnunge vum Futtballmatch a vun AFP-Journalisten op der Plaz confirméieren.

24 europäesch Ekippe spille bei der UEFA-Europameeschterschaft vum 14. Juni bis de 14. Juli 2024 an Däitschland géinteneen ëm den EM-Titel. Wärend dem Match Rumänien géint d’Ukrain de 17. Juni solle rumänesch Fans am Münchener Stadion “Putin” geruff hunn, dat suggeréiert e Video a Bäiträg op Facebook, X an Telegram. Am Februar 2022 haten d’FIFA an d’UEFA no der russescher Invasioun an der Ukrain déi russesch Ekipp vun allen Turnéieren ausgeschloss.

RTL © AFP

De Clip ass a verschiddene Sprooche wéi Ungaresch, Thai, Vietnameesesch, Arabesch a Griichesch am Ëmlaf. Vill vun de Posts bezéie sech op e Bäitrag op der Plattform X vun engem User mam Numm “Lord Bebo”, deen dacks Falschinformatioune verbreet. Och op e puer franséischen, bulgareschen a russeschen Internetsäiten ass de Video ze fannen.

Toun staamt vun eelerem Video

De Video gouf awer manipuléiert. An de Sozialen Netzwierker huet en eng Debatt ausgeléist, in där vu pro-ukrainesche Notzer op der Plattform X behaapt gouf, d’Fans géife Beleidegungen iwwer de Putin skandéieren. Dës Behaaptung schéngt awer och falsch ze sinn. En zweete Clip, deen zesumme mam Video als Beweis gedeelt gouf, weist net de Münchener Stadion, wou de Match gespillt gouf.

Am Video sinn effektiv Fans a giele Rumänien-Trikote mat blo-giel-roude Bännercher wärend dem Match an der Gruppephas Ukrain géint Rumänien zu München ze gesinn, den Toun schéngt awer aus engem Video aus dem Joer 2021 ze stamen (hei archivéiert), wéi d’AFP duerch verschidde Stéchwierdersichen erausfonnt huet. De Clip vu virun dräi Joer ass op YouTube ze fannen a weist ukrainesch Supporteren (och a giel), déi de russesche President wärend dem EM-Match Ukrain géint Éisträich den 21. Juni 2021 am Nationalstadion zu Bukarest beleidegen.

Am Verglach mam aktuell Video, deen an de soziale Medien den Tour mécht, schéngen déi beleidegend Deeler aus dem Clip vun 2021 erausgeschnidden an dem Putin säin Numm als Toun am Hannergrond fir de manipuléierte Video benotzt ginn ze sinn. Ofgesinn dovu sinn de Gesang an d’Trommelen identesch.

Medieberichter no huet dëse Fangesang säin Ursprong am Joer 2014, wéi verschidden ukrainesch Futtballfans ugefaangen haten, “Путін – хуйл” (“Putin khuylo”, wat sou vill heescht wéi “Putin ass en Aaschlach”) am Zesummenhang mat der europafrëndlecher Maidan-Beweegung an dem russesch-ukrainesche Krich 2014 ze skandéieren.

Keen Hiweis op Fangesang wärend dem EM-Match 2024

Trotz méi schlechter Qualitéit vum Video kann een den Zäitpunkt vun der Opnam unhand vum Schied vum Stadiondaach op dem Spillfeld aschätzen. Deemno gouf de Video ongeféier an der 34. Spillminutt opgeholl. An der offizieller Opzeechnung vum Match ass kee Fangesang wéi am propagéierte Video ze héieren.

AFP-Journalisten a -Fotografen, déi de Match am Stadion verfollegt hunn, hunn och keng esou Parollen wouergeholl. E rumäneschen AFP-Journalist huet erkläert, et géif keng nennenswäert Fäll, an deene rumänesch Fans Putin-frëndlech Messagë skandéiert hätten.

Den Organisateur, den europäesche Futtballverband UEFA, ënnersicht reegelméisseg problematesch Verhalensweise vu Supportere wärend de Matcher, wéi beim Spill tëscht Serbien an England de 16. Juni 2024. Do wär e Message iwwermëttelt ginn, deen näischt mat enger Sportveranstaltung ze dinn hätt, huet de Verband op senger Internetsäit (hei archivéiert) matgedeelt. Serbesch Supporteren hate Bannere gewisen, déi d’Onofhängegkeet vum Kosovo a Fro gestallt hunn. A Bezuch op de Match Rumänien géint d’Ukrain gëtt et keng Indicen op eng änlech Reklamatioun oder Enquête.

UEFA nennt Video “eng Fälschung”

Op Ufro vun der AFP huet d’UEFA den 18. Juni 2024 confirméiert, dass de Video, deen am Ëmlaf ass, “eng Fälschung” wär an huet de Fall net weider kommentéiert. Der Norichtenagence AP no hat de Verband d’Sécherheetspersonal virum Match ugewisen, keng russesch Fändele wärend dem Match géint d’Ukrain am Stadion ze erlaben.

Nieft der Europameeschterschaft ginn och d’Olympesch Summerspiller 2024 zu Paräis fir d’Verbreedung vu prorussescher Propaganda genotzt. A Sozialen Netzwierker gouf en ierféierende Video verbreet, deem no wärend enger Fluchshow zu Paräis angeeblech de russeschen amplaz de franséische Fändel an den Himmel gemoolt gi wär, obwuel dat net de Fall war.

Fazit: Den Toun vun engem Video vu rumänesche Fans am Stadion beim EM-Gruppematch Rumänien géint d’Ukrain gouf manipuléiert a staamt aus engem Clip aus dem Joer 2021. Wärend dem Match vum 17. Juni 2024 zu München goufe keng “Putin”-Gesäng skandéiert, wéi och AFP-Journalisten, déi op der Plaz waren, souwéi offiziell Opname vum Match beleeën. Och den Organisateur, d’UEFA, huet de Video als Fälschung bezeechent.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.