De Krich tëscht Israel an der Hamas huet zënter dem Ugrëff vun der radikalislamescher Terrororganisatioun de 7. Oktober an de Vergeltungsschléi vun der israeelescher Arméi an der Gazasträif Dausende vun Doudege gefuerdert. An dësem Zesummenhang si vill viral Videoen a sozialen Netzwierker am Ëmlaf, fir de Konflikt ze dokumentéieren, awer och eng Zuel un Desinformatiounen. Dozou zielt e Video, an deem een Zaldoten aus engem Fliger klamme gesäit.
Méi wéi 1.400 Mënsche goufen de 7. Oktober 2023 op israeeleschem Buedem vun Hamas-Kämpfer ëmbruecht, déi meescht vun hinne goufe vu Kugelen zerschoss, bei liewegem Läif verbrannt oder mutiléiert, sou déi israeelesch Autoritéiten. Ongeféier 1.500 Hamas-Kämpfer goufe bei der Géigenoffensiv ëmbruecht, déi et Israel erméiglecht huet, d’Kontroll iwwer déi attackéiert Gebidder zeréckzegewannen, sou déi israeelesch Arméi. D’Hamas hat méi wéi 200 Geisele geholl, dorënner Auslänner aus méi wéi 20 Länner, déi an der Gazasträif festgehale ginn.
Op palästinensescher Säit goufen den Donnéeë vum Gesondheetsministère vun der hamasgeféierter Regierung no den 31. Oktober méi wéi 8.500 Mënschen an der Gazasträif ëmbruecht, déi meescht dovun Zivilisten. Ganz Staddeeler goufen dem Äerdbuedem gläichgemaach a sinn ouni Waasser, Narung a Stroum. Méi wéi eng hallef Millioun Mënsche goufen zënter der israeelescher Belagerung vun der Gazasträif den 9. Oktober verdriwwen. D’Gazasträif ënnerläit schonn zanterdeem d’Hamas am Joer 2007 d’Muecht iwwerholl huet, enger Land-, Mieres- a Loftblockad.
Zënter dem 7. Oktober an diversen Demonstratioune fir Israel säitens der US-Regierung hunn déi amerikanesch Aktivitéiten am Noen Osten ëmmer méi Opmierksamkeet an de Medie kritt.
An dësem Zesummenhang zirkuléiere vill Desinformatiounen an de sozialen Netzwierker zu dësem Sujet.
Video vun amerikanesche Fallschiermjeeër a Rumänien aus dem Joer 2022
Dat ass bei engem Video de Fall, deen an diverse Sproochen an op diverse Plattforme wéi X (fréier Twitter), TikTok a Facebook diffuséiert gëtt. Et sinn Zaldoten ze gesinn, déi nuets mat hirer Ausrüstung aus engem Fliger klammen.
© AFP
D’Beschreiwungen zu deem Video schwätze vun “Dausenden” US-Zaldoten, “enger Arméi”, “Marines vun der US Navy” oder “Marines vun der US Air Force”, déi an Israel “landen”, fir der israeelescher Arméi zur Säit ze stoen.
Eng ëmgekéiert Billersich erméiglecht et awer, d’Orignialversioun vum Video ze fannen: En datéiert vum 28. Juni 2022 an domat wäit virum Konflikt am Noen Osten (Archiv).
Et gëtt och Fotoen op der offizieller Internetsäit vun der US Army, déi zur selwechter Zäit geschoss goufen. Hei liest een, dass et sech ëm déi 101. Loftdivisioun vun der US Army handelt, déi a Rumänien ukënnt, fir en NATO-Kontingent opzestellen an u militäreschen Übunge mam alliéierten europäesche Land deelzehuelen (Archiv).
© AFP
Et kann een d’Silhouettë vun Zaldoten um Fouss vum Fliger erkennen, wat sécherstellt, dass et sech ëm déi selwecht Sequenz handelt, déi an de virale Videoen an de sozialen Netzwierker gewise gëtt.
Verstäerkt US-Militärcapacitéiten am Noen Osten
Zënter dem 7. Oktober 2023 vervillfache sech d’Falschinformatiounen iwwer eng US-Buedeminvasioun oder d’Arrivée vun Truppen op israeeleschem Buedem, woubäi allkéiers Biller aus der Virkrichszäit oder baussent dem Konflikt nees benotzt ginn.
Als primäre politeschen a militäresche Schutzpatroun vun Israel hunn d’USA eng Rei vu Moossnamen ugekënnegt, fir hir Presenz an der Regioun ze verstäerken, vun deenen awer bis elo keng eng militäresch Stationéierung um Buedem un der Säit vun Israel virgesäit.
De 15. Oktober huet den US-Verdeedegungsminister Lloyd Austin, der AFP no, d’Entsendung vun engem zweete Fligerträger un déi zypriotesch Küst ugekënnegt, fir “feindlech Aktioune géint Israel oder all Effort, dëse Krich no der Attack vun der Hamas méi grouss ze maachen, ofzeschrecken” (Archiv).
Ongeféier 2.000 Membere vum US-Militär goufen am Noen Osten an Alarmbereetschaft versat, fir Israel ze ënnerstëtzen, sou e Communiqué vum US-Verdeedegungsministère vum 17. Oktober (Archiv). “Et gouf nach keng Decisioun iwwer d’Stationéierung vun Truppe getraff”, huet de Ministère betount, deen den 23. Oktober och d’Entsendung vu “Militärberoder” an Israel am Virfeld vun der Buedemoffensiv an der Gazasträif ugekënnegt huet, sou d’AFP (Archiv).
De Pentagon huet matgedeelt, de 27. Oktober als Reaktioun op eng Rei vu Loftattacken op US-Stützpunkten am Irak an a Syrien “legitim a prezis Verdeedegungsugrëffer” géint zwou Ariichtunge vun den iranesche Revolutiounsgarden an “alliéierte Gruppen” an Ostsyrien duerchgeféiert ze hunn, wéi et an dëser AFP-Matdeelung erkläert gëtt (Archiv).
Ongeféier 2.500 US-Zaldote sinn am Irak an ongeféier 900 weiderer a Syrien am Asaz, fir en Erëmopliewe vum Islamesche Staat (IS) ze verhënneren.
E franséischt Spidolsschëff um Wee op Gaza
Doriwwer eraus gëtt a ville Beschreiwungen, mat deenen de Video gedeelt gëtt, erwäänt, dass Frankräich e Fligerträger mat Helikopteren an d’Gewässer vun der Gazasträif geschéckt hätt.
© AFP
A Wierklechkeet handelt et sech ëm d’Konstruktioun aus der Kategorie Mistral “Tonnerre”, en amphibeschen Helikopter-Träger, deem seng Entsendung “fir d’Ënnerstëtzung vun de Spideeler” zu Gaza vum franséische President Emmanuel Macron de 25. Oktober 2023 ugekënnegt gouf.
Den Tonnerre ass eng grouss Konstruktioun un der Mistral-Kategorie. Bei den 199 Meter laange Schëffer handelt et sech ëm “porte-hélicoptères amphibies (PHA)”, déi den Donnéeë vum franséische Verdeedegungsministère no “capabel sinn, kuerzfristeg Krisemanagement-, Transport-, sanitär oder medezinesch Evakuéierungsoperatioune mat amphibeschen an aeromobille Moyenen duerchzeféieren”.
Zënter der Attack vum 7. Oktober huet d’AFP zuelräich Verëffentlechungen an de sozialen Netzwierker iwwerpréift, déi a franséischer Sprooch op der Internetsäit vu Factuel disponibel sinn.
Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.