Scroll Top

Faktencheck: Zeen aus Western-Film gëtt als Hiriichtung am Iran duergestallt

Faktencheck: Zeen aus Western-Film gëtt als Hiriichtung am Iran duergestallt - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

No Informatioune vu Mënscherechtsgruppen hunn iranesch Autoritéiten am Kader vun der Repressiounswell nom 12 Deeg laange Konflikt mat Israel Honnerte vu Mënsche verhaft an Dosenden higeriicht.

E Bild, dat a Sozialen Netzwierker gedeelt gouf, weist awer keng Persounen, déi an der Islamescher Republik erhaange gi sollen.  D’Bild weist villméi eng Zeen aus dem Western-Film “Hang ‘Em High” aus dem Joer 1968.

“Den Iran exekutéiert 4 Persounen, dorënner eng Fra, wéinst Spionage fir Israel”, heescht et an der Beschreiwung vun engem Bild, dat de 17. Juni 2025 op der Plattform X gedeelt gouf.

D’Bild weist véier Persounen, déi op engem Gaalge stinn, d’Käpp an der Schléng a mat schwaarze Kaputze bedeckt, d’Hänn hannert dem Réck gefesselt.

D’Bild war opgedaucht, nodeem Israel den 13. Juni eng nach ni do gewiescht Serie vu Bommenattacke géint den Iran lancéiert hat, bei där Atomanlagen attackéiert an eng Abberzuel Arméicheffen an Atomwëssenschaftler ëmbruecht goufen (archivéiert Link).

Den Iran hat mat Dronen- a Rakéitebeschoss geäntwert.

Weider hunn d’Attacken demonstréiert, wéi déif den israeelesche Geheimdéngscht op iraneschen Territoire andrénge kann. Den Iran huet mat enger grouss ugeluechter Juegd op israeelesch Spioune reagéiert (archivéiert Link).

Den Informatioune vun der ONG Iran Human Rights no, déi hire Siège an Norwegen huet, goufen zënter dem Ufank vum Konflikt sechs Männer wéinst Spionage fir Israel erhaangen, Dosenden méi wéinst aneren Uschëllegungen a méi wéi 1.000 wärend oder nom Konflikt wéinst Uschëllegungen am Zesummenhang mam Krich verhaft.

Am 12 Deeg laange Konflikt, deen de 24. Juni duerch e vun den USA proposéierte Waffestëllstand op en Enn koum, sinn am Iran méi wéi 1.000 Mënschen an an Israel op d’mannst 28 Leit ëm d’Liewe komm.

RTL © AFP

Dat selwecht Bild gouf och mat änleche Facebook-, Instagram– an X-Bäiträg gedeelt.

“Vive d’iranescht Gesetz”, housch et an engem Kommentar zu de Bäiträg. En anere sot: “Exzellent Iran, Verbrieche musse bestrooft ginn.”

D’Bild weist awer keng Hiriichtung am Iran.

Eng ëmgekéiert Billersich op Google huet zu engem änlechen Thumbnail fir e YouTube-Video gefouert, deen den 8. Oktober 2016 op dem verifizéierte Kanal vu MovieClips verëffentlecht gouf (archived link). De Kanal ass mam Filmbewäertungsportal “Rotten Tomatoes” verbonnen.

De Video heescht “Hang ‘Em High (10/12) Movie CLIP – A Hanging and a Shooting (1968) HD”.

“Hang ‘Em High” ass e Western-Film mam amerikanesche Schauspiller Clint Eastwood an der Haaptroll, deen 1968 an d’Kinoe komm war (archivéiert Link).

D’Bild, dat fälschlecherweis gedeelt gouf, schéngt eng erausgeschnidde Versioun vum Standbild ze sinn, dat bei Minutt 1:18 vum Video ze gesinn ass.

RTL © AFP

De Clip gouf och op der Internetsäit vu Rotten Tomatoes verëffentlecht (archivéierte Link).

D’AFP huet eng Rëtsch vu Falschbehaaptungen am Zesummenhang mam Israel-Iran-Konflikt opgedeckt.

Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.
EU Flag
Kooped vun der Europäescher Unioun