Scroll Top

RTL-Faktencheck: Falsch RTL-Reportage iwwer jonk Lëtzebuerger, déi massiv hir Aarbechtsplaze kënnegen

RTL-Faktencheck: Falsch RTL-Reportage iwwer jonk Lëtzebuerger, déi massiv hir Aarbechtsplaze kënnegen - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

An de soziale Medien an haaptsächlech op Instagram fënnt een ëmmer nees Fake-Reklammen, wou Fotoen oder Videoe vu bekannten Noriichtesäite genotzt ginn, fir seriö eriwwer ze kommen.

Dass Fälscher gären op den Habillage an d’Ausgesi vu bekannten Noriichtesäiten zeréckgräifen, ass esouwuel weltwäit (hei an hei) wéi och am Grand-Duché (ënner anerem hei an hei) näischt Neies. Dacks ass d’Zil hannert dëse beaarbechte Posts, fir Feelinformatiounen zu verbreeden oder fir Reklamm fir dubiéis Produiten oder Iddien ze maachen.

Ganz rezent gouf et nees esou eng Campagne an de soziale Medien oder fir méi genee ze sinn op Instagram. Et war e gesponserte Post vun engem Account mam Numm “Helen Sergivna”. Den Account gouf am Januar 2025 kreéiert an ass, nodeem de Weekend d’Reklamm geschalt gouf, net méi op Instagram erëmzefannen.

Ëm wat geet et am Post?

Am Post, wat den RTL-Noriichtespriecher Sascha Georges weist, geet et ëm Jonk Lëtzebuerger, déi en masse hir Aarbecht kënnegen. “Firwat maachen si dat? Wat sinn d’Konsequenezen?” Déi Fro gëtt vum Post opgeworf, éier een opgefuerdert gëtt, de Post séier unzeklicken éier dëse verschwënnt.

RTL

An der kuerzer Sequenz héiert een de Lëtzebuerger Moderator a schlechtem Däitsch soen, datt “d’Lëtzebuerger Autoritéiten näischt kéinte maachen an d’Eltere schockéiert wieren. Ëmmer méi Kanner géifen d’Schoul verloossen, mä et wier näischt Illegales drun.” Villes deit drop hin, datt dëse Video, deen antëscht net méi opzeruffen ass, mat Hëllef vu kënschtlecher Intelligenz produzéiert gouf. Wéi d’AFP an engem rezente Faktencheck festgestallt huet, gëtt dës Technologie ëmmer méi genotzt, fir falsch Noriichten ze produzéieren oder esouguer sougenannten Deepfakes ze produzéieren, wou Persounen duerch KI komplett an aner Situatioune versat ginn.

Original-Sequenz ass vum 2. Februar 2025

Am Original vun dësem Video, dat den 2. Februar 2025 ausgestraalt gouf, geet et awer net ëm jonk Lëtzebuerger, déi d’Schoul respektiv hir Aarbecht verloossen. Mä den RTL-Noriichtespriecher Sascha Georges annoncéiert e Reportage iwwert den Autofestival. De Screenshot vun Instagram passt vun der Beweegung vum Reporter hier iwwertenee mat där vum Reportage no 12 Sekonnen.Och d’Kleedung an d’Positioun vum Sascha Georges passen, esou datt ee ganz staark dovun ausgoe soll, datt dës Sequenz als Basis fir d’Falschinformatioun genotzt gouf.

Wat gouf verännert?

Nieft dem Fakt, datt den RTL-Noriichtespriecher am Original Lëtzebuergesch an an der Fälschung schlecht Däitsch schwätzt, ginn et nach verschidden aner Indicen, déi drop schléisse loossen. Do kann een e Bléck op den Hannergrond, also d’Bild, wat de Sujet soll illustréiere werfen. Wärend de rouden Auto direkt nieft dem Journalist bestoe bleift, gouf de Recht vum Bild ugepasst. Amplaz vum Bild, op deem e Vendeur wuel enger Koppel e puer Autoe weist, gesäit een elo eng blond jonk Fra, déi virun engem Luxusauto steet.

RTL

Wann ee béid Biller matenee vergläicht, kann een erkennen, datt beim Verschaffe verschidde Saachen ewechgelooss goufen. Wéi et normal bei enger Noriichtechaîne ass, ass am original uewe riets de Logo vun RTL Lëtzebuerg ze gesinn an ënne lénks d’Ablent vum Journal. Wärend d’Journal-Zeeche bei der Fälschung bliwwen ass, ass den RTL-Logo selwer verschwonnen, well do dat anert Bild, wat besser bei den neien Narrativ passt, driwwer geluecht gouf.

Vu wou staamt d’Bild, wat agefüügt gouf?

Duerch dëst Bild kéint eng Persoun, déi et gesäit, dovun ausgoen, datt déi jonk Lëtzebuerger, déi d’Schoul respektiv d’Aarbecht verlooss hunn, elo vill Sue verdéngen a sech de Luxus leeschte kënnen. Mat enger Google Billersich kënnt ee séier op en Artikel vun der brittescher “The Sun” aus dem Juli 2020, deen ëm d’Alex Hirschi geet. D’Hirschi, Moderatrice, Bloggerin an Influencerin, huet op Instagram den Account “Supercarblondie”, wou d’Bild och hier ass, op deem d’Australierin ëmmer nees mat deieren Autoe poséiert an déi och test.

 

View this post on Instagram

 

A post shared by Supercar Blondie (@supercarblondie)

Fazit: RTL hat kee Reportage iwwer Jonker, déi hir Aarbecht verloossen

Dee Reportage, deen am Fake-Video ugedeit gëtt, staamt net vun RTL Lëtzebuerg, mä den RTL-Layout gouf geholl, fir Reklamm fir eppes anescht ze maachen. Dëst beweist op en Neits, datt et am Internet an an de soziale Medien heescht, gutt opzepassen, wann e verschidde Saachen oder Sujete gesäit, wou net kloer ass, ob dës wierklech real oder awer e Fake sinn. Méi Informatiounen dozou an eisem Dossier op RTL.lu.

Hutt Dir Froen oder Ureegunge fir aner Themen? Da mellt Iech ënnert dëser E-Mail-Adress bei der RTL-Faktencheckredaktioun: [email protected]

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.