
An de soziale Medie mécht dës Ausso ëmmer nees den Tour: Déi blo Valorlux-Tuten landen an de Verbrannungsanlagen, fir d’Feier besser um Brennen ze halen.
Am Kader vum internationalen Faktencheck-Dag hu mer eis User opgeruff, fir eis Sujeten eranzeschécken, déi si gär vun der RTL-Faktencheck-Redaktioun iwwerpréift hätten.
Vun de villen Ufroen, déi mer kruten, hu mer eis an enger éischter Linn dofir decidéiert, ze probéieren, Sujeten, déi op de Grand-Duché bezu sinn, nozegoen. Eng vun den Ufroen huet sech mam Recycling a méi präzis mat de Valorlux-Tute beschäftegt. Dës Rumeur mécht schonn zanter Joren ëmmer erëm den Tour an de soziale Medien:
“Blo Valorlux-Tute gi mam ‘normalen’ Dreck an den Uewe geheit, well den normalen Dreck soss net gutt géif verbrennen. En plus, kann een näischt mat de Plastiksfläschen ufänken, well de Plastik faarweg ass!”
Valorlux-Tuten zanter 29 Joer am Ëmlaf
A ville Stéit uechter d’Land gëtt fläisseg getrennt, éier déi blo Tuten all zwou Wochen agesammelt ginn. Zanter 29 Joer sinn d’Tute vun der Valorlux am Ëmlaf. All méiglech Verpackungen aus Plastik an Aluminium reesen am bloe Sack duerch d’Ländchen, éier se – exklusiv – zu Bech-Klengmaacher getrennt ginn, erkläert den Tobias Wilhelm, de Responsabele fir Dechete beim Hein. Hie schafft zanter 23 Joer op der Musel: “D’lescht Joer hu mer déi 14 Tonne bei de bloen Tuten déi éischte Kéier iwwerschratt. Et gi méi Leit a gläichzäiteg gëtt méi Verpackung a méi Plastik consomméiert.”
© Arnaud Serexhe
De Wuesstem beim Offall ass méi héich wéi dee bei der Populatioun. Zwar gëtt och méi recycléiert an awer klëmmt d’Quantitéit u recycléierbarem Offall fir déi blo Tut all Joer ëm 5 Prozent.
An iwwer zéng verschidde Kategorië gëtt getrennt
Am Minuttentakt kommen zu de Spëtzenzäiten d’Camionen zu Bech-Klengmaacher un, fir entlueden ze ginn. Duerch d’Press am Won ka quasi dräi Mol esou vill transportéiert ginn, wéi an engem normalen Transport. Op der Plaz gëtt Luedung fir Luedung op ee Kilometer u Lafbänner eropgeschëppt. D’Material gëtt komplett mechanesch getrennt: Ofgesift, lassgeklappt, ofgesuckelt. D’Maschinnen detektéieren déi verschidde Materialie gréisstendeels automatesch. No der Trennung – an iwwer 10 verschidde Kategorien – kënnt d’Material an d’Press, éier et da bei d’Spezialisten an d’Ausland geet, esou den Tobias Wilhelm: “Mir hunn am Fong fir all Material eng spezialiséiert Filière, déi dat Material unhuele kann. Wäsche, Schredderen, agglomeréieren, etc.”
Bis zu 15 Prozent vun Inhalt vun de Valorlux-Tute kann net recycléiert ginn
Mä wéi steet et elo ëm d’Ausso, déi een dacks online ze liese kritt, datt déi blo Valorlux-Tuten awer ëmmer nees bei der Verbrennungsanlag lande sollen. Mir hunn um Belval beim Direkter vu Valorlux Claude Turping nogefrot: “Dat wat stëmmt, an do kënnt dat dote warscheinlech hier, ass, datt nodeems déi blo Tut sortéiert ginn ass, bleift en Deel, dee läit tëscht 10 a 15 Prozent, do leien, well en net recyclabel ass. Dat si Multi-Plastiker, dat si Plastiker mat Schichten drop, dat si schwaarz Plastiker: déi sinn net recyclabel.
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Ma och dës Produite landen net an der normaler Verbrennungsanlag, esou de Claude Turmping: “Déi ginn duerno opbereet, ginn an Asazbrennstoff transforméiert a ginn zu Lëtzebuerg an der Zementindustrie agesat an als Gas-Ersatz verbrannt. Dat ass eng thermesch Revaloriséierung. Et ass awer elo net esou, ewéi wann déi Produiten oder ebe ganz blo Tute benotzt ginn, fir eng Dechet-Verbrennungsanlag ewéi déi zu Leideleng ewéi déi, déi vu Sidor bedriwwe gëtt, ze befeieren. Dat stëmmt net.”
Wat faarweg Plastiksfläschen ugeet, ginn dës recycléiert, wa se net schwaarz sinn oder eng extra faarweg Foliebeschichtung drop hunn.
Verschidde Bierger notze blo Tuten fir an déi schwaarz Poubelle
Déi blo Tute kritt ee virun allem gratis vu senger Gemeng zur Verfügung gestallt. Ëmmer nees kënnt et dozou, datt d’Leit se als Ersatz fir hir bezuelte schwaarz Tutue fir den Haushaltsoffall benotzen a se sou duerno net do landen, wou se am Fong higehéieren, mä an déi schwaarz Poubelle gehäit ginn an esou de Wee an d’Verbrennungsanlag fannen.
Lëtzebuerg läit beim Recycling am Mëttelfeld
Lëtzebuerg läit bei der Quantitéit vun deem, wat recycléiert gëtt, iwwregens am gudde Mëttelfeld, esou de Claude Turping: “Elo kann ee soen, dat ass awer net ganz gutt. Mä et muss een och festhalen, datt mer zu Lëtzebuerg iwwer 200.000 Frontalieren hunn, déi och verschidde Produiten zu Lëtzebuerg kafen, well se hei méi bëlleg sinn an déi mat eriwwerhuelen. Dofir ass et méi komplizéiert Quote vu Länner z’erreechen, déi zum Beispill méi e groussen Import hunn.”
Fazit: Blo Tuten, déi fir de Recycling genotzt ginn, landen net an der Verbrennungsanlag
U sech landen déi blo Tuten net an der Verbrennungsanlag, mä si kommen an en Zenter, wou se de Materialien no sortéiert ginn. Dës Materialie ginn an iwwer 10 Kategorien opgedeelt a kommen dono a spezialiséiert Recyclingsanlagen an d’Ausland. An awer: Net all d’Material, wat d’Bierger an dës Tute geheien, gehéiert och dran, dorënner schwaarze Plastik oder Chipstuten. Dës ginn aussortéiert an net recycléiert, mä an Asazbrennstoff ëmgewandelt, fir an der Zementindustrie an den Asaz ze kommen.
Well awer och verschidde Bierger d’Valorlux-Tuten notzen, fir hiren Haushaltsoffall dranzegeheien a se dono an der schwaarzer Poubelle entsuergen, landen déi spezifesch Tuten eben och an der Verbrennungsanlag.
Hutt Dir Froen oder Ureegunge fir aner Themen? Da mellt Iech ënnert dëser E-Mail-Adress bei der RTL-Faktencheckredaktioun: [email protected]
Links