Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

RTL-Faktencheck: KO-Drëpsen op Studentebaler?

RTLPic.jpg

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Op de Studentebaler hätt et eng Partie Virfäll mat KO-Drëpse ginn, dat eppes, wat RTL zougedroe gouf an ënnert Jonken den Ament vill diskutéiert gëtt. Rieds ass vum “Zürcher Bal” a vun der Silvesterparty an der Luxexpo.

Mir hu beim CGDIS, der Police an de Spideeler nogefrot, ob et Virfäll ronderëm d’Feierdeeg gouf an ob esou Fäll op Studentebaler konnten nogewise ginn.

Wat seet d’Police?

D’Police gouf an der Nuecht op de 26. Dezember kuerz virun 3 Auer op en Asaz geruff. E puer Persoune gouf et schlecht, dës hunn uginn, se hätte méiglecherweis KO-Drëpsen an d’Glas gemaach krut. D’Policebeamten hätten d’Persounen drop sensibiliséiert, datt se sech an dësem Fall sollen an der Klinik op déi entspriechend Substanzen teste loossen, an am Fall, wou eppes fonnt gi wier, bei der Police eng Plainte féieren.

Och an der Silvesternuecht war d’Police bei der Luxexpo am Asaz, dat awer am Kader vun enger Kontroll.

Bis elo konnt d’Police eis net matdeelen, ob eng Plainte deposéiert ass oder net.

Wat soen d’Spideeler?

Um Owend vum “Zürcher Bal” hat den CHL Déngscht. RTL-Informatiounen no konnt a kengem Fall den Asaz vu KO-Drëpsen nogewise ginn. Déi jonk Patiente wieren allerdéngs all héich alkoholiséiert gewiescht, et wiere virun allem jonk Frae gewiescht.

Den Dr. Emile Bock, Directeur Medical vun den Urgencë vun den HRS, sot RTL géintiwwer, datt op Silvester eng 20 bis 25 jonk Fraen an den Urgence waren, déi deen Owend op engem Bal gefeiert hunn. Bei all dëse wier ee ganz héijen Alkoholtaux nogewise ginn, Rieds geet vun Tauxe vun 2 bis 3 Promill.

Wat seet den CGDIS?

De 25. Dezember hat den CGDIS een Asaz, wou et e Verdacht gouf, datt enger Persoun eng Substanz an d’Glas gemaach gouf.

Op Silvester gouf et 6 Asätz wéinst Alkohol, Drogen oder enger Substanz am Glas. All d’Persounen hunn allerdéngs en Transport an d’Spidol refuséiert, soudatt net konnt festgestallt ginn, ob illegal Stoffer am Spill waren.

Komme sou Fäll méi heefeg vir?

Konkret Zuelen zu Virfäll mat KO-Drëpsen huet d’Police net. Et kéint een deemno keng konkret Ausso doriwwer maachen, ob et méi heefeg virkënnt. Dobäi kennt, datt esou Substanzen nëmme schwéier noweisbar sinn, verschidde Stoffer kënnen am Blutt an Urin nëmme wärend e puer Stonnen nogewise ginn.

No zwee Baler zu Helzen an zu Réiden goufe 7 Plaintë gemaach, RTL hat deemools doriwwer bericht:

https://www.rtl.lu/news/national/a/1995886.html

https://www.rtl.lu/news/national/a/1987870.html

 

Hei géifen d‘Ermëttlungen nach ëmmer lafen, esou eng Spriecherin vun der Police op Nofro.

Wei soll ee bei engem Verdachtsfall reagéieren?

Den Dr. Emile Bock vun den HRS sot, datt een net kéint definitiv ausschléissen, datt vereenzelt Persounen och eppes an d’Glas gemaach kruten. Allerdéngs wier et eng Fro vun der Probabilitéit. Als gudde Rot kéint een nëmme mat op de Wee ginn, datt, wann een dobaussen ënnerwee ass, een op säi Gedrénks oppasst.

De CGDIS sot, datt ee komplette Screening nëmmen de Laboratoire national de Santé (LNS) kéint maachen, fir sécher ze goen, datt eng Drog am Spill war.

D’Police réit, datt ee bei engem Verdachtsfall séier reagéiert an déi néideg Analysen duerchféiere léisst. Wichteg wier et dann och, Plainte ze maachen, datt d’Police kéint aktiv ginn an eng Enquête opgemaach ginn.

https://police.public.lu/de/prevention/vols/gouttes-ko.html

Links

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.