Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Panik wéinst “Huggy Wuggy”?

2022-06-21_13-03

Author(s): RTL Lëtzebuerg

An de soziale Reseauen zirkuléiert aktuell ee Kettebréif iwwert de Personnage “Huggy Wuggy”. Wien ass dat? A gëtt et eng Gefor fir d’Kanner? Mir hunn de Faktencheck gemaach.

Wien ass den Huggy Wuggy?

De Personnage Huggy Wuggy ass aus dem Onlinespill Poppy Playtime. Et ass ee Survival-Horror-Videospill, wou och Gewalt ugewannt gëtt. D’Spill ass ab 12 Joer fräiginn, et kann een et um Computer an Handy spillen.

Phänomen och zu Lëtzebuerg?

An der amerikanescher a brittescher Press fënnt ee schonn am Abrëll Artikelen iwwert dëse Phänomen. An de leschten Deeg ass esou ee Kettebréif elo och bei ville Lëtzebuerger Notzer an de soziale Reseaue gedeelt a kommentéiert ginn. Op der Helpline vu Bee Secure hunn sech nach keng Kanner oder Elteren doniewent gemellt. Wat awer net heescht, datt et net en Thema ass. An dësem Bäitrag op Facebook gëtt behaapt, datt och schonn an engem Cycle 1  an enger Schoul dovu geschwat gëtt.

© Screenshot via Facebook

Opruff zu Gewalt géint aner Persounen?

Am Videospill menacéiert déi blo Kreatur aner Spillfiguren, leeft hinnen no. Mëttlerweil ass d’Figur an anere Videoe Kult ginn. Esou fënnt ee mëttlerweil op Videoplattformen Zesummestellunge vu kuerze Filmer a Lidder. Eent vun de Beispiller ass ee Musek-Clip.

Folgend Textzeil héiert een do: “Cause I could just hug you here. Forever, forever. Till you breathe your last breath.” (Well ech dech einfach hei kéint an den Aarm huelen. Fir ëmmer, fir ëmmer. Bis du däi leschten Otemzuch mëss.)

Dëst kann een als kloer Form vu Gewaltduerstellung gesinn. Sky News hat Youtube kontaktéiert. Dës soten, datt een esou Videoen net op YouTubeKids géif fannen. An den Astellunge kéinten d’Eltere gezielt dat astellen, wat hir Kanner kënnen an dierfe gesinn.

Mental Schied fir Kanner?

Am Internet liest een och d’Behaaptung, datt d’Figur de Kanner mental kéint schueden. Riets ass esouguer vu Kanner déi dowéinst psychiatresch Hëllef gebraucht hätten. Eng Behaaptung, déi mir net konnten iwwerpréiwen.

Et wier keen neie Phänomen, datt esou Inhalter an de soziale Reseaue verbreet ginn, déi Kanner sollen Angscht maachen, esou d’Debora Plein vu Bee Secure. Virun e puer Joer war et d’Momo-Challenge, déi fir Opreegung gesuergt huet. Hei goufen och Kanner a Jugendlecher effektiv opgeruff, verschidden Aktivitéiten ze maachen. Et wier ganz wichteg vu klengem un d’Kanner ze begleeden, wa se mat neie Medien a Kontakt kommen, mam Smartphone an Internet ze dinn hunn.

Et soll een de Kanner vermëttelen, datt een als Elteren Uspriechpartner ass. Datt wa se op Inhalter opmierksam ginn, déi hinnen Angscht maachen, se wëssen, datt se mat hiren Eltere kënne schwätzen“, erkläert d’Debora Plein.

Wann een als Elteren op esou ee Kettebréif am Internet stéisst, wier et wichteg dat alles kritesch ze hannerfroen, éier een esou eppes deelt.

Bee Secure

Op der Bee Secure Helpline (8002 1234) ka jidderee gratis uruffen, wann ee Froe ronderëm d’Internetsécherheet oder d’Notzung huet.

Keng Panik

Am Prinzip brauch ee keng Angscht virun esou Phenomener ze hunn. Allerdéngs soll een se eescht huelen an driwwer schwätzen. D’Kanner sensibiliséieren an oppen iwwer den Ëmgang mat Informatiounen an de sozialen Netzwierker diskutéieren.

Zousätzlech Informatiounen iwwer Kettebréiwer a wéi een d’Kanner dorop uschwätze kann, gëtt et um Site vu Bee Secure.

Hutt Dir Froen oder Ureegunge fir aner Themen, mëllt Iech ënner [email protected]

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.