Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

RTL-Faktencheck: Gëtt et och en negativen Index, mat deem d’Gehälter gekierzt kéinte ginn?

5a2eb18c8ba9d918cde44878192d062d

Author(s): RTL Lëtzebuerg

© RTL-Grafik

Fält eng Indextranche un, freeë sech d’Salariéen – hir Gehälter ginn ëm 2,5% erop. Mä kéinten d’Salairë bei enger Deflatioun och duerch een “negativen Index” gekierzt ginn?

An Zäite vu wirtschaftlecher Onsécherheet a klammende Präisser flamen Diskussiounen ëm den Index ëmmer nees op. Esou och 1982, wou et no Joren vun der Inflatioun – ausgeléist duerch zwou Pëtrolskrisen – quasi zu engem Generalstreik koum, nodeems déi deemoleg Regierung d’Indexéierung vun de Gehälter ausser Kraaft setze wollt.

De Mechanismus, mat deem dem Wäertverloscht vun de Gehälter entgéintgewierkt an d’Präisdeierecht ausgeglach gi soll, gëtt et zu Lëtzebuerg schonn zanter 1921 a senger rudimentärster Form. Ufanks just fir Fonctionnairen an Eisebunner ass den Index zanterhier an enger Rei Etappen ëmmer nees ugepasst an op d’Allgemengheet ausgeweit ginn.

Och haut ass d’Thema Index no zwee Joer Pandemie a klammenden Energiepräisser am Kader vum Krich an der Ukrain nees un der Dagesuerdnung. Am Oktober 2021 an am Abrëll 2022 goufen d’Gehälter schonn ëm jeeweils 2,5 Prozent no uewen ugepasst. Déi drëtt Indextranche, déi warscheinlech am August ufale géing, gëtt op de Fréijoer 2023 verluecht.

Wat ass den Index a wéi sëtzt e sech zesummen?

De Prinzip ass einfach: Klëmmt déi kumuléiert Inflatioun zanter der leschter Indextranche iwwer de Wäert vun 2,5 Prozent, da gëtt eng nei Indextranche declenchéiert. Doropshi ginn dann och d’Gehälter ëm 2,5 Prozent an d’Luucht. De Salaire gëtt esou proportionell un d’Präisdeierecht ugepasst, fir engem Verloscht vun der Kafkraaft entgéint ze wierken. Zanter 1985 goufen et 32 Indextranchen, mat e puer méi rouege Joren tëscht 1995 an 2000 an tëscht 2013 an 2018.

RTL

Ob a wéi vill d’Präisser klammen, iwwerwaacht de STATEC, deen d’Evolutioun vun de Consommatiounspräisser all Mount an engem Rapport publizéiert. Mat Hëllef vun engem duerchschnëttleche “Wuerekuerf” u Produkter a Servicer, dee sech aus iwwer 66.000 verschiddene Präisser zesummesetzt, kënnen d’Mataarbechter vun der nationaler Statisticagence d’Präisser Mount fir Mount matenee vergläichen. De STATEC ass et dann och, deen d’Fällegkeet vun enger neier Indextranche signaliséiert.

De sougenannten “Wuerekuerf” setzt sech aus 12 Haaptkategorien zesummen an ëmfaasst nieft Liewensmëttel zum Beispill och Loyeren, Energiepräisser, Transportkäschten, handwierklech Déngschter a Fräizäitaktivitéiten. Net mat dra fléissen d’Kafpräisser vun Immobilien.

De Wuerekuerf gëtt reegelméisseg ugepasst an ënner Berécksiichtegung vum reale Consommatiounsverhale vun den Awunner nei gewiicht. Esou hunn d’Leit zu Lëtzebuerg bannent de leschten zwee Joer wéinst der Pandemie zum Beispill manner Sue fir Reesen ausginn. Gewiichtung vun dëse Positiounen ass am Präisindex deementspriechend fir dës Period och no ënnen ugepasst ginn, wéi de Marc Ferring vum STATEC an der RTL-Emissioun “Invité vun der Redaktioun” erkläert huet.

Ass en negativen Index méiglech?

Mee wat géing geschéien, wann d’Präisser am “Wuerekuerf” vum STATEC géinge falen amplaz vu klammen? Kéint et am Fall vun enger Deflatioun och een “negativen” Index ginn, bei deem d’Gehälter ëm -2,5 Prozent kéinte gekierzt ginn?

Déi kuerz Äntwert ass: Jo. Den Index ass am Artikel L. 223-1 vum Code du Travail festgehalen a baséiert sech op dem Artikel 11 vun engem Gesetz aus dem Joer 1963, dat d’Paien vu Fonctionnairen reegelt. An dësem steet geschriwwen: “L’augmentation ou la diminution de l’indice du coût de la vie par deux points et demi pour la période semestrielle écoulée se traduit par une hausse ou une baisse correspondante des traitements qui sont établis sur la base de l’indice pondéré du coût de la vie au premier janvier 1948.”

Also: Genausou wéi eng Indextranche bei enger Hausse vun de Consommatiounspräisser ëm +2,5 Prozent virgesinn ass, esou kéint et theoretesch och eng Baisse vun de Gehälter ëm 2,5 Prozent ginn, wann d’Präisser ëm deen nämmlechten Taux géife falen.

Wéi warscheinlech ass eng negativ Indextranche?

Zu Lëtzebuerg gouf et bis elo nach ni eng negativ Indextranche. Wärend eng liicht Inflatioun üblech, a mam Zil vun 2 Prozent vun der europäescher Zentralbank souguer och erwënscht ass, ass eng laang unhalend Deflatioun nämlech ee wesentlech méi seelent Phenomen. Zu Lëtzebuerg louch den annuellen Inflatiounstaux zanter 1949 eréischt dräimol am negative Beräich: 1953 (-0,2%), 1955 (-0,1%) an 1987 (-0,1%).

Och an de Joren tëscht 1983 an 1986, an deenen d’Inflatioun no Rekordhéichten an de Jore virdrun nees staark zeréckgaangen ass, ass keng negativ Indextranche ugefall. “Och an deene Joren ass jo nach ëmmer eng positiv Inflatioun do. Si ass manner héich wéi déi Jore virdrun, mee mir waren net ënnert dem Seuil vun 0 Prozent”, erkläert de Marc Ferring, Chef d’unité vum Service “Statistiques de Prix” vum Statec.

Datt en negativen Index eng Kéier kéint antrieden, hält de Marc Ferring fir éischter onwarscheinlech: “Et misst ee schonn eng länger Phase vun der Deflatioun hunn, ier esou ee Fall antrëtt.” Zwar hätt et ëmmer mol nees eenzel Méint ginn, an deenen d’Joresinflatioun an den negative Beräich gefall wieren. Ma dës Perioden hunn ni esou laang ugehalen, datt eng negativ Indextranche hätt kënne fälleg ginn.

Wéi sënnvoll wier en negativen Index am Fall vun enger Deflatioun iwwerhaapt?

Am Fall vun enger Deflatioun ginn d’Präisser zeréck – dacks doduercher, datt d’Demande méi kleng ass wéi d’Offer. Wéi sënnvoll wier et deen Ament, d’Gehälter duerch eng negativ Indextranche ze kierzen? Den Dr. Patrice Pieretti, Wirtschaftsprofesser op der Uni Lëtzebuerg, huet eis dozou eng Aschätzung ginn.

“Au Depart ass den Index eng sozialpolitesch Moossnam. Ekonomesch gesi justifiéiert si sech net onbedéngt.” Et wier deemno net virop eng ekonomesch Debatt, och wann den Index als soziaalt Instrument och ekonomesch Implicatiounen hätt. Am Fall vun enger Deflatioun falen d’Präisser, wärend d’Gehälter an engem éischten Ament nominal stabel bleiwen. Dëst wier gutt fir d’Kafkraaft vun de Leit, mee schlecht fir d’Entreprisen, deenen hir Gehaltskäschte real klamme géifen, erkläert de Professer Pieretti. Géif dann eng negativ Indextranche ufalen, wier dat also “virun allem eng sozial Mesure fir d’Firmen”.

Wann de Präisverfall méi persistent ass wéi bei enger Deflatioun, schwätzt ee vun enger Disinflatioun. Deen Ament géifen dann och d’Erwaardunge vun de Verbraucher an d’Spill kommen, esou de Professer vun der Uni.lu. Wann een dovun ausgeet, datt d’Präisser weider falen, dann hält ee sech mat den Depense wieder zeréck. Dëst géif och fir d’Firme gëllen, déi mat hiren Investitiounen dorop géife waarden, datt d’Präisser nach weider falen. “Dat huet verheerend Konsequenzen op d’Wirtschaft.” D’Produktioun geet zeréck, Leit ginn entlooss, an d’Präisser falen nach méi. Och d’Gehälter falen, well deen Ament méi Leit um Aarbechtsmarché sinn. “An deem Fall géif eng negativ Indextranche d’Stéit duebelt penaliséieren: Eng éischte Kéier duerch d’negativ Indexéierung an eng zweete Kéier duerch d’Desinflatioun selwer”, erkläert de Professer Pieretti.

Fir eng Deflatioun kann et zwou Haaptursaache ginn. Op der positiver Säit kann eng Deflatioun doduerch entstoen, datt Produktivitéit vun de Produzenten – zum Beispill duerch technesch Fortschrëtter – eropgeet, an esou d’Offer bei gläich bleiwender Demande klëmmt. Doduerch ginn d’Präisser dann erof.

Op der méi negativer Säit kann eng Deflatioun awer och duerch den Abroch vun der Nofro entstoen. Esou eng Deflatioun gouf et Beispillsweis an den 90er Joren a Japan, nodeems eng Spekulatiounsblos geplatzt war, erkläert de Professer Pieretti. Bal 10 Joer huet dës Inflatioun gedauert. Bäikomm ass een hir am Endeffekt net duerch een negativen Index, mee am Géigendeel ënner anerem duerch eng Erhéijung vun de Gehälter.

Grondsätzlech wier et méi einfach, eng Deflatioun ze bekämpfen, wéi eng Inflatioun, och well d’Zentralbanken do besser Géigemesure kéinten ergräifen. Kreditter kënnen zum Beispill artificiell méi bëlleg gemaach ginn an ëffentlech Ausgaben eropgesat ginn, fir d’Ekonomie nees un d’goen ze kréien. De Fazit vum Professer Pieretti, sollt zu Lëtzebuerg emol eng Deflatioun antrieden: “Eng negativ Indexéierung géif ech ewechloossen an ech géif kucken, datt ech der Deflatioun lassginn. Dat wier déi richteg Mesure – d’Depense ënnerstëtzen.”

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.