Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Corona-Medikament Paxlovid beaflosst Corona-Fallzuelen net

Faktencheck: Corona-Medikament Paxlovid beaflosst Corona-Fallzuelen net - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Mam Medikament Paxlovid gëtt et en Traitement géint eng Coronainfektioun. A sozialen Netzwierker huet et geheescht, dass dëst Medikament déi selwecht Symptomer ausléise géif wéi d’Krankheet. Wat stécht dohannert?

Dosende User hunn Enn August 2022 der Behaaptung op Instagram iwwer Paxlovid zougestëmmt. Op Telegram huet d’Behaaptung e puer honnert Leit erreecht.

RTL Screenshot der Behauptung auf Instagram: 01.09.2022 ( Jan RUSSEZKI)

De PCR-Test baséiert op enger Polymeras-Kettereaktioun, dacks mat PCR ofgekierzt, an ass en Testverfaren, dat dacks benotzt gëtt, fir de Virus SARS-CoV-2 am Kierper nozeweisen. Dobäi gëtt dat geneetescht Material aus enger Prouf multiplizéiert. Ass de spezifeschen Erreeger doran enthalen, weist de PCR-Test deem seng geneetesch Spueren no. Fuerscher bezeechnen dat PCR-Testverfaren ëmmer nees als de “Goldstandard” fir Corona-Diagnosen. Déi manner zouverlässeg Antigeen-Schnelltester reagéieren dogéint op Proteinnen a ginn dacks fir en éischten Test benotzt. Positiv Resultater vun Antigeentester kënnen dozou féieren, dass d’Autoritéiten eng Isoléierung unuerdnen. Fir dass d’Fallzuelen an de Statistiken opgeholl ginn, mussen d’Resultater dem Robert Koch-Institut (RKI) allerdéngs vun engem PCR-Test confirméiert ginn.

Trotz der Zouverlässegkeet vu PCR-Tester goufen dës wärend der Pandemie ëmmer nees ugezweiwelt. Sou gouf zum Beispill fälschlecherweis behaapt, PCR-Tester wären zwecklos oder kéinten net tëscht Grippen- a Corona-Viren ënnerscheeden. D’AFP huet am Kontext vun der Corona-Pandemie an de Moossnamen dogéint eng Abberzuel ierféierend a falsch Behaaptunge widderluecht an hei gesammelt.

Covid-Medikament: Paxlovid

Der Europäescher Medikamentenagence (EMA) no ass Paxlovid en antiviraalt Medikament, dat d’Fäegkeet vum Coronavirus miniméiert, sech am Kierper ze multiplizéieren. Et blockéiert en Enzym vum Virus, dee fir d’Reproduktioun noutwenneg gëtt. D’Medikament ass zanter dem 28. Januar 2022 an der Europäescher Unioun bedéngt zougelooss.

Dat däitscht Bundesinstitut für Arzneimittel und Medizinprodukte (BfArM) lëscht Paxlovid vun der Pharmaentreprise Pfizer als Anti-Covid-19-Medikament op. Et kann zënter dem 25. Februar 2022 vun Dokteren an Dokteschen an Däitschland verschriwwe ginn.

Engem Dokument mat Falschinformatioune vum BfArM no gëtt d’Medikament ausschliisslech dozou benotzt, Coronavirus-Erkrankunge bei Mënschen ze traitéieren, déi keen zousätzlechen Zoulaf vu Sauerstoff brauchen an erhéichte Risiko fir e schwéiere Krankheetsverlaf hunn.

An de Falschinformatioune souwéi am Bäipakziedel gëtt op heefeg optriedend Niewewierkungen opmierksam gemaach. Déi heefegst wären deemno Stéierunge vum Geschmaach (bei 5,6 Prozent vun de Leit, déi d’Medikament anhuelen), Duerchfall (3,1 Prozent), Kappwéi (1,4 Prozent) a sech iwwerginn (1,1 Prozent). Am Bäipakziedel gëtt och viru méigleche schwéieren Niewewierkunge bei Mënsche mat bestëmmte Virerkrankunge wéi Nieren- oder Liewerfunktiounsstéierungen a viru méigleche Wiesselwierkunge mat anere Medikamenter gewarnt. Auswierkungen op PCR-Tester ginn am Bäipakziedel op kenger Plaz erwäänt.

De Verloscht vum Geschmaach, Kappwéi, sech iwwerginn an Duerchfall sinn och méiglech Symptomer vun enger Coronainfektioun.

Paxlovid gëtt eréischt bei Corona-Infektioune verschriwwen

Paxlovid ass verschreiwungsflichteg a gëtt eréischt bei enger Corona-Infektioun ageholl. Dat confirméiert e Porte-parole vun der Deutschen Krankenhausgesellschaft (DKG) den 1. September 2022 géintiwwer der AFP: “Paxlovid gëtt Patienten esou fréi wéi méiglech no engem positive PCR-Test aginn.” Hien huet betount, dass sou wäit “all d’Leit, déi mat Paxlovid behandelt ginn, e positive PCR-Test an dacks sécher och typesch Covid-19-Symptomer” hätten.

D’Behaaptung, Niewewierkunge vu Paxlovid géifen zu presuméierte Coronafäll féieren, ass soumat onlogesch. Paxlovid gëtt eréischt bei enger Infektioun verschriwwen an net scho virdrun.

PCR- an Antigen-Tester ginn duerch  Paxlovid net positiv

Wéi scho gesot, kréie just Patientinnen a Patienten, déi positiv op Corona getest goufen, Paxlovid verschriwwen. D’AFP huet trotzdeem bei Expertinnen an Experten nogefrot, ob Paxlovid, dat onofhängeg vun enger Corona-Infektioun ageholl géif ginn, zu engem positive PCR-Testresultat féiere kéint.

De Spriecher vun der Deutschen Krankenhausgesellschaft huet dat op AFP-Ufro dementéiert an erkläert: “Generell reagéiert e PCR-Test op d’Presenz vun Ierfinformatioune vum jeeweilege Virus. Ass de Virus mat senger Ierfinformatioun net present, reagéiert de PCR-Test och net, ofgesi vun der allgemeng bekannter gerénger Feelerquot. Just d’RNA vum Virus kann zu engem positiven Test féieren.”

Falsch Resultater si seelen, kommen awer vir. Grond dofir sinn ënner anerem och mënschlech Feeler. D’AFP huet an dësem Faktencheck méi Informatiounen iwwer d’Zouverlässegkeet vu PCR-Tester gesammelt.

Och den Torsten Kiesner, Porte-parole vum Verband der Diagnostica-Industrie (VDGH), huet op d’AFP-Ufro reagéiert an d’Funktionéiere vun de PCR-Tester erkläert. Hien huet de 5. September 2022 confirméiert, “en Test reagéiert op Virusmaterial, net op Medikamenter oder Symptomer.”

De Robert-Koch-Institut huet op Ufro vun der AFP den 1. September 2022 op e Pabeier vun der Gesellschaft für Virologie (GfV) iwwer d’Testverfare vu PCR-Tester vum 25. November 2020 verwisen, an deem och betount gëtt, dass PCR-Tester ausschliisslech op déi gesichten Erreeger positiv reagéieren.”

De VDGH-Spriecher Kiesner dementéiert d’Behaaptung och fir Antigeen-Tester: “Och bei den Antigeen-Tester gëllt, dass se grondsätzlech just op spezifesch Proteinne vum Coronavirus reagéieren an net op aner Molekülle wéi zum Beispill chemesch Strukturen, wéi se an engem Wierkstoff enthale kënne sinn.”

Fazit: D’Behaaptung, dass d’Covid-Medikament Paxlovid zu positiven Testresultater a sou zu iwwerhéichte Corona-Fallzuele féiert, ass falsch. D’Medikament gëtt eréischt bei enger bestoender Covid-Infektioun agesat. Doriwwer eraus ka villen Expertinnen an Experten no d’Anhuele vu Paxlovid net zu falsch-positiven Testresultater féieren.

Dësen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.