Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Demonstratiounen an Italien géint héich Stroumpräisser bleiwen ouni Gewalt

Faktencheck: Demonstratiounen an Italien géint héich Stroumpräisser bleiwen ouni Gewalt - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

An Italien klammen d’Stroumpräisser an et gi Protester organiséiert. An de sozialen Netzwierker mécht e Video den Tour, an deem d’Police anscheinend gewaltsam géint Demonstrante virgeet.

E kuerze Video weist schwéier Ausenanersetzungen tëscht der italieenescher Police an Demonstranten. Op Twitter hunn dausende User d’Zeen als aktuelle Protest géint d’Stroumpräisser gedeelt, op Facebook ass de Video och vun honnerte Leit propagéiert ginn. Ausserdeem hunn iwwer zéngdausend Leit de Video op Telegram gesinn. D’AFP huet och scho Behaaptungen iwwer d’Opnam, déi op Arabesch a Franséisch am Ëmlaf sinn, iwwerpréift.

RTL Facebook-Screenshot der Behauptung: 03.10.2022

Mat de klammenden Energie- a Liewensmëttelpräisser klëmmt och d’Suerg virun engem “waarmen Hierscht”, also gewalttätege sozialen Onrouen am Hierscht an Däitschland. Am Kontext vun dëser Suerg verbreet sech e Video, deen en aktuelle Protest géint Stroumpräisser am italieenesche Genua weise soll.

Antifaschistesch Demo 2019 zu Bologna

D’Opname sinn allerdéngs méi al a stame vum 20. Mee 2019 vun enger Demonstratioun géint de Besuch vum Roberto Fiore zu Bologna. De Fiore ass Grënner vun der rietsextreemer Partei Forza Nuova.

Mat der Hëllef vun enger ëmgedréinter Billersich a Kombinatioun mat der Sich no Stéchwierder ass d’AFP op e Video vun der lokaler Dageszeitung “La Gazetta di Bologna” gestouss. De Video huet den Titel “Bologna, Antifaschiste géint d’Campagne vum Roberto Fiore vu Forza Nuova an d’Police stiermt”. Eropgeluede gouf en den 20. Mee 2019 a gëtt d’Galvani-Plaz am Zentrum vu Bologna als Uert un.

D’Opnam vun der Zeitung weist, wéi d’Demonstranten un der Spëtzt vun engem Zuch mat engem Transparent mat der Opschrëft “Bologna antifascista” (“Antifaschistescht Bologna”) duerch eng kleng Strooss ginn, bis si bei enger Ofspärung vun der Police stoe bleiwen. D’Zeen gläicht där am aktuell gedeelte Video. Nodeem Projektiller ofgeschoss goufen an e puer Demonstrante géint d’Ofspärung geschloen hunn, huet d’Police d’Demonstratioun zeréck gedrängt.

RTL Youtube-Screenshot vom Kanal “Gazzetta di Bologna”, aufgenommen: 04.10.2022

D’Informatioun vun der Plaz am Video vu “La Gazetta di Bologna” erliichtert et, de geneeën Uert vum Clip ze fannen, deen op Facebook gedeelt gouf. Am Hannergrond ass e Bougank mat Affichë vu Reklammen ze gesinn, wéi et se och an der Via dell‘Archiginnasio gëtt.

Eng weider Sich no Stéchwierder féiert zu engem Video vun der italieenescher Dageszeitung “La Repubblica”. Déi selwecht Zeen aus den aktuell gedeelte Videoen ass dora vun der Sekonn 41 un ze gesinn. “La Repubblica” hat de Video och am Mee 2019 publizéiert an en als Protest géint Forza Nuova zu Bologna beschriwwen.

An der Videobeschreiwung heescht et méi prezis: “Ronn dausend Demonstrante waren op der Piazza Maggiore zu Bologna, fir géint d’Presenz vum Leader vun der Forza Nuova, de Roberto Fiore, an der Stad ze protestéieren. Ënnert dem Ruff “Faschiste raus aus Bologna” hunn d’Aktiviste versicht, eng Kette vu Policebeamten a Kampfmontur ze duerchbriechen.” D’Dageszeitung huet den 20. Mee 2019 och en Artikel iwwer d’Demonstratioun verëffentlecht.

Protester an Italien

Zwar war fir den 21. September eng Demonstratioun géint déi klammend Energiepräisser zu Genua geplangt – a schonn den 18. September, also een Dag virun der Verbreedung vun der Behaaptung, ugekënnegt ginn -, mee wéi eng Rei italieenesch Medie gemellt hunn, ass d’Demonstratioun ouni Zesummestéiss ofgelaf.

Och op anere Plaze gouf protestéiert. Zu Neapel hu Bäckeschen a Bäckeren den 29. September Brout verschenkt, fir op hir Situatioun wéinst de klammende Chargen opmierksam ze maachen. Och hei gouf et keng gewalttäteg Ausschreidungen.

Déi italieenesch Regierung huet schonn e puer Hëllefspäck op d’Bee gesat, fir d’Inflatioun an d’Energiepräisser ofzefiederen. Am August huet de Ministerrot en Hëllefspak ugeholl, Mëtt September huet ee sech kuerz virun de Wale vum 25. September op weider 14 Milliarden un Hëllefsleeschtunge gëeenegt. De Wirtschafts- a Finanzminister Daniele Franco huet den Ëmfank vun den Hëllefsprogrammer, déi bis elo accordéiert goufen, op 52 Milliarden Euro beziffert. Mam neie Pak géif sech d’Gesamtzomm op 66 Milliarden Euro erhéijen.

Fazit:
Eng Opnam, déi angeeblech e Protest géint d’Stroumpräisser an Italien weise soll, ass al. Se weist a Wierklechkeet eng Demonstratioun géint e rietsextreeme Politiker zu Bologna.

Dësen Artikel vun AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.