Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Video weist keng Iwwerschwemmungen zu Dubai, mee vun Tsunami a Japan

Faktencheck: Video weist keng Iwwerschwemmungen zu Dubai, mee vun Tsunami a Japan - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Déi riseg Autobunne vun Dubai goufen duerch Iwwerschwemmungen nom Rekordreen de 16. Abrëll 2024 verstoppt an et koumen op d’mannst 4 Mënschen ëm d’Liewen. En dramatesche Video, an deem Autoen ewechgespullt goufen, weist awer net de Chaos am Finanzzenter vum Noen Osten, wéi a Sozialen Netzwierker behaapt gëtt.

“Kuckt Iech dat un, Leit. Dubai ass wierklech schlëmm drun”, erzielt eng Fra an engem Facebook-Reel, deen den 19. Abrëll 2024 verëffentlecht gouf.

“Wärend et hei (op de Philippinnen) richteg waarm ass, ginn et et hefteg Iwwerschwemmungen zu Dubai”, seet si op Tagalog, d’Haaptsprooch op de Philippinnen.

De Video weist massiv Wellen, déi Autoen a Frachtcontainer matrappen. D’Sequenz ass awer och mat engem Emblème op Tagalog iwwerzunn, déi iwwersat “Dubai Today” bedeit.

RTL © AFP

Änlech Facebook-Bäiträg hunn de Video e puermol gedeelt (hei, hei an hei).

Op d’mannst véier Mënsche si bei de schwéieren Iwwerschwemmungen an de Vereenegten Arabeschen Emirater ëm d’Liewe komm, dorënner dräi philippinnesch Aarbechter.

Zwou Frae si wärend der Iwwerschwemmung zu Dubai an hirem Auto erstéckt an ee Mann ass gestuerwen, well säin Auto an e Gruef zu Sharjah gestierzt war, wéi de philippinnesche Ministère fir Wanderaarbechter matgedeelt huet.

Zu Ras Al-Chaima, engem weidere vun de siwen Emirater vum uelegräiche Golfstaat, gouf och e 70 Joer ale Mann a sengem Gefier vum Waasser matgerappt.

De Video an de gefälschte Bäiträg weist awer en Tsunami, deen 2011 iwwer déi japanesch Prefektur Iwate eragebrach war – déi schlëmmst Naturkatastroph, déi dat ostasiatescht Land jeemools erlieft huet.

Tsunami a Japan

Eng ëmgekéiert Billersich op Google huet en änleche Video vum japaneschen Tsunami vun 2011 fonnt, deen um YouTube-Kanal vun “Japan News Network” de 25. Februar 2021 publizéiert gi war (archivéierte Link).

Der Bildbeschreiwung no weist de Video “e risegen Tsunami, deen Autoen a Containere laanscht d’Küst vu Miyako City, Prefektur Iwate, matgerappt huet”.

Ënnen ass e Screenshot-Verglach vum gefälschte Bäitrag (lénks) a vum Video vun “Japan News Network” bei 1:57 (riets), mat entspriechenden Elementer, déi vun der AFP ervirgehuewe goufen:

RTL © AFP

D’Äerdbiewen a Japan 2011 hat e mächtegen Tsunami ausgeléist, dee 15.899 Mënschen d’Liewe kascht huet a weidere 2.527 Mënschen, déi vermësst ginn a warscheinlech dout sinn. Dat soen d’Zuele vun der japanescher nationaler Policeagence.

D’Wellen haten esou hefteg ageschloen, dass a villen Uertschaften Haiser bis op hir Fundamenter zerstéiert goufen a Gebidder, déi emol bléiend Landschafte waren, bal komplett eidel stoungen.

D’AFP huet dat wäisst Gebai geolokaliséiert, dat am Hannergrond vum Video no vu Rinkodori, Miyako City an der japanescher Prefektur Iwate ze gesinn ass (archivéierte Link).

E weidere Clip, deen dat selwecht Gebitt zu Miyako City gewisen huet, nodeems sech d’Tsunami-Wellen zeréckgezunn haten, gouf op dem YouTube-Kanal “2011 Japan Tsunami Archives” verëffentlecht (archivéierte Link).

De selwechte Video gouf am Virfeld a Bäiträg an de Sozialen Netzwierker gedeelt, déi en op Neijoerschdag 2024 fälschlecherweis mam Äerdbiewen a Japan a Verbindung bruecht haten.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.