Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Dëse Video staamt net aus dem Al-Schifa-Spidol a Gaza, mee aus Ägypten

Faktencheck: Dëse Video staamt net aus dem Al-Schifa-Spidol a Gaza, mee aus Ägypten - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Déi israeelesch Arméi ass an der Nuecht op de 15. November an d’Al-Schifa-Spidol, dat gréisst an der Gazasträif, agedrongen, wou d’Hamas eng strateegesch Basis opgestallt soll hunn. Dausende Palästinenser sinn op der Flucht virum Krich an d’Spidol geflücht. An dësem Zesummenhang hunn Internetnotzer e Video a sozialen Netzwierker gedeelt, an deem behaapt gëtt, et géif weisen, wéi israeelesch Zaldoten am Spidol ronderëm schéissen.

De 7. Oktober 2023 goufen op israeeleschem Buedem méi wéi 1.200 Mënsche vun Hamas-Kämpfer ëmbruecht, déi meescht vun hinne goufen erschoss, lieweg verbrannt oder verstümmelt, sou israeelesch Autoritéiten. Et handelt sech ëm eng Attack vun engem Ausmooss a vu Brutalitéit, déi et zënter der Grënnung vun Israel am Joer 1948 net méi ginn huet.

Wärend der Attack goufen Donnéeë vun der israeelescher Arméi no ongeféier 240 Mënschen als Geiselen an d’Gazasträif verschleeft.

D’Hamas huet hirersäits den 13. November erkläert, dass op d’mannst 11.000 Mënschen – déi meescht dovun Zivilisten, dorënner bal d’Hallschent Kanner – bei israeelesche Revancheattacken aus der Loft an um Buedem an der Gazasträif ëmbruecht goufen. Nodeem Israel d’Gazasträif den 9. Oktober onzougänglech gemaach hat, si ganz Staddeeler dem Äerdbuedem gläichgemaach ginn a sinn ouni Waasser, Iessen a Stroum. D’Gazasträif gëtt zënter 2007 vun der Hamas kontrolléiert an ënnerläit enger Land-, Séi- a Loftblockad.

Op d’mannst 1,6 vun den 2,4 Millioune Palästinenser an der Gazasträif goufen den Donnéeë vun de Vereenten Natiounen no zënter Krichsufank verdriwwen.

Um Mëttwochmoien dem 15. November 2023 hunn Dosende vun israeeleschen Zaldoten – verschiddener ware maskéiert an hunn an d’Loft geschoss – d’Al-Schifa-Spidol zu Gaza City gestiermt (Link hei archivéiert) an hunn d’Leit opgefuerdert, sech ze erginn, sou e Journalist, dee mat der AFP zesummeschafft an op der Plaz war.

Am Dag huet d’israeelesch Arméi kuerz hir Zaldoten a Panzeren ofgezunn, éier se sech am spéiden Nomëtteg ronderëm d’Anlag opgestallt huet. An der Nuecht vum 15. op de 16. November huet d’Arméi eng nei Operatioun am Al-Schifa-Spidol ugekënnegt.

De risege Spidolkomplex, deen zënter e puer Deeg am Zentrum vun de Kämpf tëscht israeeleschen Zaldoten an islamistesche Kämpfer steet, ass e wichtegt Zil fir Israel, dat geschwuer huet, d’Hamas, déi an der Gazasträif regéiert, ze “vernichten.”

Israel geet dovun aus, dass d’Al-Schifa-Spidol eng wichteg strateegesch Basis vun der Hamas ass, ënner anerem wéinst den Tunnellen ënner dem Komplex. D’Hamas dementéiert dës Uschëllegungen.

An dësem Kontext gouf op X (1, 2) e Video publizéiert, an deem behaapt gëtt, dass “déi israeelesch Besatzungstruppen am Al-Schifa-Spidol ugefaangen hätte mat schéissen”. De selwechte Video ass massiv op Englesch an Arabesch am Ëmlaf. Et gesäit een en zerstéiert Spidol an am Hannergrond si Schëss ze héieren.

RTL © AFP

RTL © AFP

E Video, deen 2013 an Ägypten gemaach gouf

Duerch eng ëmgekéiert Billersich fënnt een awer den Originalvideo op dem YouTube-Kanal (Link hei archivéiert) vu “Rassd News Network” (@RassdNewsN), engem alternative Mediennetzwierk mat Sëtz zu Kairo an Ägypten.

De Video gouf de 16. August 2013 publizéiert. Der Beschreiwung no weist e “gewaltsam Schëss op Prisonéier am Rabaa-Spidol”.

D’Spidol Rabaa Al-Adawiya ass zu Kairo.

De 14. August 2013 (Link hei archivéiert) huet déi ägyptesch Police zwee Rassemblementer vun Unhänger vum gestierzte President Mohammed Mursi op der Nahda-Plaz an der Rabaa-Plaz mat Bulldozeren opgeléist. Dausende vu Pro-Mursi-Unhänger haten d’Plaz zënter engem Mount besat.

De Mohammed Mursi, den éischten demokratesch gewielten ägyptesche President, gouf den 3. Juli no heftegen Demonstratiounen, déi säi Récktrëtt gefuerdert hunn, vun der Arméi ofgesat a verhaft. D’Demonstranten hunn him virgeheit, d’Muecht just zu Gonschte vun der Muslimbrudderschaft u sech ze rappen an eng Wirtschaft, déi souwisou schonn um Buedem louch, ze ruinéieren.

Dëse Coup hat a ganz Ägypten Gewalt ausgeléist, woubäi d’Muslimbrudderschaft, an där de Mohammed Mursi Member war, zu Demonstratiounen opgeruff hat, fir “d’Massaker op en Enn ze bréngen”.

Méi wéi 750 Mënschen, gréisstendeels Pro-Mursi-Unhänger, koume bannent fënnef Deeg bei Zesummestéiss mat der Police ëm d’Liewen, déi hir Demonstratioune systematesch opgeléist haten (Link hei archivéiert).

RTL © AFP

Dëse Video huet deemno näischt mat dem Iwwerfall vun israeeleschen Zaldoten op d’Al-Schifa-Spidol ze dinn.

De 15. November 2023 hunn Zaldote Leit am Al-Schifa-Spidol verhéiert, dorënner Patienten an Dokteren an hu Fraen a Kanner , déi gekrasch hunn, duerchsicht. Israeelesch Panzeren, déi d’Spidol zënter enger Rei Deeg ëmkreest haten, sinn an d’Gebai agedrongen an hunn den Zougang zu verschiddenen Déngschter, ënner anerem zur Urgence, verhënnert, wéi et an dëser Matdeelung vun der AFP steet (Link hei archivéiert).

Honnerte vu Palästinenser hate sech mat erhuewenen Hänn am Haff vum Spidol versammelt, wärend d’Zaldoten an de Gäng vun Zëmmer zu Zëmmer goungen an an d’Luucht geschoss hunn. Si waren offensichtlech op der Sich no Hamas-Kämpfer.

Den Donnéeë vum Gesondheetsministère vun der Hamas-Regierung an der Gazasträif no huet déi israeelesch Arméi de 16. November Bulldozere virum Al-Schifa-Spidol stationéiert.

Eng Rei international Organisatiounen hunn hir Besuergnis iwwer d’Schicksal vun der Zivilbevëlkerung zum Ausdrock bruecht, wärend d’UNO sech “entsat” iwwer déi israeelesch Operatioun geäussert huet.

Ongeféier 2.300 Mënschen, dorënner Patienten, Gesondheetspersonal, a Krichsflüchtlingen, hänken den Informatioune vun de Vereenten Natiounen no am Al-Schifa-Spidol openeen, ouni Waasser a Pëtrol, fir d’Generatore mat Stroum ze versuergen.

Dokteren an international Netregierungsorganisatioune behaapten, dass dës Zivilisten opgrond vun de Kämpf, déi an der Ëmgéigend amgaang sinn, net erauskomme kéinten.

Vill weider Falschinformatiounen am Zesummenhang mam Israel-Hamas-Konflikt goufe vun der AFP iwwerpréift, déi op der Websäit vun AFP Factuel ze fanne sinn.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat (Stand 16. November 2023).

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.