Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: D’UNO huet d’Legaliséierung vu Pedophilie net gefuerdert

Faktencheck: D'UNO huet d'Legaliséierung vu Pedophilie net gefuerdert - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Déi international Juristekommissioun (ICJ) huet zesumme mat de Vereenten Natiounen (UNO) e Leetfuedem fir de juristeschen Ëmgang mat Sexualitéit publizéiert.

A Blog-Artikelen an a sozialen Netzwierker gëtt behaapt, Sex tëscht Erwuessenen a Mannerjäregen op der Welt sollt entkriminaliséiert ginn. Dat entsprécht awer net der Wouerecht. De Rapport vun der ICJ gouf verzerrt duergestallt an d’UNO huet géintiwwer der AFP an ëffentlech matgedeelt, dass si keng däraarteg Positioun ageholl huet.

“Den Internationale Comité vun de Juristen (ICJ) an d’UNAIDS (en Departement vun der UNO) hunn e Rapport publizéiert, an deem si d’Entkriminaliséierung vu Sex tëscht Erwuessenen a Kanner fuerderen”, sou steet et an engem Blog-Artikel, deen op Facebook an op Twitter gedeelt gëtt. Änlech Noriichte sinn och op aneren Internetsäiten opgedaucht n änlech Behaaptunge goufe schonn Enn Abrëll an engleschsproochege Bäiträg op Instagram, Twitter an op Internetsäiten, déi rietsgeriicht sinn, verbreet.

RTL © AFP

D’Behaaptunge stäipe sech op Konspiratiounstheorien iwwer Pedophilie, déi schonn zënter laangem bestinn a sech heefeg géint d’Rechter vu Lesben, Schwulen, Bisexuellen an Transgender-Persoune riicht. Sou gouf et scho Falschmeldungen, déi behaapt hunn, de Weltwirtschaftsforum (WEF) hätt d’Entkriminaliséierung vu Pedophilie gefuerdert.

D’AFP huet schonn an der Vergaangenheet falsch Behaaptungen iwwer Pedophilie ënnersicht. Sou gouf et z.B. déi däitsch Politikerin an aktuell Ausseministesch Annalena Baerbock (Member vun der grénger Partei) beschëllegt, d’Legaliséierung vu Sex mat Kanner gefuerdert ze hunn.

Leitlinne fir Mënscherechter

Déi Artikelen a Bäiträg, déi kierzlech erauskoumen, verzerren d’Aussoe vun engem Rapport vun der ICJ, enger weltwäiter Netregierungsorganisatioun (ONG), déi aus 60 Affekotinnen an Affekoten a Riichterinnen a Riichter besteet, déi sech op d’Verdeedegung vu Mënscherechter konzentréiert. Dësen ICJ-Rapport gouf den 8. Mäerz 2023, um Weltfraendag, publizéiert a gouf och deementspriechend genannt: “D’Grondsätz vum 8. Mäerz fir e mënscherechtsbaséierten Usaz am Strofrecht, déi Verhalensweisen am Zesummenhang mat Sex, Reproduktioun, Drogekonsum, HIV, Obdachlosegkeet an Aarmut verbidden”. An deem Dokument gi Rotschléi iwwer d’Benotze vu Strofgesetzer am Zesummenhang mat Sex a Gesondheet, “konsensuell sexuell Aktivitéiten” abegraff ginn.

D’Dokument ass d’Resultat vun engem Treffen tëscht der ICJ, dem gemeinsame Programm vun de Vereenten Natioune fir HIV an AIDS (UNAIDS) an dem UN-Flüchtlingskommissariat UNHCR am Joer 2018. Et gouf vum ICJ an net vun der UNO verfaasst. Dat huet UNAIDS géintiwwer der AFP confirméiert.

An enger Stellungnam vum 20. Abrëll 2023 huet den ICJ d’Behaaptungen, déi am Internet am Ëmlaf sinn, zeréckgewisen: “D’Verflichtung vun de Vereenten Natiounen, déi sexuell Ausbeutung vu Kanner ze bekämpfen, an den Inhalt vun den ‘The 8 March Principles’ goufen an de sozialen Netzwierker an op Internetsäiten a multipeller Hisiicht falsch duergestallt”, sot den ICJ. “An deem Dokument gëtt weder d’Entkriminaliséierung vu Sex mat Kanner gefuerdert, nach d’Ofschafe vun engem virgeschriwwene Mindestalter fir d’Awëllegung fir Sex. Villméi betount den ICJ, dass d’Staaten no internationalem Recht eendeiteg verflicht sinn, Kanner virun alle Formater vum Mëssbrauch ze schützen.”

An engem Passage vum Dokument heescht et, dass konsensuell sexuell Handlungen ni kriminaliséiert sollte ginn, onofhängeg vun der Aart vun der sexueller Aktivitéit oder vum Geschlecht, vun der sexueller Orientéierung oder vum Familljestand vun de bedeelegte Persounen.

“Wat d’Duerchsetze vum Strofrecht betrëfft, muss all virgeschriwwene Mindestalter fir d’Awëllegung zum Geschlechtsverkéier an net diskriminéierender Weis ugewannt ginn. D’Duerchsetzen dierf net un d’Geschlecht vun de Bedeelegten oder de Mindestalter fir e Bestietnes geknëppt ginn”, heescht et weider säitens dem ICJ. Doriwwer eraus kéinte sexuell Handlungen tëscht Persounen, déi de Mindestalter, deen am jeeweilege Land virgeschriwwen ass, fir d’Awëllegung zum Geschlechtsverkéier net erreecht hunn, konsensuell sinn, wann och net am juristesche Sënn.

An dësem Zesummenhang sollt d’Duerchsetzung vum Strofrecht d’Rechter an d’Fäegkeet vu Persounen ënner 18 Joer erëmspigelen, Entscheedungen iwwer konsensuell sexuell Handlungen ze treffen. Ausserdeem sollten hir Rechter berécksiichtegt ginn, si an Ugeleeënheeten, déi si betreffen, unzehéieren, sou den ICJ géintiwwer der AFP.

UNO schwätzt vu “béiswëllege Falschmeldungen”

Dëse Passage gouf am Bäitrag benotzt, fir d’UNO ze beschëllegen, Gesetzer ze ënnerstëtzen, déi et Erwuessenen erlaben, Sex mat Kanner ze hunn. Dës Behaaptunge wäre “béiswëlleg Falschmeldungen”, sot den UN-Spriecher Stephane Dujarric wärend enger Pressekonferenz den 18. Abrëll. Den Abschnitt hätt mat konsensuelle sexuellen Handlungen tëscht Jugendlechen an engem änlechen Alter ze dinn, sot d’Christine Stegling, stellvertriedend Direktesch fir Politik, Interessevertriedung a Wësse bei UNAIDS.

Beim Uwenne vu Gesetzer wär et net zerguttst, strofrechtlech Sanktioune géint Jugendlecher vun änlechen Alter fir konsensuell, net ausbeuteresch sexuell Aktivitéiten ze verhänken, sot d’Stegling den 21. Abrëll 2023 géintiwwer der AFP. “Et gëtt och unerkannt, dass Jugendlecher den Zougang zum Gesondheetssystem net verspaart sollt ginn. D’UNO ass entschloss, déi sexuell Ausbeutung vu Kanner ze bekämpfen an hält doru fest, dass sexuell Ausbeutung a Mëssbrauch vu Kanner e Verbriechen ass. D’UNO ënnerstëtzt d’Länner beim Schutz vu Kanner.”

Schutz vu Mannerjäregen

D’Aziza Ahmed, Professesch fir Droit op der Boston University, huet géintiwwer der AFP de Schutzalter an déi diskriminéierend Uwennung vu Gesetzer erkläert. An deem Dokument géing et ëm de Schutz vu Mannerjäregen an net dorëm, si a Gefor ze bréngen: “Dëse Rapport fuerdert weder d’Entkriminaliséierung vu Sex tëscht Erwuessenen a Mannerjäregen, nach d’Entkriminaliséierung vu Sex mat Kanner”, huet d’Ahmed an enger E-Mail geschriwwen. An engem Bericht vum ICJ heescht et, dass d’Staate sécherstelle sollten, dass jonk Mënschen net mat strofrechtlechen Ukloe konfrontéiert ginn, wa se ënnerenee konsensuell Handlunge virhuelen.

Der Ahmed no kéinte Jugendlecher a Länner mat “haarde Gesetzer géint LGBT-Persoune” wéinst konsensuellem Geschlechtsverkéier strofrechtlech verfollegt ginn, zum Beispill, wann an deem Land de Schutzalter héich ass an d’Gesetzer keng Bestëmmungen enthalen, déi verhënneren, dass Kanner viru Geriicht gestallt ginn. “Wann d’Geriichter fair handelen a sech un dësem Rapport orientéieren, sollte si kapabel sinn, sécherzestellen, dass déi effektiv Fäegkeet vun der Awëllegung vu jonke Mënsche berécksiichtegt gëtt, amplaz dës Kanner haarde strofrechtleche Konsequenzen ze ënnerzéien”, sot d’Ahmed der AFP.

Fazit: D’UNO wëll sexuell Handlungen tëscht Erwuessenen a Kanner net legaliséieren. An de Blog-Aartikele goufen Aussoen aus offizielle Berichter verzerrt duergestallt. Vertrieder vun der UNO an dem ICJ, souwéi onofhängeg Experten, hunn dat géintiwwer der AFP confirméiert.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.