Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Et gëtt keen neiaartegen, déidleche Méckestach

Faktencheck: Et gëtt keen neiaartegen, déidleche Méckestach - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Am Internet ass zënter 2017 ëmmer nees eng Foto vun engem geschwollene Knéi am Ëmlaf. Déi Foto soll angeeblech e Stach vun enger neiaarteger Méck weisen, dee méiglecherweis déidlech wär. Expertinnen an Experten aus Däitschland, Éisträich, Frankräich an der Belsch hunn dës Bäiträg géintiwwer der AFP awer widderluecht.

Zéngdausende User hunn d’Foto vun engem geschwollene Knéi am Mee 2023 op Facebook gedeelt. An de Bäiträg heescht et, d’Bild géif de Knéi vun engem Meedche weisen, dat den Dag virdru vun enger Méck gepickt gi wär. De Knéi wär duerno rout ugeschwollen. D’Meedchen hätt sech schlapp a schléifreg gefillt, wouropshin et an d’Urgence bruecht gi wär. Do hätt een der Famill erkläert, et géif sech ëm eng nei Zort vun engem Méckestach handelen, dee schwéier Infektiounen ausléise géif. Angeeblech hätt de Stach zum Doud kënne féieren, wann d’Famill méi laang gewaart hätt, wéi et an de Bäiträg steet.

D’Bäiträg ronderëm de Méckestach goufe schonn 2021 a franséischer Sprooch an der Belsch, Frankräich a Kanada verbreet.

RTL © AFP

Bild staamt aus dem Joer 2017

D’Geschicht hanner dem Bild ass schonn e puer Joer al an huet sech net eréischt kierzlech zougedroen, wéi et an de Bäiträg, déi online am Ëmlaf sinn, beschriwwe gëtt.

Den Originalbäitrag mat dëse Fotoe kann ee mat der Hëllef vun enger ëmgekéierter Billersich fannen. Dëse war de 16. Mäerz 2017 eng éischt Kéier op Facebook opgedaucht a gouf an de vergaangene sechs Joer méi wéi dräi Millioune Mol gedeelt.

D’Autorin vum Bäitrag, eng Mamm aus den USA, beschreift doran, wéi hir Duechter vun enger Méck gepickt gouf, wouropshin hire Knéi  wéigedoen hat an ugeschwoll war a si schléifreg gouf. Aus Suerg hätt si d’Duechter an eng Klinick bruecht, wou d’Mamm vun enger neier Zort Méckestach gezielt krut, deen eng Infektioun verursaache géif. Weider schreift si: “Wa mir nach méi laang gewaart hätten, wär se [d’Infektioun, Um. v. d. Red.] an hirem Blutt gewiescht.”

Vun engem Doudesrisiko ass allerdéngs op kenger Plaz ze liesen, wéi an den däitschsproochege Publikatioune behaapt gëtt. An de Kommentarer huet d’Fra erkläert, dass hir Duechter mat Antibiotiquë behandelt gi wär.

RTL © AFP

Keen neien déidleche Méckestach  bekannt

D’AFP huet sech schonn 2021 mat der Behaaptung, déi elo nees online am Ëmlaf ass, beschäftegt. Op Ufro huet d’Sylvie Manguin, Fuerschungscheffin um Institut fir Entwécklungsfuerschung a medezinesch Entomologin op der Universitéit Montpellier, de 7. Juli 2021 erkläert, dass si vu kenger neier Zort vu Méckestach, deen zu schwéieren Infektioune féiere kéint, héieren hätt.

“Zënter 2004 ass d’Tigerméck a Frankräich eng invasiv Aart, déi an 58 Departementer virkënnt”, sou d’Manguin. Där hire Stach wär zwar an de meeschte Fäll net geféierlech, awer “se kann Dengue– oder Chikungunya-Féiwer iwwerdroen, wa se virdrun infizéiert Persoune gepickt huet”.

Am November 2020 hat déi franséisch Gesondheetsagence Santé publique France Dokteren effektiv virun der Méiglechkeet gewarnt, dass sech och Persounen, déi net gereest waren, a Kontinentalfrankräich mat dësen zwou exotesche Krankheeten oder Zika-Virus infizéiere kéinten. “Eng Sensibiliséierung vun de Reesenden ass net ze evitéieren, fir dass si sech an de Reesgebidder viru Méckestéch schützen a bei hirem Retour aus dëse Gebidder (…) sou séier wéi méiglech en Dokter opsichen, wa si opfälleg Unzeechen opweisen”, empfielt d’Gesondheetsagence.

Dengue– a Chikungunya-Féiwer sinn zwou Krankheeten, déi meeschtens harmlos verlafen a symptomatesch behandelt ginn, a munche Fäll awer zu Komplikatioune féiere kënnen. D’Symptomer fir dat sougenannt “klassescht” Dengue-Féiwer sinn änlech wéi bei enger Gripp, wärend dat sougenannt “schwéiert” oder “hämorrhagescht” Dengue-Féiwer wäitaus méi grav ass an an Asien a Latäinamerika “zu enger Haaptursaach fir Hospitalisatiounen an Doudesfäll bei Kanner an Erwuessene” ginn ass, schreift d’Weltgesondheetsagence (WHO) op hirer Internetsäit.

Bei deem Bild, dat online gedeelt gouf, schéngt et sech der Sylvie Manguin no awer ëm keng vun de Krankheeten ze handelen: “Et gesäit éischter aus wéi eng Allergie”, sou d’Fuerscherin. “Et kann och e Stach sinn, dee sech duerch d’Kraze mat knaschtege Fangerneel, ënner deene sech Bakteerie verstoppe kënnen, superinfizéiert huet”.

Bei munche Mënschen, déi zu entzündlechen Iwwerreaktiounen neigen, kéinte Méckestéch och uschwëllen. Awer Fäll vu Méckestéch, déi zu enger Hospitalisatioun féiere kënnen, wären a Frankräich “immens seelen”, huet d’Manguin verséchert: “Ech hunn nach ni dovun héieren”. D’Entomologin huet och op d’Méiglechkeet vun engem Stach duerch en anert Insekt verwisen, zum Beispill vun enger Harespel, déi bei Allergiker en Angioödem, also eng Schwellung vun der Ënnerhaut, ausléise kéint.

Och de Wim Van Bortel, Entomolog um Institut für Tropenmedizin in Antwerpen (ITM), huet 2021 géintiwwer der AFP erkläert, him wär keng nei Zort vu Stach an der Belsch bekannt: “Bei der leschter Kontroll goufen an der Belsch dräi exotesch Mécke fonnt. D’Aarte Aedes koreicus (ursprénglech aus Korea) an Aedes japonicus (ursprénglech aus Japan) kommen an der Belsch vir, verursaachen awer keng Belästegung. D’Tigerméck gëtt reegelméisseg gesinn, huet sech awer nach net etabléiere kënnen”.

D’Isabel Brosius, Beroderin fir Infektiounskrankheeten um ITM, huet och bestätegt, dass eng Hospitalisatioun opgrond vun engem Méckestach “immens seele” wär. “Munch Mënsche reagéiere méi empfindlech op de Spaut vu bestëmmte Méckenaarten”, huet si erkläert. “Wéi staark d’Reaktioun ausfält, hänkt souwuel vun der Persoun wéi och vun der Méck of. Et stëmmt net, dass et eng bestëmmt Méckenaart gëtt, déi bei alle Mënsche ganz staark Schwellungen ervirrifft.”

Fir den Infektiounsrisiko ze vermeiden, réit d’Isabel Brosius, sech sou wéineg wéi méiglech ze krazen: “Wann Dir eng Wonn opkraazt, sollt Dir se sou séier wéi méiglech desinfizéieren. Wann an de Stonnen nom Picken eng Schwellung optrëtt, ass et am beschten, d’Plaz ze killen. Doduerch gëtt d’Reaktioun vun der Haut berouegt.” Sollt keen Äis disponibel sinn, kéint en Antihistaminikum fir d’Behandlung vun allergesche Symptomer hëllefen. Sollt par conter an den nächsten Deeg eng Schwellung optrieden, déi wéideet,  kéint et sech ëm eng Infektioun handelen. “An dësem Fall sollt Dir bei Ären Dokter goen”, réit d’Isabel Brosius.

Op AFP-Ufro hat och den Hans-Peter Führer, Fuerscher um Institut fir Parasitologie vun der Veterinärmedezinnescher Universitéit Wien, de 4. August 2021 erkläert, och an Éisträich géif et just e relativ gerénge Risiko bei Mustiken. “Allerdéngs breet sech déi asiatesch Tigerméck an Europa aus – a gouf och schonn zu Wien nogewisen. Dës kann Dengue, Chikungunya an Zika iwwerdroen.”

Zu der Foto huet de Führer erkläert: “Op Mustike reagéiert een esou eigentlech net. Bei Gnitzen a Simuliidae [Famill vun de Schwaarzmécken, Um. v. d. Red.] kann dat geschéien.” Duerch wéi eng Méckenaart d’Schwellung ervirgeruff gi wär, géif sech unhand vum Stach net soen, et géif sech awer wuel ëm eng Sekundärinfektioun duerch Opkrazen handelen.

De Michael Ramharter, Chef vun der Bernhard-Nocht-Ambulanz vum Universitätsklinikum Hamburg-Eppendorf, huet de 26. Mee 2023 géintiwwer der AFP erkläert, dass d’Schwellung, déi op der Foto ze gesinn ass, éischter un eng bakteriell Superinfektioun erënnere géif. “Dat ass seelen, kann awer am Prinzip no all Stach vun engem Insekt geschéien, wa Keimer an d’Wonn kommen. Eng nei Zort vu Mustik oder vu Méckestach ass eis net bekannt.”

Fazit: Et gëtt an Däitschland an am Rescht vun Europa keng nei Méckenaart, där hire Stach besonnesch geféierlech ass. D’Bild, dat online gedeelt gëtt, ass schonn zënter 2017 am Internet ënnerwee. D’Autorin vum Original-Bäitrag huet ni do geschwat, dass de Stach potenziell déidlech wär. Experten an Expertinnen, déi vun der AFP kontaktéiert goufen, hunn och erkläert, et wär keng nei déidlech Zort vu Méckestach bekannt. D’Foto géif warscheinlech eng Infektioun weisen.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.