Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Huet den Joe Biden hei vergiess, de Xi Jinping ze begréissen?

Faktencheck: Huet den Joe Biden hei vergiess, de Xi Jinping ze begréissen? - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

De chineesesche Staatschef Xi Jinping an den US-President Joe Biden hu sech am November 2023 zu San Francisco getraff, fir do un de Bezéiungen tëscht béide Länner ze schaffen. E Bild, dat an de Sozialen Netzwierker am Ëmlaf ass an dat beim Sommet entstane soll sinn, weist angeeblech de Biden, wéi hien an déi falsch Richtung kuckt, wärend hien de Xi begréisst. Mä dat Bild ass manipuléiert.

RTL © AFP

De 15. November 2023 hu sech den US-amerikanesche President Biden a säi chineeseschen Homolog Xi Jinping um Bord vun der järlecher Woch vun der asiatesch-pazifescher Wirtschaftskooperatioun (APEC) zu Woodside, Kalifornien getraff, fir eng Rei u bilateralen Ugeleeënheeten ze beschwätzen. Et war déi éischt Renconter vu béide Staatscheffen zënter hirem Zesummekommen um Bord vum G20-Sommet 2022 op Bali.

De Biden ass dacks d’Zil vu verännerten oder aus dem Kontext gerappten Opnamen, déi hie bi ëffentleche Veranstaltunge verwiert ausgesi loossen. Dat spillt deejéinege Skeptiker an d’Hänn, déi behaapten, de Biden wär mat 81 Joer ze al, fir säin Amt ausüben ze kënnen. Dat gefälscht Bild vum Biden mam Xi ass en neit Beispill fir dësen Trend.

Den AFP-Fotograf Brendan Smialowski huet eng Rei Fotoe vum Biden geschoss, wéi hie bei senger Arrivée op engem Wiesen an der Géigend vu San Francisco de Xi Jinping begréisst an him d’Hand gereecht huet.

RTL © AFP

RTL © AFP

Souwuel d’AFP wéi och aner Norichtenorganisatiounen hunn ausserdeem Videoopname gemaach, wéi déi zwee hir Gefierer verlooss hunn an an d’Gebai gaange sinn. Zu kengem Zäitpunkt dréint de Biden dem Xi de Réck, nach ignoréiert hien de Xi.

Fazit: Dem Biden säin héijen Alter gëtt vu senge Géigner dacks dofir benotzt, seng Aptitude fir dëst Amt a Fro ze stellen. Och eng Foto, déi aktuell op X am Ëmlaf ass, soll dës Erzielung stäipen. Se ass allerdéngs gefälscht. Zu kengem Zäitpunkt stoung de Biden bei der Begréissung vum Xi Jinping falsch, och huet hien de chineesesche President net ignoréiert. Dat beleeën Originalopname vun der AFP an anere Medienorganisatiounen.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.