Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Huet et an de Stroosse vu Peking Wierm gereent?

Faktencheck: Huet et an de Stroosse vu Peking Wierm gereent? - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

E Video, deen honnertdausende Mol am Internet gekuckt a vun e puer traditionelle Medien op der ganzer Welt opgegraff gouf, weist angeeblech e “Wuermreen”, deen zu Peking erofgefall soll sinn.

Awer dës Biller, déi an der Provënz Liaoning am Nordoste vun China gefilmt goufen, weisen a Wierklechkeet Bléie vu Pëppelen, sougenannt Miissercher, déi am Fréijoer an dëser Regioun besonnesch vill optrieden.

E supposéierte “Wuermreen” a seng “wéineg appetitlech” Biller sinn zënter Ufank Mäerz an de sozialen Netzwierker viral gaangen. Den 8. Mäerz hunn d’Internetsäit India.com an den Twitter-Account vu Rio Times iwwer d’Evenement vum “Wuermreen” bericht, woubäi anscheinend Wierm zu Dausenden op den Autoe louchen. An de Bäiträg gouf och gesot, dass dës Opnamen angeeblech zu Peking gefilmt gi wären.

RTL © AFP

Zwee Deeg méi spéit gouf de Video an engem Artikel vun der US-amerikanescher Boulevardzeitung New York Post opgegraff.

Et fënnt een dës Biller nach ëmmer op YouTube, virun allem an dësem Video vum 11. Mäerz 2023, wou op Chineesesch ze liesen ass: “Magescht Phenomen vu Reewierm, China erlieft e Wuermreen”.

Dee selwechte Video ass och nach ëmmer a verschiddene Sproochen op YouTube, Twitter, Facebook an um Netzwierk Gettr, dat an Amerika ganz populär ass, ze gesinn.

A Frankräich goufen d’Biller an hir Feelinterpretatioun ouni weider Kommentarer oder Erklärung op Facebook gedeelt, awer och vu verschiddene Medien, wéi dem Sender LCI, verbreet. An deem Extrait ënnendrënner, deen ë.a. op Instagram publizéiert gouf, bericht e Journalist, dass dës Biller “zu Peking a China” opgeholl gi wären a schwätzt vun engem “seelenen, awer bekannte Wiederphenomen”, vun heftege Loftstéiss, déi kleng Déieren erophiewen an transportéiere kënnen.

De Magasinn Paris Match huet och op dës Biller higewisen, och wann d’Pist vun de Pëppelbléien ernimmt gëtt, hëlt an dësem Artikel d’Thees vun engem Reewuerm-Tornado vill Plaz an.

D’Phenomen vu Wandspëtzten, déi kleng Déieren transportéieren, gëtt et zwar, wéi beispillsweis d’BBC an National Geographic 2014 iwwer Fësch op Sri Lanka bericht hunn, mee wéi mir gesi wäerten, passen d’Biller, déi d’AFP ënnersicht huet, net dozou.

Aner Schlagzeilen, wéi am Midi Libre oder bei Geo, hunn dëse Video och opgegraff an um Enn vum Artikel eng Erklärung fir dës Biller ginn – Pëppelbléien -, nodeems se verschidden Theorien detailléiert beschriwwen hunn. Si hu vun Tornadoe geschwat, awer och vun Déieren, déi opgrond vum Mound aus dem Buedem koumen, awer och en Zeeche vun der Apokalyps gouf thematiséiert; genee wéi an dësem Video op Facebook.

De virale Video weist awer vill Pëppelmiissercher, d.h. Bléien, déi fir d’Reproduktioun vun de Beem déngen. Der Definitioun vum Larousse no ass e Kätzchen eng “Bléi, déi verschiddene Beem eegen ass an aus winzegen unisexuelle Bléie besteet. (Eech, Nëssert an Hieselter hu männlech Kätzchen; Weid, Pëppel a Bich hu weiblech Kätzchen.)”

Pëppelmiissercher

Wann ee sech d’Nummereschëlter vun de geparkten Autoen genee ukuckt, kann ee gesinn, dass et sech ëm Nummereschëlter vun der Stad Shenyang an der Provënz Liaoning am Nordoste vu China handelt.

D’Sich no Schlësselwierder an der Sichmaschinn Baidu, woubäi Nimm vun de Geschäfter, déi am Video ze gesi sinn, benotzt goufen, weist, dass de Video zu Shenyang gefilmt gouf, an der Wenhua Road, an net zu Peking.

Hei sinn zwee Screenshots, déi d’Biller am Video op der lénker Säit mat deenen op Baidu Maps op der rietser Säit vergläichen:

RTL © AFP

En Employé mam Numm Zhang, deen an engem Restaurant an der Géigend vun der Plaz schafft, wou de Video gedréint gouf, huet der AFP den 28. Mäerz 2023 confirméiert, dass et vill Pëppelen an der Wenhua Road gëtt, deenen hir Bléien all Fréijoer gutt ze erkenne sinn.

“Ech gesinn all Joer zu Shenyang Bléie vu Pëppelen op d’Strooss falen”, huet hien erkläert.

Den Här Zhang huet souguer Fotoe virum Restaurant gemaach, an deem hie schafft, a se weise Pëppelen an hir Bléien:

RTL © AFP

Pëppelen, Beem mat Miissercher, déi zur Famill vun de Weide gehéieren, stamen aus der nërdlecher Hemisphär. Hir Miissercher, Bléien a Form vun Zylinder, kommen all Fréijoer op, éier d’Blieder wuessen, fir d’Pollinisatioun ze erliichteren.

China huet den Donnéeë vun der Ernierungs- a Landwirtschaftsorganisatioun vun de Vereenten Natiounen (FAO) no virun allem an den nërdleche Provënze vum Land eng “besonnesch räich” Villfalt u Pëppelen.

De Büro fir ëffentlech Uerdnung vum chineesesche Ministère fir ëffentlech Sécherheet huet den 12. Mäerz och matgedeelt, dass de Video, deen an de sozialen Netzwierker gedeelt gouf, Pëppelmiissercher weise géif.

De Shi Jun, Member vun der Kommissioun fir Wëssenschaftskommunikatioun vun der chineesescher Botanik-Gesellschaft, huet den 12. Mäerz eng Rei Fotoe mat esou Miissercher publizéiert, zesumme mam Hashtag zu dësem Video.

Et kann een also e Screenshot vum Video op der lénker Säit mat de Fotoe vum Här Shi op der rietser Säit vergläichen:

RTL © AFP

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.