Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Éier dem Trump säi Mug Shot public gouf, ware Fakes am Ëmlaf

Faktencheck: Éier dem Trump säi Mug Shot public gouf, ware Fakes am Ëmlaf - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Dem Donald Trump seng historesch Policefoto huet am Internet Milliounen u Reaktiounen ausgeléist, nodeems den US-Bundesstaat Georgia déi Foto verëffentlecht hat.

RTL
Facebook

Déi supposéiert Foto goung op Instagram, TikTok an X, fréier Twitter, viral. Awer d’Bild ass net dat, dat d’Autoritéiten vum Prisong zu Fulton County  verëffentlecht hunn.

Den fréiere President war de 24. August 2023 virun engem Geriicht an Georgia wéinst Virwërf vun organiséiertem Verbrieche virstelleg ginn, déi sech aus senge Beméiungen ergoufen, d’Resultater vun de Walen 2020 ze kippen. Dësen Optrëtt war eng éischt Etapp fir de Prozess, deen am nächste Joer ulafe wäert. Insgesamt ass et de véierte Geriichtsprozess fir den Donald Trump wärend sengem Bestriewen, d’Wäisst Haus nees zeréckzëerueweren.

An engem Interview mam fréiere Fox-News-Presentateur Tucker Carlson, deen am Virlaf opgezeechent gouf an zäitgläich mat der republikanescher Pimary-Debatt op der Tëlee op der Plattform X gepost gouf, huet den Trump d’Uschëllegungen als “Onsënn” zeréckgewisen.

An de Stonne viru senger Verhaftung goufe Policefotoe vu senge Matugeklote verëffentlecht, wat d’Virfreed bei den Notzer vu sozialen Netzwierker klamme gelooss huet, déi op d’Foto vum Ex-President gewaart hunn – deen éischten an der amerikanescher Geschicht, dee strofrechtlech poursuivéiert gëtt.

Deen Owend huet den Trump seng Foto op Truth Social an X gepost, säin éischte Bäitrag op der leschtgenannter Plattform säit Januar 2021. De Büro vum Sheriff vu Fulton County huet d’Foto och u Medienorganisatioune wéi d’AFP verschéckt.

Et ënnerscheet sech vun deenen, déi online am Ëmlaf sinn.

RTL
© FULTON COUNTY SHERIFF’S OFFICE

Eng ëmgekéiert Billersich weist d’Foto vum Trump mat enger gesträifter Krawatt an engem Pin mam amerikanesche Fändel, déi ursprénglech vun engem Reuters-Fotograf den 20. November 2020 am Wäissen Haus geschoss gouf (hei archivéiert). Et schéngt wéi wann den Hannergrond vun der Foto retuschéiert gi wär an doduerch der wierklecher Policefoto vum Trump änlech gesäit.

RTL

© Reuters

Et war net déi eenzeg gefälscht Foto, déi am Internet am Ëmlaf war. Eng Foto vum Trump, déi mat kënschtlecher Intelligenz (KI) fabrizéiert gouf, war ëmmer nees opgedaucht, obwuel se virdrun als Fälschung opgedeckt gouf.

“Policefoto vum Donald Trump grad erakomm, W oder L?”, heescht et an engem Bäitrag op X vum 23. August.

RTL

D’Foto weist Ofwäichungen, déi typesch fir KI-generéiert Biller sinn, dorënner den onsënnegen Text un der Mauer an onschaarf Detailer ronderëm de Kapp vum fréiere President.

D’AFP huet an der Vergaangenheet schonn aner KI-generéiert Biller vum Trump als Fälschung opgedeckt (hei an hei).

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.