Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Opluede vu Batterien am Waasser net méiglech a geféierlech

Faktencheck: Opluede vu Batterien am Waasser net méiglech a geféierlech - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Am Kontext vun der Energiekris a wärend d’Fransousen ermontert ginn, Energie ze spueren, gouf op Facebook e Video vun iwwer 54.000 franséischsproochegen Notzer gedeelt, dee behaapt, en “Trick” ze weisen, wéi ee Batterien onendlech laang “opluede” kéint, andeem ee se a kachend Waasser daucht.

“Batteriefabricke wëllen net, dass Dir dat wësst”, steet an der Beschreiwung vun engem Video, deen zanter dem 14. Dezember 2022 iwwer 51.000 Mol gedeelt a vun iwwer dräi Millioune Leit op Facebook gekuckt gouf.

Et gesäit een, wéi eng Persoun elektresch Batterien, déi “eidel” solle sinn, a kachendem Waasser erhëtzt, éier se a kaalt, mat Äis gefëlltent Waasser gedaucht ginn. D’Persoun verséchert, hir Batterien op dës Manéier “oplueden” ze kënnen a behaapt souguer, “ni méi” eng “Batterie” kaaft ze hunn, nodeem si dësen “Trick” entdeckt hätt.

RTL Capture d'écran réalisée sur Facebook, le 22/12/2022

RTL Capture d'écran réalisée sur Facebook, le 22/12/2022

Mee opgepasst, dës Manipulatioun erméiglecht keen “Opluede” vu Batterien a kann och Gefore bereethalen, wéi dräi Fuerscher an de Generaldirekter vun enger vun de chargéierten Recycling-Entreprisen, déi d’Batterien an Akkuen a Frankräich asammelen, der AFP soten.

Net nees opluedbar Batterien

Elektresch Batterië kënnen Energie duerch eng cheemesch Reaktioun hierstellen. Et gëtt verschidden Typpen, vun deenen e puer erëm opluedbar sinn (z.B. Akkuen a Mobiltelefonen) an anerer, déi een net erëm opluede kann (déi meescht Alkali- oder Salzbatterien, déi fir d’Stroumversuergung vun Telecommanden, Luuchten, asw. benotzt ginn).

“Et muss een tëscht de sougenannte Primärbatterien, also Batterien, déi een net erëm opluede kann, an de Sekundärbatterien, déi e System hunn, deen erëm opluedbar ass, ënnerscheeden. Et handelt sech ëm komplett verschidden Technologien, grad well e puer cheemesch Reaktioune reversibel sinn an anerer net”, huet d’Charlotte Gervillié, Fuerscherin um Collège de France am Laboratoire “Chimie du Solide et Energie“, der AFP den 21. Dezember 2022 erkläert.

Den Donnéeë vun Experten no, déi vun der AFP kontaktéiert goufen, gehéieren d’Batterien, déi am virale Video an de sozialen Netzwierker ze gesi sinn, zu der Kategorie vun de Primärbatterien.

“Bei Primärbatterien, déi een net nees opluede kann, kann et a verschiddene Fäll zu enger cheemescher Reaktioun kommen. Dës cheemesch Reaktioun ka vill Energie produzéieren, dowéinst wäerte mir an Zukunft Batterien hunn, déi eng laang Zäit funktionéiere wäerten. Et wäert awer just an eng Richtung goen, a souguer wann een Energie vu baussen abréngt, kann een net an déi entgéintgesat Richtung goen an d’Batterie “oplueden”, sot d’Charlotte Gervillié weider.

“Per Definitioun ass eng Batterie net reversibel”, huet d’Katia Araujo Da Silva, Professesch fir Materialchimie op der Universitéit Clermont Auvergne, den 21. Dezember der AFP bestätegt. Si huet preziséiert, dass et awer méiglech wär, “op kënschtlechem Wee e bëssen Energie” aus enger Batterie, déi um Enn ass, ze gewannen.

Batterie komplett eidel maachen, amplaz “opzelueden”

Et kann nämlech virkommen, dass eng Batterie, déi komplett eidel ze si schéngt, no e bësse Rouzäit a fir eng ganz kuerz Zäit en Apparat nees mat Stroum versuerge kann. Dat bedeit net, dass se “opgeluede” wär, mee villméi, dass se net komplett eidel war”, erkläert de Patrice Simon, Professer op der Universitéit Toulouse III – Paul Sabatier a Member vun der franséischer Académie des sciences, den 21. Dezember géintiwwer der AFP.

“Wann Är Batterie wierklech eidel ass, bei 0 %, kënnt Dir se net ouni Stroum oplueden. Awer wat heiansdo geschitt, ass, wann Dir Salzbatterië benotzt, z.B. fir eng Luucht, déi Dir laang uloosst, dass d’Luucht iergendwann ausgeet. Wann Dir probéiert, se direkt erëm unzemaachen, funktionéiert se net. Allerdéngs ass d’Batterie net onbedéngt komplett eidel. Well den néidege Stroumbedarf ze héich war, ass d’Spannung an der Batterie opgrond vun ënnerschiddlechen Ionekonzentratiounen an den Elektrode séier erofgaangen. Awer wann een déi selwecht Batterie e puer Stonne méi spéit nees benotzt, ka se e bëssen Energie ofginn”, huet de Chimiesprofesser erkläert.

An an dësem Fall kann d’Erwierme vun der Batterie – awer net op extreem Temperaturen – d’Recuperatioun vun der Energie, déi iwwereg ass, acceleréieren. “Dat nennt een Diffusioun vu geléisten Deeler an den Elektroden. Mir mussen de geléisten Deeler Zäit ginn, fir hir Konzentratioun auszegläichen. Wa mir d’Batterie erhëtzen, geet et méi séier. Duerch d’Erhëtze produzéiere mir Energie, wat bedeit, dass déi geléist Deeler méi mobil sinn. Esou kënne mir d’Batterie komplett eidel maachen”, huet de Patrice Simon erkläert.

D’Fuerscher, déi vun der AFP kontaktéiert goufen, roden ausdrécklech dovun of, Batterien oder Akkuen ze erwiermen, souguer wa se komplett eidel sollte sinn. Si weisen dorop hin, dass d’Energie, déi een “zeréckgewanne” kann, souwisou geréng ass an en plus besteet d’Gefor vu cheemesche Sekundärreaktiounen, déi geféierlech kënne sinn.

Eng geféierlech Experienz

Doriwwer eraus kënnen d’Manipulatiounen am Video geféierlech sinn, wéi déi véier Experten, déi vun der AFP befrot goufen, hiweisen.

“Batterië si cheemesch Systemer, méi prezis gesot elektrocheemesch. Eng Batterie besteet aus enger positiver Elektrod, enger negativer Elektrod an engem Elektrolyt. D’Oxid-Reduktiouns-Raktiounen op béide Säiten (positiven an negative Pol) erméiglechen d’Hierstelle vun Elektrizitéit, woubäi een Ion fräigesat gëtt, deen duerch den Elektrolyt – déi leedend Substanz – iwwerdroe gëtt. Mir hunn zimmlech komplex Reaktioune souwuel um Niveau vun de Materialie vun den Elektroden, wéi och um Niveau vum Elektrolyt, deen eng Flëssegkeet ass”, huet d’Charlotte Gervillié detailléiert beschriwwen.

Net all Batterien (Alkali, Salz, Lithium, …) benotzen déi selwecht Komponenten, mee schaffen no deem selwechte Prinzip, fir Energie ze produzéieren.

“Eng Batterie besteet aus e puer relativ relativ geleefege Materialie wéi Zénk, Eisen, Mangan, Néckel, Bläi oder Legéierunge wéi Stol oder Messing. Se brauch ausserdeem Pabeier, dee voll mat Elektrolyt ass, Kuel, e Stolläffel (fir d’Verpackung) an e Collecteur fir de Stroum (Staang oder Metallplack). Jee no Technologie sinn och méi kleng Quantitéite vu méi seelene Metaller wéi Lithium oder Kobalt ze fannen. D’Batterië sinn och dacks vun engem Kokon aus Plastik ëmginn, fir se ze schützen”, wéi et beispillsweis op der Websäit vu Corepile, enger vun de wichtegste Recyclingorganisatiounen, déi fir d’Asammele vu Batterien a Frankräich zoustänneg ass, ze liesen ass.

RTL Des piles usagées, le 18 septembre 2012 à Marseille. ( AFP / GERARD JULIEN)

Vu dass dës Komponenten ënnerschiddlech op extreem Temperaturschwankunge reagéiere kënnen, kann d’Kache “geféierlech Niewewierkungen ausléisen”, warnt d’Katia Araujo Da Silva.

Jee no Zesummesetzung vun der Batterie kann et souguer ganz geféierlech sinn“, füügt de Patrice Simon bäi. “Virun allem, wann Dir primär Lithium-Batterië benotzt, déi bei 180 Grad schmëlzen. Bei 80-90 Grad gëtt de Lithium mëll, de Separateur zerfält a mir kënnen e Kuerzschloss ausléisen. A wann nach e bëssen Energie an der Batterie ass a mir e Kuerzen ausléisen, kann et zu enger hefteger Reaktioun kommen an de Rescht vun der Energie wäert sech a Sekonnebrochdeeler entlueden”, wéi de Fuerscher beschriwwen huet.

An dësem Fall “kann et zu gasfërmegen Emissioune kommen an d’Batterie ka mat Gewalt opgoen an den Inhalt kann eraussprëtzen”, wéi hien illustréiert huet.

Souguer bei aneren Typpe vu Batterie “kéint et geschéien, dass eng korrosiv an zimmlech gëfteg Flëssegkeet austrëtt, an et kann och Gas fräigesat ginn”, erkläert d’Charlotte Gervillié. “Natierlech sinn dës Systemer net gemaach, fir op 100 Grad erhëtzt ze ginn, an nach manner a Waasser, wat Stroum leede kann”, sot si.

Doriwwer eraus kann d’Tatsaach, dass de Konschtstoff, dee ronderëm d’Batterie ass, am Video schmëlzt – wéi d’Persoun am Video selwer matdeelt -, dorop hindeiten, dass d’Batterie net méi waasserdicht ass, dass e puer Bestanddeeler beschiedegt goufen a se dohier net méi benotzt sollte ginn.

Wat an deem Video gemaach gëtt, ass wierklech eppes, dat een net recommandéiere kann. Am schlëmmste Fall mécht een eng grouss Dommheet, an am beschte Fall kann ee  fir e puer Sekonnen Energie zeréckgewannen“, huet de Patrice Simon resuméiert.

“Dat ass absolut net ze recommandéieren. Et wär méi räsonabel, de Prescriptioune vum Hiersteller ze follegen, déi erklären, wéi hir Produkter benotzt sollte ginn”, ergänzt den Emmanuel Toussaint Dauvergne, Generaldirekter vu Screlec, engem vun den zwee Haaptorganismen, déi fir d’Asammele vu Batterien an Akkuen a Frankräich zoustänneg sinn, den 21. Dezember der AFP.

De Recyclage vu Batterien

Wann d’Batterien och net méi opgeluede kënne ginn, si se awer recycléierbar. A Frankräich gëtt et vill Sammelplaze fir Batterien an Akkuen, z.B. a Supermarchéen oder Entreprisen. Am Dezember 2022 gouf et a Frankräich méi wéi 64.000 Sammelplazen, sot den Emmanuel Toussaint Dauvergne.

Se goufen am Kader vum sougenannte “pollueur-payeur“-Prinzip oder vun der “erweiderter Responsabilitéit vun den Hiersteller” agesat. Dëse System gesäit vir, dass déi Responsabel vu Géigestänn, deenen hir Hierstellung ëmweltschiedlech ass, zu deenen hirem Recyclage bäidroen.

“Wann ech Produzent sinn an e Produit hierstellen, muss ech bei der Finanzéierung vun engem System bäidroen, deen et mir erméiglecht, dëse Produit ze entsuergen, wann zu engem Offallprodukt ginn ass”, huet den Emmanuel Toussaint Dauvergne erkläert.

RTL Des piles provenant de produits électroménagers sont entreposées dans une déchetterie de l'entreprise Véolia, le 14 janvier 2008 à Gonesse ( AFP / MARTIN BUREAU)

Déi gesammelt Batterië ginn dann an Zortéierzentre bruecht, wou déi eenzel Materialie getrennt ginn. Dës ginn dann u bestëmmt Fabricke geschéckt, fir do recycléiert ze ginn.

Zu de Materialien, déi erëm benotzt kënne ginn, gehéieren “Zénk, dat fir d’Diech vu Paräis oder fir d’Hierstelle vu Schlëssele benotzt gëtt”, “de Stolläffel, dee mam Schrott verschwënnt an a Stolwierker verwäert gëtt” oder “d’Verpackung vun der Batterie mam Numm vun der Mark, déi benotzt gëtt, fir Energie ze produzéieren, andeem se verbrannt gëtt”, wéi den Emmanuel Toussaint Dauvergne detailléiert beschriwwen huet.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.