Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Stënterlechen Häerzdoud steet net a Relatioun mat Covid-Impfungen

Faktencheck: Stënterlechen Häerzdoud steet net a Relatioun mat Covid-Impfungen - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Den SADS oder “stënterlechen Erwuessenendoud-Syndrom” soll kreéiert gi sinn, fir Doudesfäll am Zesummenhang mat Covid-19-Impfstoffer ze rechtfäerdegen, heescht et a verschiddene Blogartikelen, déi zënter Mëtt Juni publizéiert goufen.

“Stënterlech Doudesfäll, déi duerch den Impfstoff ausgeléist ginn, sinn an der Tëschenzäit sou wäit verbreet, dass se him den Numm Syndrom ginn hunn: de stënterlechen Erwuessenendoud-Syndrom (SADS)”, heescht et a Blogartikelen (hei, hei, hei), déi zënter Mëtt Juni e puer honnert Mol gedeelt goufen.

RTL Capture d'écran, prise le 08/07/2022

RTL Capture d'écran, prise le 08/07/2022

Internetnotzer hunn och verséchert, dass nieft dem “stënterlechen Erwuessenendoud-Syndrom”, deen als Equivalent zum “stënterleche Kandsdoud” (SIDS – Akronym fir “Sudden Infant Death Syndrome“) bezeechent gëtt. Och de Kandsdoud géif mat der Vaccinatioun a Verbindung stoen.

Änlech Behaaptunge goufen zënter Mëtt Juni an engleschsproochege Bäiträg op Facebook, Twitter an Instagram verbreet.

Zwee Wëssenschaftler, déi vun der AFP befrot goufen, hunn awer erkläert, dass weder SIDS nach SADS, déi zënter ville Jore bekannt sinn, zu méiglechen Niewewierkunge vun enger Impfung géint Covid-19 zielen, Stand Enn Juni 2022.

De stënterleche Kandsdoud a säin engleschen Akronym SIDS

SIDS steet fir “Sudden infant death syndrome“, op deen an de sozialen Netzwierker verwise gëtt, a korrespondéiert mam “stënterlechen Doud vun engem Puppelchen aus dem Näischt, deen net unhand vun de Virerkrankunge vum Puppelche virausgesot ka ginn”, erkläert den Observatoire national français des MIN (OMIN), deen ënner anerem fir de Recensement vun Donnéeën iwwer stënterlech Doudesfäll bei Kanner (franséisch Mort inattendue du nourrisson, kuerz MIN) zoustänneg ass, op sengem Site.

Dës onerwaart Doudesfäll ereegene sech “meeschtens am Schlof” vu Puppelcher a kënnen “e Puppelchen am Alter vun 0 bis 24 Méint betreffen, awer an 8 vun 10 Fäll triede se virum sechste Liewensmount op”, heescht et op der Websäit vun den Hopitaux Civils de Lyon.

Am Laf vun de Joren haten dës onerwaart Doudesfäll bei Puppelcher divers Nimm, wéi aus enger nationaler Enquête ervirgoung, déi op der Websäit vu Santé Publique France iwwer stënterlech Doudesfäll bei Puppelcher tëscht 2007 an 2009 publizéiert gouf. “D’Konzept vum stënterleche Kandsdoud (SIDS) daucht am angelsächsege Raum schonn am 19. Joerhonnert ënnert dem Begrëff “Sudden Infant Death Syndrome” op: Et handelt sech ëm gesond Kanner, déi ouni erkennbar Explikatioun dout an der Wéi leiend opfonnt goufen”, heescht et an der Enquête.

Sou gëtt SIDS vun de nordamerikanesche Gesondheetsagencen ëmfaassend dokumentéiert. De kanadesche Gesondheetsministère weist op enger Säit zu dësem Syndrom dorop hin, dass et sech ëm de “stënterlechen Doud vun engem Puppelchen am Alter vun ënner engem Joer wärend dem Schlof handelt, deen och no ausféierlechen Examen, zum Beispill dem Examinéiere vun der Plaz vum Doud, enger Anamnees an enger vollstänneger Autopsie, onerklärlech bleift.”

Déi genee Ursaach fir de stënterlechen Doud vu Puppelcher ass dohier nach ëmmer onbekannt. Hir Zuel ass a Kanada allgemeng réckleefeg, zemools d’Land ugefaangen huet, Elteren ze roden, hir Puppelcher op de Réck ze leeën, fir hinnen d’Ootmung net ze erschwéieren. An Etüde konnten och aner Facteuren, wéi d’Nieren, mat engem manner gerénge Risiko fir de stënterleche Kandsdoud associéiert ginn.

RTL Une femme porte un nouveau-né à l'hôpital “Communautaire de Référence” à Port-Salut, à Haiti, le 18 août 2021 ( AFP / Reginald LOUISSAINT JR)

Zënter 1975 ass d’Zuel vun stënterlechen Doudesfäll bei Kanner a Frankräich allgemeng zeréckgaangen, wéi aus Recherchë vun der Agence Santé Publique France aus dem 2008 ervirgeet. An awer stellt den OMIN fest, dass “Frankräich mat 250-350 Doudesfäll pro Joer weiderhin eent vun de Länner mat engem héijen Taux u MIN an Europa ass”, a füügt dobäi, dass “trotz dem Réckgang vum Taux duerch Preventiounscampagnen an de fréien 90er Joren, de stënterlechen Doud an industrialiséierte Länner, besonnesch a Frankräich, weiderhin d’Haaptursaach fir Doudesfäll bei Puppelcher am Alter vun engem Mount bis engem Joer ass.”

Nieft de Behaaptungen, déi an de sozialen Netzwierker verbreet ginn, dass SIDS (an SADS) mat der Covid-Impfung a Relatioun stinn, gëtt et och aner viral Behaaptungen, virun allem an Nordamerika, déi zënter e puer Joer am Ëmlaf sinn a sech besonnesch un Eltere vu Klengkanner riichten. An dëse Behaaptungen heescht et, dass de Syndrom generell mat der Impfung a Relatioun steet.

De Gesondheetsagencë vu Kanada an den USA no gëtt et bis elo awer keng Donnéeën, déi beleeën, dass d’Impfung de Risiko fir onerwaart Doudesfäll bei Puppelcher vergréissere géif. Am Géigendeel, Impfungen “erhéijen net de Risiko vun SIDS, mä kënnen e souguer verréngeren”, sou de kanadesche Gesondheetsministère.

D’CDC (Centers for Disease Control and Prevention), déi féierend Gesondheetsagence an den USA, schreiwen op hirer Websäit, dass “Etüden zur Konklusioun kommen, dass Impfstoffer weder SIDS ausléisen nach mat SIDS a Relatioun stinn.”

D’Rachel Moon, Presidentin vun der SIDS-Fuerschungsgrupp vun der amerikanescher Vereenegung fir Pediatrie, hat schonn am Juli 2021 géintiwwer der AFP-Faktencheck-Ekipp an den USA erkläert, dass zwar den Zäitraum, an deem den SIDS-Risiko bei Puppelcher héich ass, an den Zäitraum, an deem Puppelcher geimpft ginn, zesummenhänken. “Etüden hunn dës Fro ënnersicht a festgestallt, dass kee kausalen Zesummenhang besteet, wat bedeit, dass et sech ëm en temporalen Zoufall handelt.”

De stënterlechen Häerzdoud-Syndrom, oder SADS

An de sozialen Netzwierker gëtt och behaapt, dass d’Doudesfäll, déi duerch d’Impfunge verursaacht goufen, ënnert der Bezeechnung SADS regruppéiert goufen, wat op Englesch och als “Sudden Arrythmia Death Syndrome” bezeechent gëtt an an de Publikatiounen als “Sudden Adult Death Syndrome” iwwersat gouf.

Et handelt sech dobäi ëm “eng Villzuel vun Häerzrhythmusstéierungen, déi oft geneetesch bedéngt sinn a bei scheinbar gesonde jonke Mënschen zum stënterlechen Doud féiere kënnen”, heescht et op der Websäit vun der kanadescher Fondatioun fir de stënterlechen Häerzdoud-Syndrom.

Zu den Häerzrhythmusstéierungen, déi esou bezeechent kënne ginn, gehéieren de Long-QT-Syndrom, d’Tachycardie ventriculaire polymorphe catécholaminergique (TVPC), de Brugada-Syndrom, d’Cardiomyopathie ventriculaire droite arythmogène (CVDA), de Short-QT-Syndrom an den Timothy-Syndrom. Dës féieren zu engem anormalen Häerzrhythmus (Arrhythmie), deen zum Häerzstëllstand an zum Doud féiere kann, wann en net behandelt gëtt.

SADS-Krankheete sinn awer net nei, wéi an de Behaaptungen an de sozialen Netzwierker ugeholl gëtt, seet de Cyrus Hadadi, stellvertriedenden Direkter fir Häerzrhythmusfuerschung um MedStar Heart & Vascular Institute zu Washington. Senger Meenung no gouf den éischte Fall an Däitschland am nonzéngte Joerhonnert dokumentéiert.

Als Kardiologe behandele mir SADS zënter Joren“, huet hien de 24. Juni 2022 géintiwwer der AFP verséchert. Hien huet dobäigefüügt, dass SADS-Stéierungen, obwuel all Fall eenzegaarteg ass, geneetesch bedéngt sinn, well d’Warscheinlechkeet, dass Kanner d’Krankheet vun hiren Elteren ierwen, bei 50 % läit. Doriwwer eraus huet de Cyrus Hadadi verséchert, dass et keen Zesummenhang tëscht Impfstoffer an Häerzrhythmusstéierunge gëtt. “Et gëtt keng Hiweiser dorop, dass SADS duerch d’Impfung géint Covid-19 verursaacht gouf”, sot hien an huet dobäigefüügt, dass hien a leschter Zäit keng Hausse vun SADS-Fäll observéiert hätt.

De kanadesche Gesondheetsminstère huet der AFP den 23. Juni matgedeelt, dass em zënter dem Ufank vun der Impfcampagne géint Covid-19 keng Augmentatioun vun SADS-Fäll bekannt wär. “Bis elo goufen no enger Impfung géint Covid-19 weder bei der Gesondheetsagence nach bei Santé Canada [de kanadesche Gesondheetsministère, Um. v. d. Red.] Fäll vun SADS signaliséiert”, deelt de kanadesche Gesondheetsministère mat. “D’Virdeeler vun den a Kanada zougeloossenen Impfstoffer iwwerweie weiderhin”, huet Santé Canada weider matgedeelt.

D'”Fondation SADS” an de Vereenegte Staaten, déi hirer Websäit no aus Familljen a Professionellen aus dem Gesondheetsberäich besteet, déi “d’Versuergung vu Mënsche mat Häerzrhythmusstéierungen, déi zum stënterlechen Doud féiere kënnen, virundreiwen”, recommandéiert och, dass SADS-Patienten den Impfstoff géint Covid-19 gesprëtzt sollte kréien. “Et gëtt keng Hiweiser dorop, dass déi disponibel Impfstoffer géint Covid-19 d’Optriede vun SADS ausléisen oder et verschlëmmeren”, huet d’Fondatioun den 21. Juni an engem Communiqué erkläert.

A Frankräich gehéiert SADS net zu den iwwerwaachten Niewewierkunge vu Covid-Impfstoffer, wéi an den FAQ vun der Websäit “vaccination info-service”, Stand vum 7. Juli, steet.

Eng Etüd, déi den 23. Juni an der Fachzäitschrëft The Lancet Infectious Diseases publizéiert gouf, huet Donnéeën aus 185 Länner a Gebidder ausgewäert a koum zur Konklusioun, dass Covid-19-Impfstoffer bannent engem Joer no hirer Aféierung bal 20 Milliounen Doudesfäll verhënnert hunn.

Myokarditis ass keen SADS

Doriwwer eraus goufen no der Impfung géint Covid-19 seele Fäll vu Myokarditis, also Häerzmuskelentzündungen, an Perikarditis, eng Entzündung vun der Häerzmembran, bekannt a gi vun de Gesondheetsagencen zënter dem Ufank vun der Impfcampagne géint Covid fir déi ganz Populatioun a Frankräich iwwerwaacht, wéi an dësem Artikel beschriwwen.

Dës Häerzentzündungen ënnerscheede sech awer vun SADS, déi den Jeffrey Hsu, Kardiolog vum Gesondheetsdepartement vun der University of California zu Los Angeles (UCLA), den 23. Juni der AFP matgedeelt huet. “Myokarditis ass en Zoustand, bei deem et eng Entzündung vum Häerzgeweebe gëtt, wärend SADS e stënterlechen Doud ass, deen duerch Zoustänn ausgeléist gëtt, bei deenen d’Häerzgeweebe normal ze si schéngt”, huet hien erkläert. “Et gëtt kee Beweis dofir, dass Covid-19-Impfstoffer eng vun de Krankheeten ausléisen, déi zu SADS féiere kënnen”, huet den Jeffrey Hsu resuméiert.

Zënter dem Ufank vun der Covid-19-Pandemie goufe vill Etüden a wëssenschaftlech Publikatiounen an de sozialen Netzwierker falsch oder ierféierend interpretéiert. Am Mee 2020 hat d’AFP verschidden Unhaltspunkten an engem Artikel genannt. D’AFP huet zënter dem Ufank vun der Pandemie, Stand vum 23. Juni 2022, méi wéi 770 Verifizéierungsartikelen a franséischer Sprooch am Zesummenhang mat Covid-19 realiséiert.

Dësen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.