Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: War déi indesch Moundlandung gefaked?

Faktencheck: War déi indesch Moundlandung gefaked? - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Den 23. August war d’Raumsonde Chandrayaan-3, déi de 14. Juli vun der indescher Raumfaartagence ISRO gestart gouf, um Mound gelant. Bei dëser Geleeënheet huet d’ISRO eng animéiert Computersimulatioun vun der Moundlandung live iwwerdroen. Dës Biller goufe vun Internetnotzer weiderginn, déi och behaapt hunn, se wären e Beweis dofir, dass d’Moundlandung net stattfonnt hätt.

Den Dag no der Landung vun der indescher Raumsonde Chandrayaan-3 den 23. August goufe Videoe mat animéierte Biller vun enger gieler Raumsonde um Mound verëffentlecht. Et huet sech ëm eng computeraniméiert Simulatioun gehandelt, déi vun der ISRO live iwwerdroe gouf, fir den Internetnotzer d’Méiglechkeet ze ginn, de Fortschrëtt vun der Operatioun ze verfollegen.

E puer Videoe schénge vun Handye gefilmt ginn ze sinn, déi e Bildschierm opzeechnen, op deem d’Simulatioun iwwerdroe gëtt.

Awer eng Rei Internetnotzer hunn dës Simulatiounsbiller – bei deenen et sech offensichtlech net ëm echt Biller handelt, déi op der Plaz gefilmt goufen – benotzt, fir ze behaapten, se wären de Beweis dofir, dass d’Moundlandung net stattfonnt hätt.

“Déi indesch Weltraummissioun huet hir (gefälscht) Moundlandung erfollegräich ofgeschloss”, heescht et op X (fréier Twitter) den Dag no der Weltraummissioun.

“Dat ass d’indesch Moundlandung, dat ass den offizielle Video, deen ass nach méi Fake wéi dee vun der NASA”, heescht et an engem Facebook-Bäitrag de selwechten Dag, dee sech op déi wäitgoend entmystifizéiert Konspiratiounstheorie bezitt, déi behaapt, dass d’Biller vun der Moundlandung, déi d’NASA am Juli 1969 diffuséiert hat, an engem Hollywood-Studio gedréit goufen.

RTL © AFP

“Fir déijéineg, déi NACH ËMMER net doru gleewen, hei ass déi indesch Moundlandung vum 23. August 2023 (genannt chandrayaan-3), […] Dir wäert déi monstréis a graff Mediepropaganda erkennen, déi dës Maskarad fir 5-Järeger verbreet”, huet en Internetnotzer den 29. August op Facebook geschriwwen.

De 24. August huet en Notzer op TikTok gemengt: “Et ass erstaunlech, dass de Video méi schlecht ass wéi 1969.”

Mä wéi mir gesi wäerten, gouf dëse Video vun der ISRO net als Biller vun der Moundlandung als solch presentéiert, mä als eng Simulatioun vun der Moundlandung.

Simulatioun vun der Missioun

E Wëssenschaftler vun der ISRO, deen anonym bleiwe wëll, huet der AFP den 31. August erkläert, dass d’Biller an de sozialen Netzwierker vun enger Simulatioun vun der Moundlandung stamen. “Mir suivéieren d’Raumsonde wärend hirer gesamter Rees duerch Simulatoren an Daten, déi mir kritt hunn”, huet hien erkläert.

Den Andrew Dempster, Direkter vum australesche Fuerschungszenter fir Raumfaarttechnik, huet dës Behaaptungen och widderluecht.

“Et ass eendeiteg eng Simulatioun, fir den Zoustand vun der Raumsonde ze weisen”, sot hien der AFP de 5. September. “Et ass onméiglech, dass et eng echt Kamera gëtt, fir dës Biller opzezeechnen”, sot hie weider.

Biller, déi déi selwecht Simulatioun weisen, goufen och vun der AFP op hirem YouTube-Kanal diffuséiert (hei archivéiert).

Zënter der Moundlandung dokumentéiert d’ISRO d’Arrivée vun der Sonde um Mound zënter hirem Opsetzen.

Zënter hirer erfollegräicher Moundlandung um wäitgoend onerfuerschte Südpol vum Mound huet déi indesch Sonde ugefaangen, d’Uewerfläch vum Mound mat engem sechsriedrege Solarrover ze erfuerschen (hei archivéiert), deen déi wäitgoend onerfuerscht Regioun kartographéiere soll. De Rover huet scho wärend senger zwou Woche laanger Liewensdauer mat der Iwwerdroung vu Biller a wëssenschaftlechen Daten ugefaangen, déi ee schonn op der Internetsäit vun der ISRO (hei, hei, an hei) consultéiere kann (Links hei, hei an hei archivéiert), awer och op hirem Kont op der Plattform X (hei archivéiert).

D’NASA hat hirersäits Biller vun der Landeplaz vun der Chandrayaan-3 op hirer Internetsäit verëffentlecht (hei archivéiert).

D’AFP hat schonn d’Desinformatioun opgedeckt, déi sech ronderëm d’Chandrayaan-3-Missioun verbreet hat (hei an hei archivéiert), déi et Indien erméiglecht huet, an den zimmlech zouene Krees vu Länner (USA, China, Russland) virzestoussen, deenen et gelonge war, eng Sonde erfollegräich um Mound ze landen.

No dëser Moundlandung huet Indien e Samschdeg, den 2. September, eng Sonde Destinatioun Sonn gestart.

D’Sonde Aditya-L1, “Sonn” op Hindi, gouf um 11.50 Auer (06.20 Auer GMT) gestart an eng Liveiwwerdroung op der Tëlee huet honnerte vun Zuschauer gewisen, déi dem Geräisch vum Start vun der Rakéit applaudéiert hunn. E YouTube-Video vum Start, dee vum indesche Fernseesender NDTV diffuséiert gouf (hei archivéiert), ass ëmmer nach online an d’ISRO verëffentlecht reegelméisseg d’Fortschrëtter vun der Sonde op hirer Internetsäit (hei archivéiert).

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.