Wëssenschaftler soen, dass d’Rekordnidderschléi an de Vereenegten Arabesch Emirater am Abrëll héchstwarscheinlech duerch déi global Erwiermung verschlëmmert goufen. Am Géigesaz dozou hu Bäiträg a Sozialen Netzwierker behaapt, dass d’Séie vu Wolleken dofir schëlleg wär.
Den meteorologeschen Zenter vun den Emirater sot, et hätt wärend den Iwwerschwemmunge keng esou Operatiounen duerchgeféiert.
“Opgrond vum exzessiven Asaz vu Sëlwerjodid fir d’Hierstellung vu kënschtlechem Reen huet Dubai seng stäerkst Nidderschléi op engem Dag zënter dem Ufank vun de meteorologeschen Opzeechnungen am Joer 1949 erlieft”. Esou liest sech e vereinfachte chineesesche Bäitrag op Weibo vum 18. Abrëll 2024.
Bei der kënschtlecher Hierstellung vu Ree ginn an der Reegel Fligeren agesat, déi an d’Wolleke fléien a Sëlwerjodid séien, fir Reen ze produzéieren.
Déi Vereenegt Arabesch Emirater gehéieren zu den dréchenste Länner op der Welt a setzen zënter Jore Fligere fir d’Séie vu Wolleken (Engl. Cloud Seeding) an, fir et kënschtlech reenen ze loossen.
© AFP
Méi wéi 20 Mënsche waren am Oman a véier an de Vereenegten Arabeschen Emirater gestuerwen, wéi Iwwerschwemmungen déi uelegräich Länner am Abrëll heemgesicht hunn.
De Rekordreen – déi heftegst an de VAE zënter dem Ufank vun den Opzeechnunge viru 75 Joer – haten Haiser, Stroossen an Akafszentren iwwerschwemmt an de Fluchhafe vun Dubai gezwongen, méi wéi 2.000 Flich ze sträichen.
De Weibo-Hashtag “artificial rainfall causes flooding in Dubai” (Lëtz. “Kënschtleche Ree léisst Iwwerschwemmungen zu Dubai aus”) gouf méi wéi 3 Millioune Mol opgeruff, wärend Bäiträg, déi d’Séie vu Wolleke fir de Schloree responsabel maachen, weltwäit a Sprooche wéi Englesch, Franséisch, Spuenesch, Griichesch, Hollännesch a Koreanesch ëmhier goungen.
E Vertrieder vum Nationalen Zenter fir Meteorologie vun de Vereenegten Arabeschen Emirater sot der AFP den 22. Abrëll, dass et “keng Operatioune fir Séie vu Wolleke wärend dësem Wiederphenomeen duerchgeféiert goufen”.
Wärenddeem soe Klimawëssenschaftler, dass d’Héichwaasser héchstwarscheinlech duerch déi global Erwiermung verschlëmmert gouf.
Ierféierend
D’Friederike Otto,Klimatologin um Imperial College London a Co-Cheffin vun der World Weather Attribution (WWA) Grupp, sot, et wär “ierféierend”, sech op d’Séie vu Wolleken ze konzentréieren.
Déi stäerkst Reefäll zu Dubai zënter 75 Joer sinn net op d’Séie vu Wolleken zeréckzeféieren”, sot si géintiwwer der AFP. “Wa mir iwwer Staarkree schwätzen, musse mir och iwwer de Klimawandel schwätzen.”
De Klimawandel, deen duerch anthropogeen Zäregasen ausgeléist gëtt, léisst extreem Wiederphenomeener méi dacks a méi intensiv optrieden. Eng méi waarm Atmosphär hält méi Fiichtegkeet, wat zu méi staarke Reefäll an Iwwerschwemmunge féiere kann.
Eng vun 21 internationale Fuerscher zesummegestallt WWA-Etüd ergouf, dass déi global Erwiermung déi hefteg Reefäll, déi d’Iwwerschwemmungen an de VAE an am Oman ausgeléist haten, “héchstwarscheinlech” verschlëmmert hunn (Link archivéiert).
Extreem Néierschléi sinn an der Regioun an den El-Nino-Joren ëm 10-40 Prozent méi staark ginn, sot d’Grupp – bezunn op dat natierlecht virkommend Klimaphenomeen, dat mat méi staarken Néierschléi an Deeler vun der Welt verbonnen ass (archivéierte Link).
D’WWA huet bäigefüügt, dass d’Séie vu Wolleke keen Afloss op de Rekordree gehat hätt.
“Ugesiichts vun der enormer Gréisst vum Stuermsystem wäre massiv Néierschléi erofkomm, onofhängeg dovun, ob (Cloud-Seeding-)Operatiounen duerchgeféiert goufen”, heescht et.
De Reolof Burger, Professer fir Geo- a Raumwëssenschaften op der North-West University a Südafrika, sot, et wär “immens onwarscheinlech”, dass d’Reewaasser duerch d’Séie vu Wolleke mat klenge Fligeren ausgeléist gi wären.
“Dat war esou e staarke Reesystem, dass et iwwerhaapt net noutwendeg war, Wolleken ze séien”, sot hien der AFP.
De Stuerm wär en “immens grousse Reesystem” gewiescht, mat Extreemen net just zu Dubai, mee och am Oman, Iran a Saudiarabien, huet hie bäigefüügt.
D’AFP huet an der Vergaangenheet weider Desinformatiounen iwwer de Klimawandel opgedeckt.
Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.