D’Europäesch Unioun ënnerstëtzt d’Ukrain géint de russeschen Ugrëffskrich.
Am November 2024 gouf a Sozialen Netzwierker e Video vun Deputéierte vum Europäesche Parlament gedeelt, déi groussen Applaus ginn hunn. An deem Video gëtt behaapt, si géife wéinst der Entscheedung applaudéieren, dass d’Ukrain amerikanesch Rakéiten op Ziler a Russland schéissen dierft.
A Wierklechkeet war den Applaus am Video awer fir Ried vum Wolodymyr Selenskyj, déi hie wärend enger Participatioun un enger ausseruerdentlecher Parlamentssëtzung gehalen hat. D’Entscheedung fir d’Notze vun amerikanesche Rakéite gëtt doran awer net ernimmt.
“Onvirstellbar! Applaus a Standing Ovations am EU-Parlament fir d’Notzungsgeneemegung vun amerikanesche Rakéiten”, heescht et an der Beschreiwung vun engem Video an engem Telegram-Bäitrag vum 20. November 2024. De Video weist Deputéiert aus dem Europäesche Parlament, wéi si opgestane sinn, fir ze applaudéieren, wärend den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj op enger Leinwand ze gesinn ass.
De Video gouf mat dëser Behaaptung och op de Plattformen X a Facebook souwéi an diverse Sproochen, dorënner Englesch, Spuenesch an Ungaresch, gedeelt.
De 17. November 2024 hunn d’USA Kiew den Accord ginn, amerikanesch ATACMS-Rakéiten (Army Tactical Missile System) géint militäresch Ziler a Russland anzesetzen. Méi spéit huet de Kreml confirméiert, dass russesch Ziler mat dësem Waffesystem getraff goufen an huet e Vergeltungsschlag ugekënnegt. D’Reaktioun vun Däitschland war, weiderhin Hëllefen zouzesécheren an huet 4000 Drone mat enger méi grousser Reechwäit geliwwert, wat awer schonn am Juni 2024 annoncéiert gi war.
Selenskyj huet virum EU-Parlament geschwat
Den 13 Sekonne laange Video, deen am Internet gedeelt gëtt, schéngt e Sëtzungssall vum Europäesche Parlament mat Fändele vun EU-Memberstaaten ze weise souwéi Deputéiert, déi mat Bléck op den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj op enger Leinwand applaudéieren. Am Ufank ass ausserdeem z’erkennen, dass d’Opname vun der Sëtzplaz 647 aus gemaach goufen. Dem Sëtzplang vum Plenarsall vum Europäesche Parlament no sëtzt hei den däitschen EU-Deputéierten Tomasz Froelich vun der AfD.
Den Originalvideo gouf den 19. November 2024 op dem Froelich sengem Kont bei X publizéiert (hei archivéiert). A sengem Bäitrag huet de Politiker net geschriwwen, dass de Bäifall fir d’Ofschossgeneemegung vun US-Rakéiten duerch d’Ukrain op Ziler a Russland gegëllt huet. Hien huet awer kritiséiert, dass d’Europäescht Parlament de Selenskyj ënnerstëtzt an dass d’USA gréng Luucht fir d’Notzung vun hire Rakéite géint Ziler a Russland ginn hunn.
Eng ëmgekéiert Billersich no Standbiller vum Video huet zu engem änleche Video geféiert, dee vun enger anerer Sëtzplaz aus opgeholl an de selwechten Dag vun der Mina Andreeva, Spriecherin vun der Parlamentspresidentin Roberta Metsola, publizéiert gi war (hei archivéiert). Am Bäitrag mam Video hat d’Andreeva geschriwwen: “1.000 Deeg laang hunn d’Leit an der Ukrain der Welt gewisen, wéi wierklech Daperkeet ausgesäit. Si sinn opgestanen an hu sech geweigert, opzeginn. Hiert Vollek ass eng Inspiratioun fir jiddereen, deen d’Fräiheet op der ganzer Welt schätzt.” Och de polneschen onofhängegen Deputéierte Łukasz Kohut huet e Video, deen dës Zeen weist, gedeelt (hei archivéiert).
Den 19. November 2024 huet de Selenskyj iwwer Livestream eng Ried wärend enger ausseruerdentlecher Plenarsëtzung vum Europäesche Parlament zum 1.000. Dag zënter der russescher Attack op d’Ukrain gehalen (hei archivéiert). E puer Europadeputéiert sinn um Enn opgestanen, fir dem Selenskyj ze applaudéieren (am Video circa ab Minutt 12:10, hei archivéiert).
A senger Ried, déi op der offizieller Internetsäit vum Europäesche Parlament als Video souwéi op der offizieller Internetsäit vun der ukrainescher Regierung an Textform disponibel ass, huet de Selenskyj keng US-Rakéiten ernimmt (hei an hei archivéiert). Déi eenzeg Kéier, wéi hien an der Ried d’Wuert “Rakéit” benotzt huet, huet hie sech op d’Noutwendegkeet bezunn, Russland “seng Fäegkeete bei der Hierstellung vu Rakéiten” ze huelen.
De Presseservice vum Europäesche Parlament huet de 4. Dezember 2024 op AFP-Ufro confirméiert, dass d’Deputéiert net fir den Ofschoss vun enger Rakéit applaudéiert hunn an “de Video Deel vum Selenskyj senger Ried wärend der ausseruerdentlecher Plenarsëtzung en Dënschdeg, den 19. November, ass”.
D’AFP huet an der Vergaangenheet schonn eng Rëtsch Falschinformatiounen iwwer d’europäesch Institutioune widderluecht, wéi beispillsweis d’Falschbehaaptung, d’Europäescht Parlament hätt d’Vetorecht vun de Memberstaaten ofgeschaaft.
Fazit: E Video vun Deputéierten aus dem Europäesche Parlament, deen am Internet am Ëmlaf ass, weist si beim Applaudéieren nom Wolodymyr Selenskyj senger Ried ulässlech der ausseruerdentlecher Plenarsëtzung fir 1.000 Deeg zënter dem russeschen Ugrëffskrich op d’Ukrain. D’Opnamen hunn näischt mat enger Ofschossgeneemegung vun US-Rakéiten op russescht Staatsgebitt duerch d’Ukrain ze dinn.
Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.