Si Koppelen zu Lëtzebuerg verflicht, Sex ze hunn? Gëtt esou e Refus am Fall vun enger Scheedung als “Feeler” ugesinn? D’Fro kléngt wéi aus dem Mëttelalter, mä se ass zimmlech aktuell. Hei sinn d’Meenunge vun enger Affekotin, enger Sexologin a vum Justizministère.
Gesellschaft
Den US-President Donald Trump huet zweemol e Video gedeelt, an deem behaapt gëtt, Walmart géif méi wéi 250 Butteker a Kalifornien opgrond vum Mindestloun vun 22 Dollar d’Stonn, deen de Gouverneur Gavin Newsom ageféiert huet, zoumaachen.
Den 3. Februar koum et an de Paräisser Büroe vum Sozialen Netzwierk X zu enger Perquisitioun, déi am Kader vun enger Enquête iwwer angeeblech Feelentwécklunge bei der Plattform duerchgeféiert gouf. An dësem Zesummenhang ware séier angeeblech Fotoe vun der Hausduerchsichung am Internet.
Wéi den amerikaneschen Dropgänger Alex Honnold am Januar 2026 ouni Sécherung op den héchsten Wollekekrazert vun Taiwan geklommen ass, gouf dat live iwwer déi ganz Welt gestreamt.
Kanada huet de Status, d’Riedelen eliminéiert ze hunn, 2025 verluer. An och a ganz Nordamerika kënnt et ëmmer nees zu Ausbréch.
Den Doud vun der Renée Nicole Good, enger amerikanescher Fra a Mamm, déi de 7. Januar erschoss gouf, wéi si wärend enger Razzia vun der Immigratiounsagence ICE zu Minneapolis an hirem Auto souz, huet an de Vereenegte Staate vill Emotiounen ausgeléist. No der Dot hunn Internetnotzer séier Fotoe vum Affer verëffentlecht.
5G ass déi fënneft Generatioun vum Mobilfunkstandard, déi zënter 2019 ageféiert gëtt. Enger am November 2025 kurséierender Behaaptung no géif 5G e “mëllt Verkuele vum Liewen op der Äerd” ausléisen, änlech wéi eng Mikrowell Narung erwierme géif. Fachleit hunn awer erkläert, dass de Verglach net richteg a 5G bei Anhale vun de gesetzleche Sécherheetsvirgabe sécher wier. En Zitat vun engem Medezinner, dat ugeféiert gëtt, wär ausserdeem net korrekt.
Applikatioune wéi ChatGPT, déi komplett mat Kënschtlecher Intelligenz funktionéieren, hunn ongeféier an der Hallschent vun de Fäll, wa si zu aktuellen Evenementer an den Noriichte befrot goufen, Feeler gemaach. Dat ergouf eng grouss ugeluecht Etüd vun europäeschen ëffentlech-rechtleche Radiostatiounen, déi den 22. Oktober 2025 verëffentlecht gouf. Zu de Feeler hunn d’Verwiesslung vun Noriichte mat Parodien, falschen Datumer oder einfach d’Erfanne vun Evenementer gehéiert.
McDonald’s ass déi weltwäit gréisste Fast-Food-Ketten. Hire gréisste Maart baussent den USA ass Frankräich mat bal 1.600 Restauranten. Op TikTok hunn eng Rëtsch Videoen, déi am Oktober 2025 viral goungen, behaapt, dass sech d’Restaurante vum Fast-Food-Gigant a Frankräich dorop preparéiere géifen, vun November 2025 un zu 100 Prozent halal ze sinn.
Mat hirer LGBTIQ+-Gläichstellungsstrategie fir d’Joren 2026 bis 2030 wëll d’Europäesch Kommissioun d’Zesummenaarbecht vun den EU-Staate bei Gläichstellungsfroe stäerken an d’Diskriminéierung bekämpfen.